TELEE - De Kontext
Woufir steet d'Wëssenschaft? Wat muss änneren?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
- Fernand Fehlen, Besserwësser
- Fred Keup, gescheiterte Geos-Proff
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
-
Yuppy21.12.2023Mäin Härz geet och mat der Commemoratiounsfeier fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv. Wellkommen fir d’Madame Pelosi Nancy hei am Land.
-
MELLECHKOU21.12.2023Wéinie gëllt Euro ouni Grenzen fir Kontroll vun dën Autoen.
-
tetrapack21.12.2023Get et eigentlich én Emoji mat engem Gehier?
-
Minettsdap21.12.2023Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
gestressten21.12.2023Een Sturm am Wasserglas