FOTOEN - Tëscht Neimillen an Leidelenger Gare
Yacht rennt an Tëff
Photo: nes jumpman
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Nei_Hei12.09.2023d'CSV fuerdert scho nees .... majo...sii hu jo soss néischt ze dinn!!! Waat as dann äre richtëge Plang, Kompass!??
-
DatAssMengAnalyse12.09.2023Ginn Iech 100 % Recht. Wat hei leeft am Land ass kontraproduktiv. Mir brauchen Industrie hei an net nëmmen Banken, Botzfirmaen, Entrepreneuren a Staatsbeamten !
-
den Trellert12.09.2023Top dat do. Zu Bouffer (Bofferding) am CIPA huet Directioun, no 2 Wochen wou mer dierften eis Famill am CIPA besiche goen, net nëmmen nach keng Méiglechkeet geschaaf fir sech an engem Raum mat sengen Léiwsten ze treffen, nee wann een baussen stoe bleift fir mat der Mamm déi op hierem Balkon steet ze schwätzen, da gëtt ee vum Direkter vum Terrain vum CIPA eroof gehäit. An engem Mail un d'Familljen gëtt souguer kloer gesot Famill dierf just vum Parking um direkte Wee zur Entrée fir Wäsch etc. ze bréngen, an dann direkt rëm zréck bei den Auto. ET ASS NET ERLAAPT LÄNGER UM TERRAIN ZE BLEIWEN. Top Directioun vum Servior CIPA vu Bouffer. Schéinen Sonndeg Winandy Claude
-
Nei_Hei12.09.2023Ech mengen do huet vill Neid geschwat de moien, ech géif mol gär wessen wéi eng CSV oder ADR des Pandemie gemeeschtert hätt, gleewen net dass et besser wär,an et war keen den méi haut gejaut huet am Lockdown wéi d'CSV fir dass rem alles soll opgoen,et as immens einfach alles nemmen ze kritiséieren an géint alles ze stëmmen....
-
Nei_Hei12.09.2023Wat fir eng Zäitverschwendung. Keng aner Partei well mat deenen zesumme schaffen, oder vläicht awer d’Piraten?
-
Iddefix12.09.2023Super Eva weider sou
-
de_Fern12.09.2023A Wierklechkeet ass et vill méi wéi 4,2% ... et brauch ee nëmmen d'Präisexplosioun an de Supermarchéen ze kucken ... do gëtt et Saachen déi ... 30% ... 40% .. 50% .. an d'Luucht gaange sinn ! Sou Artikelen ... déi ginn dann ganz einfach net méi kaaf !
-
Donald Duck12.09.2023Ech menge schon, datt Chaussures Léon selwer kapabel sinn hiir ege Reklammen ze finanzéieren an et net néideg hunn op eng Madamm Cahen zreckzegräifen?! Ech perséinlech fannen et keck fir sech grad just elo an der Summervakanz esou e Spaass ze erlaben. D’Reaktioun vun der CSV seet ons jo genuch wou de Schong wirklech ëmmer nach dreckt. Nämlech an hiiren egene Reihen! Et muss wirklech schlëmm sinn wann een op der Oppositiounsbänk sëtzt a net emol Spaass versteet?! Dir macht iech d’Liewe selwer schwéier, gitt dach emol méi positiv aplaz iech selwer ëmmer erëm Leed ze don an op déi aner ze klappen...... A fir dann och nach dat Wuert Deontologie an d’Spill ze brengen...... Aua!!!