TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Regierung? Fräiwëlleg oder gezwongen?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- François Bausch, nach ëmmer op der véierter Iwwerhuelspuer
- Serge Tonnar, Rebell, Kënschtler, Mënsch
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Carlo Thelen, Retter vum Wirtschaftswuesstem
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
-
LibrePenseur16.11.2023Mi zéien nach emmer dat grouss Kapital op Lëtzebuerg. Dat verschaaft ons zwar am Moment prass gefëllten Staatskeesen, mais zu wat fir engem Preis? Et get Zeit fir eng Ännerung vun der Politik.
-
guy116.11.2023Dee dee hei emmer kritiseeren, sollen Regierung weidder schaffe loosen, si wessen schon waat se maachen. Schoulen sollen opmachen wee den H. Meisch et gesoot huet. Ouder ass et villeicht vun deenen Elteren gewollt dee weider de Congé partiel welle kreen (also net brauche schaffen ze goen) fir Schoulen net opzemaachen.
-
Komplet_Wurscht16.11.2023do laachen awer lo d hinnger bei seou enger aroganz
-
Gaardebounen16.11.2023o.k. ech duerf kee plastiks Chalümo mei gebrauchen, ech duerf kee Plastik ukucken, soss tröfft mech de Blötz... mee fir Peischt Croisiere (ech vergonne Jidferengem sei Spaass), Vakanzreese mam Fliger, opp Expo opp Dubai etc gin löschteg Reklame gemeet, och vu Politiker ... W.e.g erklärt mer, wei engt Yoghurtsdöpchen, opp der falscher Plaatz, am groen Drecksdöppen eis Welt dem Önnergank mei no brengt...?
-
den_Schockeierten16.11.2023Eis Kanner sin elo schons deelweis traumatiséiert! Wann se nëmmen bessien Schnapp hun, dann si se schons an der Angscht datt se Corona hun, oder een anëren ugestach hun, deen elo muss stierwen...!!!!😢😢😢
-
Eieiei16.11.2023Ohhh wie ist das schöön 💙⚒
-
Mister X16.11.2023et get Zeit, dass Wahlpflicht hei am Land och opgehuewen get, et get sech sowieso net un de Wiehler hir Voten gehaal
-
WouereschtdeetWei16.11.2023Wisou stellt den Här Bausch sech net mol an déi vun him provozéiert Stauen...?
-
Misanthrop16.11.2023Géint de Verdeelungskampf fir d'grouss Mass kënn ech näischt hunn. Ech fäerten awer, dass dat näischt gëtt, ech fäerten, dass d'Profitgier vun epuer dat verhënnere werd, fir dass si duerno erëm ganz héich uewen op der Treppchen vun de Begënschtegte stoe kënnen.
-
Kriddelschass16.11.2023Eisen Staats ann Gemengenapparat ass iwerdriwen déier ann net esou efficace wéi en misst duerch déi vill Ausgaben sinn. Mier därfen net weider den Féeler maachen fier matt der Briechstang Land ann Firmaen nei ann d‘Land eranzehuelen matt den Zil doduerch weider iwerdriwwen heich Beamtengehälter ann Pensiounen ze bezuelen. D‘Kapital muss méi gerecht bestéiert ginn, Allocatiounen oder Subventiounen just do ausbezuelt ginn wou éen réellen Besoin ass. Vill ze vill Geld gett vum Staat ann Gemengen zur Fenster erausgeheit duerch Expertisen, Conterexpertisen , Etüden dropp ann dowiddert ,falsch Planung, ze héich Paien ann Pensiounen fier déi erbruechten Leeschtung asw asw. Den gaanzen Modell Letzebuerg muss ann Fro gestallt ginn. D‘Liewensqualitéit hellt permanent oof fier dass éen klengen Grapp vun Leit mat Kapital ann genuch Affekoten sech kann iwermeissech vill bereicheren . Waat hunn déi läschten Finanziell gudd Jooeren dann schlisslech dem normalen Duerchschnettsbieger bis elo bruecht.?