TELEE - De Kontext
D'Energiekris - Och zu Lëtzebuerg?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Blanche Weber, eng Fra
- Marc Spautz, seet sech selwer, dass d'Chamber och wichteg ass
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
- Fernando Kartheiser, Tripple-Agent, Mann.
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
-
Kritiker09.11.2023Merci RTL fir Ären Artikel iwert Ried vum Robert Kennedy zu Berlin.
-
kloreMenscheverstand09.11.2023Här Schmidt, et deet mir leed, dass dir sou eng Erfahrung musst maachen. An leider sidd dir keen Eenzelfall. All déi Experten déi eisen Schoulministère anscheinend agefouert huet, gëtt et leider vill just um Pabeier. An de Schoulen selwer gesait een se net wierklech. Et ass och esou, dass vill Lehrpersonal am Reen stoen gelooss gëtt. D’Enseignant sinn jo net Expert wann et z.b.ëm Hyperaktivitéit, Autismus, Sproochschwieregkeeten an sou weider geet. En Diagnostik kënnen an dierfen se jo och net man. Oft gëtt dann ëm Hëllef gefrot mee et ass keng do! Oder gett et och den ëmgedréinten Fall, dass Elteren naischt dovunner wëssen wëllen an dann och naischt kann gemaacht ginn. Ech hunn grousse Respekt virun Elteren wéi iech, déi net opginn an sech fir hir Kanner esou ansetzen. Courage
-
Gleewennetalles09.11.2023Liewensqualitéit, wat ass dat iwwerhaapt? Déi, déi elo iwwerall am Quartier kënnen um Vëloswee jauwen, déi soen: Super! Genial! Gëtt dee Wee mat Foussgänger gedeelt, da soen déi: Merde! Do hält da fir béid, eng gewësse Qualitéit op! Eng Spillplaz, déi och dee Numm verdéngt? Wou dach de ganzen Dag di zwee schaffen, an d‘Kanner gutt versuergt sinn. An di Leit, déi ronderëm wunnen, hätte gären hir Rou, net nëmme verdéngt, wann se vun der Aarbecht heem kommen. Wann ech jonk sinn, a selwer kleng Kanner hunn, dann ass meng Welt anescht, wéi schonn 10 Joer méi spéit, wann d‘Kanner beemool aner Interessie manifestéieren, wéi op d‘Spillplaz, am Quartier. Kann ee Liewensqualitéit op laang Siicht veruerdnen? Kommt, mir bauen eis en Duerf *, déi Kéier als Erwuessener. Op mer eis als Erwuessener wuel kéinten eens ginn? Cf. online "Town village" (op D an F)
-
Baam09.11.2023Aus angscht keng Hoer mi ze hunn, huet hie keng chemo gemaach. Wahnsinn, dat nennen ech Logik.
-
Heemecht_lu09.11.2023Bravo Här Fayot, ee Mann dee sech traud.............top
-
Matbierger09.11.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Maulwuerf09.11.2023Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
Kritiker09.11.2023Et sti Walen an d'Haus. Elo ginn dës Primmen verlängert. Dat gefält vläicht. Viru méi wi engem Joer hunn ech meng Mazoutsheizung ofgebaut, an hu mäin Haus un e Wärmenetz uschléisse gelooss. Bis haut waarden ech op eng Primm, déi sécherlech net mat der Primm vum E-Auto konkurréiere kann. Do schénge se net mam Äusbezuele nozekommen.