TELEE - De Kontext
Den Trump - Wéi geet dat?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Paul Galles, Kumbaya, My Lord
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Blanche Weber, eng Fra
- Serge Tonnar, Rebell, Kënschtler, Mënsch
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
-
Virwatnet02.11.2023Endlich
-
agentorange02.11.2023An den 3 Regierungsparteien sin ganz stark a kompetent Fraen,do as och Potential fir den nächsten Premier!
-
Populiste02.11.2023Kouhandel am Zäitalter vun der « politically correctness »...😩
-
Eieiei02.11.2023Eis Gesellschaft as Schold un,dem Desaster. Mir passen eis iwerall un Op Sproch dann Europaschoul Internationalschool asw Awer wat machen dei Leit sech de Letzebuerger an dem letzebuergeschen Schouldsysthem unzepassen??? Ma Neischt sie kreie wat se wellenum selwerne Plateau serveiert a nach gesot sie wiere besser wei dei letzebuergesch Schoul. Sin iwer 50 hat 3 portugiesesch Kanner bei mir an der Primärschoul ma dei hu seier eis Sproch geleiert an hier Elteren och. Dei wollten sech an hier Kanner integreiren an et as gelongen.Sie hu keng extra Schoul gebraucht. Fördert d'Elteren mat de Kanner ze leiren. Mee leider sin ech um Terrain a wann ech froen wase mer urufen wei hescht dann d'Joffer vuneirem Kandda wessensedat am 3.Trimester mol net oder et kennt just e Virnum an da geht nach aus Nathalie e Natalia gemach. Do geseut enden Interessi vun den Elteren a wat soll dann aus de Kanner gin wann do den Hiewelnet ugesat fet. Et sinnunmol hier Kanner
-
WouereschtdeetWei02.11.2023Meenungsverschiddenheete mam Trainer (op gut oder schlecht, spillt keng Roll) 2 Spiller dei matt hierer Situation (Karrière) nett zefridden sinn an hoffen International, duerch Nationaléquipe, ze weissen datt se gut sinn an op sech obmierksam ze machen. Mée lo spillen se do awwer och nett ëmmer e ganze Match, déen éen well en Konditionel nett op der héischt ass an déen anner wëll mer am Mettelfeld zimlech gutt besatt sinn. Datt kann jo mol frustrant sinn.... ! Den GR, 27 Joer an 8 Vereiner, den VT, 23 Joer an 7 Vereiner do können Traineren nett falsch leien obwuel mer och wessen datt den LH nett ëmmer de beschten Diplomat ass. Ech huelen un datt déi vun hierem Emfeld ganz schlecht beroden ginn an datt Schlëmst ass hier Astellung zu hierem Sport, datt geht nett, och an aiser Nationaléquipe nett !! Duerch Disziplin an Léschtung um Terrain wier datt alles nett, egal wien do Trainer ass !!
-
Trump197802.11.2023Di vill Daumen no ënnen well ech geschriwen hun vu wegen nomachen.... ech schengen an Schwaarzt getraff ze hun. Alles just Getéins hei a näischt dohannert....mee sie wëssen et selwer, dofir jo Daunen no ënnen. 😂😂😂
-
Gleewennetalles02.11.2023Eis Kanner sin elo schons deelweis traumatiséiert! Wann se nëmmen bessien Schnapp hun, dann si se schons an der Angscht datt se Corona hun, oder een anëren ugestach hun, deen elo muss stierwen...!!!!😢😢😢
-
KriteschKritik02.11.2023Frankreich wollt och a Lybien een Machtwiessel. Waat dobei rauskomm ass , gesinn mer jo.
-
Minettsdap02.11.2023Ech stellen mir heiansdo d'Fro, wat verschidde Minister op hiren jeweilegen Posten verluer hunn. Als Minister vun der Fonction Publique schéint et mir logesch ze sinn dass een 'als Neien' sech aschaffen muss an och dofir déi jeweileg Gruppéierungen gesäit fir gewuer ze ginn wat leeft an wéi eng Aspekter et do ginn. Wann awer no 2 Joer kéng Decisioun, jo mol keng Spuer opkënnt an dat sech ëmmer un e Weiderreechen un aner Ministerkollegen an och den Premier beschränkt, deen erëm op dësen Minister verweist, dann schéngt et mir wéi wann dat entweder eng Zermürbungstaktik ass oder et absolut keen Plang hei méi gëtt. An dann ass et menger Meenung no och soulues Zäit konsequent ze sinn an d'Blad ze botzen. Bei Gambia 1 war den Logement dovun geprägt, déi Ministesch ass elo fir den Pavillon zu Dubai zoustänneg, duerno koum den Marc Hansen op deen Posten, bei Gambia 2 ass hien elo an der Fonction Publique zoustänneg mee och do leeft näicht weider. D'Lompen an der Politik fänken un ze richen..