TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Stad Lëtzebuerg? Wéi, wien a wou?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Charel Goerens, elder Statesman
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
-
gunman08.06.2023Dat ass mega. Wéilt ech hätt och esou eng Méiglechkeet zu menger Zäit gehat.
-
fillt-iech-emol08.06.2023En No Go, als medizinescher Grënn (mat Ordonnance vum Dokter) jo awer net eng Drog legal machen! Kann dat net no vollzéien, dass Regierung erlabt, dass en sech kann zou kiffen. Wat fir eng Gesellschaft kréien mir do an Land? An Holland dierfen just Résident kiffen, awer dat as just eng kleng brems, well op all Eck en Dealer steet déi verkaafen wëllen! Grausam wat fir Leit en do geseit :(
-
Waat_een_Kaabes08.06.2023Lo gëtt sech rëm e puer Deeg opgereegt, Begrëffer wéi Favoritismus, Banannerepublik, .... fille à Papa falen ...... an an e puer Deeg schwätzt keen méi dovunner an alles ass ok. D`Mme Goebbels ass op hirem Posten an den wéi an wou ass vergiess. D`Zukunft vun der Mme ass geséchert, en gutt bezuelten Posten; wie dreemt net dovunner. D`Oppositioun klappt e bëssi mat den Flilleken ...... a well si et wärend hirer Amtszäit net anescht gehandhaabt huet mam Verdeelen vun den Posten ass dat och nëmmen Show. Business as usual. An d`Politiker stellen sech iergendwann `Fro firwat d`Vollek ras le bol huet.
-
Politmotor08.06.2023Madame Semedo huet neischt meizu Breissel zesichen Sie war op der DP Lescht an do hannen mat komm. Elo wo Sie aus der DP eraus aassas et dach net normal das Sie einfach Partei zuBreissel kann wiesselen. Vollek huet DP gewielt... ode huet Sie dat vergiess just e gudd Zuchpaerd fir Partei mat allem dremmann drunn
-
Baam08.06.2023Richteg. Mir brauchen weder Greenpeace nach de Mouvement Ecologique. Firt escht de Corona bekämpfen an dann villeicht eis mat deenen hieren Topeschkeeten beschäftigen.
-
fillt-iech-emol08.06.2023Ech weess wat ech net wielen