TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Land? Fräiwëlleg oder gezwongen?
![](/assets/img/kontext_banner.png)
© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Serge Tonnar, Rebell, Kënschtler, Mënsch
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Franz Fayot, DP
-
Eieiei25.05.2023Tiptop fir hien
-
De_Popst25.05.2023Deemols hu seng Nofolger eng Zäit gebraucht, fir d'Schiebelen opzeraumen, déi deen a Finanzsachenn anscheinend esou kompetenten Här hannerlooss huet, Beispill Cargolux.
-
Gaardebounen25.05.2023Wat hun mir eng Chance dass d'Asti zu Letzebuerg net bestemmt wou et higeet. Wou kéime mer hin wann ons Land geng vun esou Leit dirigéirt gin?
-
de_Fern25.05.2023Also wann dën freiwëllechen net bezuelt gëtt fir seng liewen op spill ze setzen fir aner leit,...dann muss een sëch froen stellen firwaat dën Pastouer bezuelt gëtt fir eis iergend een text aus der bibel ze erzielen .........