TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Land? Fräiwëlleg oder gezwongen?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Marc Spautz, seet sech selwer, dass d'Chamber och wichteg ass
- Petz Bartz, immens credibelen Journalist, liest vill Noriichten
- Blanche Weber, eng Fra
- Sven Clement, Oppositiounspolitiker
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
-
Meckerhary25.05.2023Zitat: Nett all doudegen ass och un covid-19 gestuewen, mee e wor just infizéiert!! Wéiviel Persounen sin dann lo wierkleg reel um Virus gestuewen??? Déi ganz Statistique ass naicht waert!🙈🤷♂️
-
Kriddelschass25.05.2023Daerf een eigentlech e klengen Tour mam Auto man wann een ne’erens erausklemt an dann erem heem fiert? Ech wees et ass Benzin verpolvert awer ka mer virstellen dass engem irgendwann doheem de Plafong op de Kapp faellt.
-
Letzebuerger_Patriot25.05.2023........Vun der aler Regierung selwer...... koum déi Ofschätzung dass mer missten am 2te Joer vun der neier ( egal wat fir Zesummesetzung) Regierung 1 Milliard noléinen. Flott wann een sech "verschätzt" hätt. Leider gin elo an den Nopeschlänner, besonnesch BRD, d'Wirtschafts-erwardungen no ënnen revidéiert. http://www.spiegel.de/thema/konjunkturprognosen/
-
LuxTroll25.05.2023Excellent Arbecht