TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir de Grand Duc? Ma wat kann ee maachen?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
- Jean-Jacques Rommes, FEDIL
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
- Michel Wurth, gesäit just aus, wéi wann e Läichen am Keller hätt
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
-
Komplet_Wurscht11.05.2023Gi der nees geld léinen op dem bockel vun de leit fir de räichen aktionären vun denen firmen täschen ze fellen?
-
Josy_Barthel11.05.2023bis d'Freijoer sollen d'Aarbechten oofgeschloss sin? LOL - do steet jo keen Joer dobei, wahrscheinlech Feijoer 2030:-)
-
Mengmegnung11.05.2023Bodycams sin well laang iwwerfälleg, an aaneren Länner gin et dei schon laang , et gett heich Zait dass se agefouert gin .
-
Emmer daat selwecht11.05.2023Gespuert ass net ganz richteg, manner gebraucht wéinst dem warme Wieder wär méi richteg.
-
Expert11.05.2023de Summer wärd et 40 Grad gin :(
-
meteomann11.05.2023Esch ass net meih schein!Fill Kriminalität an Dreck!
-
gestressten11.05.2023Daat as vollkommen richteg
-
Knadderhary11.05.2023...di pertinent Fro ob de Coureur duerch e Problem mam Häerz (arrêt cardiaque ?) an d'Suiten dovun gefall ass, oder op deen duerch d'Chute villäicht ausgeléist ginn ass, dat wäerte wuel nëmmen d'Medeziner kënnen erausfannen ! Egal wéi ass et dramatesch dass an der läscht eng Partie Fäll bekannt goufen, wou Leeschtungssportler esou eng dramatesch Situatioun erlieft hunn. De "suivi médical" vun Héichleeschtungssportler misst villäicht nach méi pousséiert ginn ....mais och am Liewen all Dag stierwen Léit un Häerzversoen, dat ass dramatesch, däerf een duerfir déi Fäll am Sport awer net iwwerbewäerten....oder vireileg falsch Konklusiounen zéien ! Et wäert wuel e Schock sinn vir all Cyclisten déi gëschter bei der schwéierer an immens intensiver Course mat derbäi waren....mäi Bäileed un d'Famill a Frënn vum verstuerwenen Sportler !