TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir de Mënsch? Wéi, wien a wou?

© RTL EENT
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Gilles Roth, wor deemols um Voldemort senger Säit
- Fernando Kartheiser, Tripple-Agent, Mann.
- Gilles Baum, ass net Minister ginn
- Charel Goerens, elder Statesman
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
-
Kropefra23.03.2023Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
Aniwregens23.03.2023Esou wie dat an enger Gesellschaft soll sinn, huet an der Finanzkris de Bankesecteur mat Steiergelder gehollef kritt, während der Pandemie hunn d'Betriiber mat Steiergelder ennert d'Äerm gegraff kritt. Elo kénnt eng drétt Kris derbäi. Op de Steierzueler a potentielle Client vun de Betriiber kénnt eng massiv Inflatioun duer, déi nullement mat engem Index opgefaange get, méi Steieren, vum iwwerdeierte Wunnen fir de létz Résident guer net ze schwätzen! Dese Steierzueler huet netto vill manner fir auszeginn, also fällt seng Consommatioun méi bescheiden aus oder get bei den Nice-to-Haves op onbestémmten Zäit no hanne verréckelt, well hien d'Präisdeirecht net méi packt, déi die gerett Betriiber un hie weiderginn fir de Benefiss kuerzfristeg esou grouss wie méiglech ze halen. Vill Leit mierken elo, datt se keng 2 lénker Hänn hunn a villes selwer hikréien, dass Bake, Kachen an Iessen doheem méi bélleg ass, datt hiert Gefier nach fiabel ass an de Mantel vum läschte Joer och nach passt.
-
HeiMengMeenung23.03.2023Wann hien keng Mask muss undoen an een attest vum Dokter huet wier ech an senger Platz an der éichter Reih fir mech momentan impfen ze lossen. Ass hien wirklech esou krank? Eng Frechheet👎 An dann nach ze soen dass hien op den Sputnik waart! Egal wat👎