Photo: RTL

Alain Berwick, ee Mann dee bei RTL grouss Karriäre gemaach a gären iwwer d’Valeure vun RTL philosophéiert huet. 2016 ass en aus dem Nascht gefall wat en sech selwer sou schéi gebaut huet. Elo kéint en nees mat engem grousse Comeback bei RTL ënnert de Flillek kommen. Oder éischter de ganze Vull kafen.

Wat d’Valeure vun RTL wieren, wollt d’Maison Moderne an engem Interview am Juni 2016 vum deemolegen Direkter vun RTL Lëtzebuerg wëssen. Den Alain Berwick weess, wat fir eng Äntwert lo komme muss. D’Verhandlunge mat der Regierung iwwert een neie Konzessiounsvertrag stinn un, bei deem RTL fir eng éischte Kéier e Milliounen-Subsiden direkt iwwerwise kréie soll. Also muss hie säi Sender als seriéis Informatiounsquell präsentéieren.

Et géif een „code d’éthique“ ginn, äntwert den Alain Berwick. „Ni gëtt Kommerz a Journalismus liiéiert“, wien dës Trennung iwwerschreide géif „huet keng Plaz bei eis“. Och wien e Kaddo iwwer 75€ unhëlt, oder engem mat engem Reportage e Gefale mécht, „deen huet keng Plaz bei eis“. Den Alain Berwick weess, dass et op de gudden Image vun ukënnt, fir dass „Mark RTL“ zu Lëtzebuerg akzeptéiert gëtt a seng Monopol-Stellung behale kann. Also behaapt hie Saache vun deenen hie wësse muss, dass se absolute Kabes sinn.

Vermëschung ass kee Problem, mee d’Logik hannert RTL Lëtzebuerg

E kléngt Beispill? Ongeféier zum nämmlechten Moment, wou den Alain Berwick iwwer d’Valeure vun RTL philosophéiert, beriicht RTL iwwer d’App „Kliber“, déi bei der Sich no engem Job hëllefe soll. RTL beriicht net just eng Kéier, mee mat ville Berichter iwwer Kliber a präsentéiert d’App och um „RTL Jobdag“. „Kliber S.A.“ ass awer eng Firma, an déi RTL selwer als Investisseur ageklommen ass, den Alain Berwick perséinlech souz am Verwaltungsrot.

Dass et bei RTL ebe grad keng Trennung tëscht Journalismus a Commerce gëtt ass deemno kee rezent Phänomen. Den Alain Berwick stoung selwer wéi kaum keen anere fir genee dës Vermëschung. 1983 start dem Alain Berwick seng Karriär beim Cactus. Iwwer d’IP, d’Regie Publicitaire vun RTL, lant hien 1986 der CLT-UFA. 1993 gëtt hien Direkter vun IP an 1994 zousätzlech Direkter bei RTL Radio an Tëlee. Den Alain Berwick ass gläichzäiteg Chef vun de Reklammen a Chef vun de Medien. Domat net genuch, am wieder Verlaf vu senger Karriär sëtzt hien am Verwaltungsrot vun der CLT-UFA an och vun der BCE, ass Präsident vum Verwaltungsrot vun Eldoradio, Direkter vu „Media Assurances S.A., déi mat zur CLT-UFA gehéiert souwéi och Gesellschafter an sou zimmlech allen dubiéise Firmestrukturen déi opgebaut goufen, fir de groussen Deal mam RTL Gebai um Kierchbierg iwwer d’Bün ze kréien. Hien ass den Architekt vun der Geldmaschinn RTL Lëtzebuerg.

Éischt een onéierenhaften Ofgank, dann ee sensationellt Comeback?

Ironescherweis muss den Alain Berwick just e puer Méint nom Interview iwwer d’Valeure vun RTL oftrieden, nodeems hien sech a redaktionell Entscheedungen agemëscht huet an doduerch d’Affär Lunghi mat ausgeléist huet. Dobäi wor de Virfall déi logesch Konsequenz aus der Aart vu Boulevard-Journalismus, déi den Alain Berwick bei RTL etabléiert hat. „RTL Boulevard“ an „Model made in Luxembourg“ sinn dann och zwee vun de Show-Formater, déi fir de Berwick-Prinzip gestanen hunn. Zesumme mam Alain Berwick verloossen och de Marc Thoma an de Chefredakter vum Radio, Guy Kaiser, RTL. Fir d’Spëtzt vun RTL gëllt: alles muss sech änneren, fir dass alles d’nämmlecht bleiwe kann.

Ass den Alain Berwick dann elo net einfach Vergaangenheet? De Guy Kaiser bedreift mëttlerweil just nach e rietse Polemik-Blog an de Marc Thoma scheitert mat „Apart-TV“ an och ronderëm den Ex-Direkter Alain Berwick ass et roueg ginn. Nom Verloosse vun RTL bréngt hien just nach e puer Immobilien-Deals fir RTL op en Enn a sëtzt a Verwaltungsreit vu Grousskonzerner. Leider schéngt et awer Hiweiser ze ginn, dass den Alain Berwick net just d’Vergaangenheet, mee och d’Zukunft vun RTL si kéint, wéi de Paperjam gemellt huet. Der Zeitung „Land“ no läit bei RTL Group ee Konzept vum Alain Berwick um Dësch. Zesumme mat Investisseure wëll den Ex-RTL-Chef 2030, nom Enn vum aktuelle Konzessiounsvertrag, déi profitabel Radios-Chaine an de lukrative Site RTL.lu iwwerhuelen. Warscheinlech fir do seng Valeuren nees duerchzesetzen.