Photo: Mario A. P. (CC BY-SA 2.0)

Et wier net deen éischten Service Public, deen Bertelsmann verschwanne léisst.

Zanter dem éischte Januar dëst Joer ginn sech Onéierlecher um Internet, am Radio, op der Tëlee souwéi an de soziale Reseauen als „Service Public“ aus, also souzesoen als ëffentlech-rechtlech Medie fir Lëtzebuerg. RTL Eent Informatiounen no verstoppt sech hannert dem Deckmantel vun engem traditiounsräiche Mediebetrib awer den däitsche Grousskonzern Bertelsmann an en ontransparent Geflecht un ofhängege Firmen.

Déi Onéierlech hunn haut an de Moiesstonnen nach een drop gesat. Wou RTL Eent bis opgedeckt hat, dass „RTL Lëtzebuerg“ guer keng existéierend Firma ass huet de Bertelsmann an direkter Zesummenaarbecht mam Marc Zuckerberg zum Géigeschlag ausgeholl. Ouni Grond oder legal Basis hunn si d’Instagram Präsenz vun RTL Eent geläscht. Domat huet dat wichtegst Medieportal am Land op ee Schlag iwwer 420.000 Abonnentinnen an Abonnente verluer. D’Stëmm vu Lëtzebuerg wäert sech awer net sou séier de Volume erofdréine loossen an huet Alarm geschloen.

„Do kann ee leider näischt maachen“

Wéi d’Autoritéite sur Place um Kierchbierg ukomm sinn, hunn se misse feststellen, dass et nawell zu enger Rëtsch weiderer Trickserei komm ass. De Pressekodex gouf systematesch mëssuecht, et gouf keng kloer Trennung tëscht journalisteschen a kommerziellen Tätegkeeten an d’Land ass wuel, hisiichtlech den Informatiounen iwwert déi finanziell Lag vun RTL Lëtzebuerg, ferme beduckst ginn. D’Autoritéiten hunn sech allerdéngs op RTL Eent Nofro hin dogéint entscheet anzegräifen, mee wäerten den Onéierlechen en Revanche iwwer 11 Mio. Euro aus der Staatskeess iwwerweisen. Dat nächst Joer da méi.

Et géif sech awer elo d’Fro stellen op net d’Ëffentlechkeet, d’Kontrollorganer an déi méi seriö Deeler vun der Press intervenéiere kéinten. Doduercher kéint sech RTL Eent Informatiounen no endlech dee fir d’Land wichtegen Debat iwwer d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg entwéckelen - ier, dass geschwënn alles ze spéit ass.

RTL Eent huet iwwerdeems schonn eng nei Präsenz op Instagram lancéiert. D’Online-Redaktioun vun RTL1.lu ass bereet esou dacks nei Accounten opzemaachen, bis d’Personalkäschte bei de Bertelsmänner esou héich geklomme sinn, dass net mol méi de Lëtzebuerger Staat bereet ass, déi Zomm auszegläichen.