NEWS - Een, deen d'EU verännert huet
Haut virun 43 Joer: Gaston Thorn gëtt EU Kommissiounspräsident
Ënnert sengem Mandat gouf et e gravéierende Richtungswiessel an der EU – den och gréisser Auswierkungen op Lëtzebuerg hat.
De Gaston Thorn ass haut virun 43 Joer zum Kommissiounspresident ernannt ginn. Wat deemools nach „Europäesch Gemeinschaft“ geheescht huet, ass de Virgänger vun der haiteger EU. An Erënnerung bleift de Gaston Thorn éischter als schwaache President, dee virun allem mat Krisen an der Ausernanersetzung tëscht Groussbritannien ënnert dem Margaret Thatcher ze kämpfen hat an ënnert deem d’Virbereedunge fir Portugal a Spuenien an d’Gemeinschaft opzehuele gelaf sinn. Säin Handele steet am Schiet vu sengem Nofollger Jacques Delors, deen als mat déi wichtegst Figur vun der europäescher Integratioun gëllt. Trotzdeem ka behaapt ginn, dass ënnert dem Gaston Thorn wichteg Richtungsentscheedungen getraff goufen.
Dat sougenannte „Greenbook“, also ee Strategiepabeier a Virleefer vun enger EU Direktive, mam Titel „Télévision sans Frontieres“ (TSF) gouf a gëtt als „Flaggschëff vum Bannemaart“ bezeechent, engem grousse Projet fir ee gemeinsame Marché vun den Europäer*innen opzebauen. Dëse wor schonn eng Zäitchen ugeduecht, mat der Iddi déi fräi Zirkulatioun vu Mënschen, Wueren, Kapital an Déngschtleeschtungen z’etabléieren.
Am Kader vun neien technesche Méiglechkeeten (Kabel a Satellit) huet dat deemolegt immens schwaacht, awer als eenzeg demokratesch gewielten Europäescht Parlament eng visionär Initiative gestëmmt: d’Kreatioun vun enger europäescher Tëlee. Et wor d’Iddi, d’Bevëlkerung an Europa mat esou engem gemeinschaftleche Projet – et kéint een sech en als Zort europäesch ëffentlech-rechtlech Tëlee virstellen – zesummenzeféieren. D’Initiative vum Parlament gouf awer vun der Kommissioun Thorn gréisstendeels ignoréiert, vill méi gouf si als eng Zort Façade benotzt fir déi eigentlech Pläng vum Gaston Thorn a sengem Alliéierten duerchzesetzen: der Kommerzialiséierung vun de Medien. Eng wichteg Fuerscherin vun der europäescher Mediegeschicht, d’Sophia Kaitatzi-Whitlock, schwätzt vun enger „Hidden Agenda“ a stellt de Gaston Thorn, dee schonn zu der Zäit als Kommissiounspresident d’Interesse vum Lëtzebuerger Mediekonzern CLT (RTL) am Kapp gehat hätt, an eng Rei mam „Martin Bangeman, Silvio Berlusconi, Rupert Murdoch and his ally Margaret Thatcher, Kirch and Bertelsmann and their powerful ally Helmut Kohl“ (2005, S.74).
Dem Thorn säin TSF-Greenbook hätt schlussendlech d’Richtung virginn, d’Bevëlkerung an Europa net als Bierger*innen, mee als Konsument*innen an als Verkafsobjeten wouer ze huelen. Et huet de Wee fräi gi, fir dass sech grouss, reklammsfinanzéiert Konzerner de Mediemarché ënnert den Nol rappen an déi ëffentlech-rechtlech Tëlee a Bedrängnis bréngen. D’Fuerscherin Kaitatzi-Whitlock geet esouwäit wéi d’Thees opzestellen, dass mat dësem Projet de Grondproblem vun der EU verankert gouf, dass d’Unioun sech méi ëm d’Interesse vun de Konzerner wéi vun de Bierger*innen suergt, d’Bevëlkerung vun der europäescher Politik distanzéiert an sou schlussendlech en politescht Zesummewuesse vun Europa onméiglech mécht.
Vill Problemer vun de Medien an och vun Europa haut sinn op Grondsaz-Entscheedunge vu virun Joerzéngten zeréckzeféieren - an eben och op de Gaston Thorn.