© Internet

Weider Mataarbecht mam Public an Zukunft méiglech.

Säit 2022 schonns kann de Public ee mol d’Joer d’Lëtzebuerger Police aktiv bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Dat, andeems User op Instagram ofstëmme kënnen, wou d’Police wärend dem järlech europawäit organiséierte 24h Speedmarathon, Vitesskontrollen op de Lëtzebuerger Stroosse mécht. RTL Eent Informatiounen no soll dës Kooperatioun tëscht Police a Public lo ausgeweit ginn: Sou ass geplangt, dass een deemnächst direkt iwwer Instagram der Police Strofdoten matdeele kann. Dat soll net nëmme Suen an d’Staatskeess brénge, mee och d’Leit zum Nodenke beweegen. Bevir een eng Strofdot begeet, sollt ee sécher sinn, dat den Noper een net dobäi gesäit. Fréier war dat net sou schlëmm, wee geet schonns wéinst engem klenge Crime extra op de Policebüro. Mee an Zukunft kann den Noper mat just dräi Klicks eng Plainte bei der Police maachen: Klick(Foto)-Klick(Instagram op)-Klick(senden).

Och d’Justiz ka sech virstellen, dem Public eng Zesummenaarbecht iwwer Instagram ze erméiglechen. Sou soll et deemnächst bei ausgewielte Fäll méiglech sinn, d’Justiz hautno ze erliewen: Déi wichtegst Fakte ginn op Instagram gepost, an da kënne User an de Kommentaren ënnert sou engem Post fir „schëlleg“ oder „onschëlleg“ ofstëmmen. Dat soll net nëmmen d’Justiz entlaaschten, mee och d’Leit zu engem bessere Mateneen animéieren. Et wéilt ee jo herno net fir schëlleg befonnt ginn, just well ee vergiess huet dem Hond säin Dreck virum Noper senger Dier fortzemaachen, an deen engem dat iwwel hëlt.