METEO - Meteolux mellt
Prall Wiederstatioun
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 18:38 bis 19:58 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
LibrePenseur18.05.2024A wou bleiwt de Marc Angel? Hien, dee bal als eenzege Politiker scho joerelaang den Ochsentour fir seng Partei mecht, een oppent Ouer fir d’Leit huet, sech net nëmmen am Wahlkampf um Terrain weist an och all Kéier gutt gewielt gouf? Hie steet nees mat eidelen Hänn do a gouf nees net berücksichtegt fir Minister ze ginn. Ech fannen et net ganz demokratesch, wa gewielte Leit net mat an d‘Regierung kommen, dofir der awer, déi de 14. Oktober schlecht oder net gewielt goufen oder awer guer net op enger Lëscht waren.
-
Josy_Barthel18.05.2024Man City, einfach flott wei d'Milliarden verfleien.
-
Egalwat18.05.2024Wäer et net esou lues Zäit fir d'LST-Statiounen an Impfstatiounen ëmzewandelen ?
-
Kappressel18.05.2024Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Letzebauer18.05.2024Ëmmer di selwecht Leier vum Här Gibéryen beim budget, an dat scho gefillten 100 Joer lang. An elo gëtt en och nach frech an attakéiert aner Politiker. Séier an d'Pensioun w.e.g. Bettel1 a Bettel2 hu bis elo esou vill um soziale Plang gemach wéi eng csv net a Joerzengte fäerdeg bruecht huet. Dat sin Tatsachen an do hëlleft och kee polemescht Getuts, léif csv.
-
knadderpit18.05.2024Eise "Mister 2 Ronnen" bleift sengem Numm schéin trei .....
-
Minettsdap18.05.2024„dass iergendwellech Institutiounen, Gruppen oder Personnagen d'Wourecht verheemleche wëllen, d'Leit also "domm" hale wëllen. “ Ass jo awer dacks hei scho gesot ginn, net eleng d’NASA mee iwwerhaapt d’Amerikaner. Mat hire Satelliten. Fake. D’NATO stécht vläicht och derhannert? Hinne geet et just drëm de Mënsch ze kontrolléire. Grad mam Navi, wou d’Signaler vu Satellite solle kommen. SI dobausse weisen der de Wee. Ass dat net Beweis genuch. Wou bleiwt d’Fräiheet wéi fréier, sech alt emol ze verennen. A Newton oder Einstein mat hiren Theoriën. Allkéirs hat néideg eng nei Mathematik derfir erfonnt ze ginn. Wou bleiwt wat mer an der Schoul geléiert haten? Jidderee weess, d’Somm vun de Winkele vun all Dräieck ass 180 Grad. Ma da schneid emol en Dräieck aus engem Blad a probéiert deen op e Ball ze pechen. Geet net gell? Irgendee Winkel hätt néideg vergréissert ze ginn. Also d’Winkele vun Dräiecke méi grouss wéi 180 Grad? Dat widerleet eleng scho mat einfachster Mathematik d’Kugeltheorie.
-
haldechkleng18.05.2024An dozou gehéiert och Freiheet net un de Sitzungen vum Parlament Deel ze huelen an trotzdem all Mount an Pai ze goen !