METEO - Meteolux mellt
Äiseg Afenhëtzt
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 21:33 bis 16:42 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Yuppy20.02.2024A genee dat ass de Problem mat deene Gréngen Iddien: et ass eng Lobby fir déi Leit, déi well déi néideg Suen hunn fir (guer net esou ekologeschen) E-Auto, Geothermie, Passivhaus etc. Déi Leit kënne sech de Luxus leeschten, hirt Liewensëmfeld no esou (dach eigemtlech gréisstendeels luewenswäerte) Kriteren ze gestalten. Déijéineg, déi sech dat net leeschte kënnen (ma vläicht och gär géifen), gi nach méi ausgeholl: well och wann d'Aarbecht da manner besteiert géif ginn (wat nach ze beweise wier), dierft dat wuel ni duergoen fir e käschtendeckende Waasser- a Stroumpräis ze bezuelen oder sech e Passivhaus ze bauen ... woubäi mer dann erëm beim Thema Buedemverbrauch ukomm sinn.
-
kartoffel20.02.2024E ganze leiwe Commentaire vum Christiane Kremer den metteg am Radio,Treinen sinmir a mengem Mann komm well Jeannine war eng herzlech Persoun,onst herzlechst Beileed un seng ganz Famill a Frenn,mir waerten hat nie vergiessen
-
BAARTJANG20.02.2024Et ass zenter Joeren net méiglech mam Unterrichtsministere eng astänneg Kommunikatioun ze hunn. Den Här Minister schwätzt seng Reforme mat rethoreschen Mettelen schéin. Kritik get net eescht geholl. Um Terrain ännert näischt. Reforme vun 2009 hun net gegraff, sin net emgesat ginn. Naischt get serieux evaluéiert. Fakt ass, dass mer an den internationalen a nationalen Studen emmer mei schlecht do stinn wat Kompetenze vun de Kanner ubelangt. Parlamentaresch Froen sinn e souffrance.. bei 16 Froen ass den Delai depasseier. Op Pressekonferenzen reegen Journalisten sech op well se 6 Meint keng Äntwert kreien. Dat ass alles net mei ok.
-
Mellechmann20.02.2024Nächst Joer brauch ee just 2 Abo´en, 1 bei Amazon an 1 bei DAZN. De Sky vun der Post ass souwisou horrent déier.
-
Kappressel20.02.2024........Vun der aler Regierung selwer...... koum déi Ofschätzung dass mer missten am 2te Joer vun der neier ( egal wat fir Zesummesetzung) Regierung 1 Milliard noléinen. Flott wann een sech "verschätzt" hätt. Leider gin elo an den Nopeschlänner, besonnesch BRD, d'Wirtschafts-erwardungen no ënnen revidéiert. http://www.spiegel.de/thema/konjunkturprognosen/
-
De_Popst20.02.2024Muss daat dann elo sinn, nodeems de Fluchsektor bis op länger Zait keng wiirklech „nei“ Bunn brauch. Bis op weideres kinnt deen Belaag an dei Suen daat et kascht op Eis geluecht gin, bis den Findel op seng aal Kapaziteit könnt.
-
tetrapack20.02.2024All Respekt, Gus!!! 👍 Ech fannen esou Leit misst et vill mei op der Welt ginn. Dobei spillt et dach iwerhaapt keng Roll vun welcher "Seit vum Ufer" een ass. D'Muppen sinn gerett, weinstens dei 90, an denen ass et dach sch....egal wei hieren Retter gestrëckt ass. Dass den Gus dem Pence an Konsorten net d'Hand gët ass en kloer Zeechen an soll respekteiert ginn. Hautdesdaags liewen mir an esou enger verrëcktener Welt, dass nëmmen nach Muecht, Geld an Gewalt an den Schlagzeilen sinn dabei wieren solch Nouvellen wei dei hei dach wonnerbar mei vun denen ze heieren. Et sollt och dei "wichteg dëck fett Bonzen" an der Politik weltweit erreegen nëmmen leider wäert dat erem net de Fall sinn. Dei keinten sech alleguer en Beispill un esou Aktiounen huelen am Plaatz ëmmer nëmmen sie sie sie ....... Op alle Fall eng wonnerschein Aktion vum Gus. Bravo 👏 Merci
-
Mausketti220.02.2024Ass dach lachhaft dat doten, wat dei verdingen,an no der Armei een gesecherten Arbechtsplaatz ,mussen keng 45joer schaffen (Ech schwetzen bei vun richteg schaffen) an durno eng deck Pensioun. Waat wellen dei mei ???? Gidd an Privatwirtschaft,oder macht ierch selbststänneg mat engem Betrieb ,dann kuckt duer emol weivill Stonnen een Aarbechtsdaach huet ,an wann der nach Personal huet,kommen nach sellechen Probleemer dobei Ech Sees vun waarm ech schwetzen,Hun vill Bekannter dei an der Armee woren an lo super Aarbechtsplatzen ,mat super Paien,an anerer mat super Pensiounen hun. An nee,ech sin net jalous,an wor et och nie op meng Kollegen, Ech hun emmer am Handwierk beim Patron geschafft,an duerno och bal 20 joer selbst-ab ständeg geschafft .Elo an der Pensioun (net ze vergleichen,wann een virdrun beim Staat wor) An ech sin stolz dropp,an liewen mat dem wat ech hun Eisen Staat soll roueg esou virun machen,kleng an mettelstänneg Betreiber futti machen ,nemmen nach heich studiert Leit ausbilden Ech kann nemmen soen,leiert een Beruf oder Handwierk dat ierch Spaass mecht ,an kuckt net nemmen no de Souen an no denen lidderechen Plaatzen,dann liewt dir och nach gesond dobei 😉