METEO - Meteolux mellt
Dompegen Ëmschwong
Photo: freepik.com
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 01:29 bis 11:46 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Knadderhary15.02.2024Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
nizefridden15.02.2024Mäin Härz geet och mat der Commemoratiounsfeier fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv. Wellkommen fir d’Madame Pelosi Nancy hei am Land.
-
MELLECHKOU15.02.2024Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
DatAssMengAnalyse15.02.2024...gutt dass Leit déi vum Terrain kommen, a genau wëssen wéi et do leeft zu Wuert kommen! Dem Här Reuter seng Ausso : "...wann een 200 Busser hätt, awer just 100 Chauffeuren, da wier dat net optimal " ..dat ënnersträicht alt erëm eng Kéier de Mangel u Fachpersonal ! Firwat ass d'Ausbildung vu Fleegepersonal hei zu Lëtzebuerg systematesch vernoléissegt gin ? Wouru leit dat ?...ass et e Mangel un Interessi, Defiziter bei der Ausbildung an den Infrastrukturen, leit et un de Berufscarrièren an der Pai vir den extrem schwéieren an verantwortungsvollen Beruff ? Firwat huet d'Politik dësen extrem wichtegen Aspekt vernoléissegt, wou d'Konsequenzen dervun elo dramatesch zum Virschäin kënnt ! ....desweideren seet den Här Reuter : " Patienten, deenen hir Iwwerliewenschancë souwisou schlecht sinn, kommen net op d'Reanimatiounsstatioun, well et nämlech eng enorm Belaaschtung wier ..." Domat wés jo och elo jiddereen wat en an dem Fall erwaart, wann d'Medezinner hir Entscheedungen huelen .....
-
Gaardebounen15.02.2024Dat eenzegt wat wierklech alarmant ass, ass datt jiddereen de Verstand verléiert an hysteresch gëtt soubaal dat Wiertchen "Klima" fällt.
-
Baam15.02.2024Mir setzten domadder elo erem der Belsch Grenzen, wou mer eis dach grad elo och driwer oprégen, dass d'Belsch d'Grenzen net well opmaachen ... wées Letzeburg iwerhaapt selwer nach waat et well ???
-
Egalwat15.02.2024All Respekt fir déi intressant Sendung!👍🏻👍🏻👍🏻 Do héiert een och ganz klor eraus, datt vill Problemer lang bekannt sin, awer wéi ëmmer, op deenen falschen Platzen gespuert gëtt! Och d’Zukunft vun eisen Kanner an Jugëndlechen, gesäit ganz schlecht an traurëg aus, an du freess dech wirklech, op déi eng Hand an eiser Regierung weess, waat déi Aner mecht! Ech bezweifelen daat ganz stark...!!!!!😡😢
-
Politmotor15.02.2024Kann oder weess een genau, wat si da gesot a gemaach huet. Jo, et war Mobbing, soss wäeren déi Sanktiounen net ausgeschwaat ginn. Di mech awer schwéier domadder, eng Persoun schlussendlech ze beuerteelen a ze veruerteelen, sou laang ech de genaue Mobbing-Virgang vun hir net weess.