Photo: ₡ґǘșϯγ Ɗᶏ Ⱪᶅṏⱳդ (Public Domain)

Meteolux mellt fir den Owend en interessante Spektakel am Norden, net nëmme fir Bibelfrënn kéint dëst aussergewéinlecht Schauspill interessant sinn.

Ab 17:40 soll et vun der Héischt vu Mäerzeg un zu vereenzelten Nidderschléi kommen, déi net just aus Reen, mee och aus Gedéiesch a Blutt bestinn. Erklärunge fir dëst raart Virkommnis gëtt et bis ewell nach net.

De Kardinol Hollerich verséchert um RTL1-Mikro am Background am Gespréich allerdéngs, datt ee sech keng Suerge maache muss an dëst Zeeche vun uewen an enger „Hellewull ënnerschiddlecher Ausleeungsaart- a weisen gelies gi kann“.

Wat fir eenzel Pessimiste wéi eng Strof an een ugekënnegten Armageddon kléngt, ass a Wierklechkeet just ee klenge gëttlechen Update – ee Geste fir déi eegen Dominanz nach eemol ze ënnermaueren.