Photo: Tristan Schmurr (CC BY 2.0])

Alerte Blanche

Eng wäiss Decken huet sech iwwer de Kierchbierg geluecht, an dat trotz konstanten 7° an deene leschten Deeg.

Meteolux geet dovunner aus, datt et sech bei deem wäisse Polver och ëm eng aner Substanz handele kéint, déi um Kierchbierg a besonnesch op der Finanzplaz nawell a gréissere Quantitéite konsuméiert gi géif.

Op Nofro bei der Police heescht et, datt dat kee Problem wier an d’Stroossen weiderhin oppe bleiwen - aschreide géif d’Police just bei méi klenge Virfäll am Garer Quartier, well do d’Chance méi grouss wier, Leit mat onpassender Hautfaarf zesummeschloen ze dierfen.