METEO - Meteolux mellt
Bronkegen Stuerm
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 15:19 bis 08:40 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Minettsdap16.10.2023Hätte mier de Pärdsschwanz errëm gud zu Brèissel
-
Letzebauer16.10.2023Bonne chance Dan fir deen neien Challenge!
-
KengduebelMandater16.10.2023Di Gréng waren emol gréng. - Anti-Atombewegung, Antikrichs- a Friddenspartei; hire fréiere Sympathiebonus hunn si scho laang an op Éiwegkeet verspillt. - Entretemps bidden si dee selwechte Mitschmatsch wéi all etabléiert Parteien un, spille Krichsminister, bedeelegen sech u Kricher, ginn enger Rei Industrië wéi Solar, Wand, an E-Automobilindustrie Milliarden ze verdéngen, suckelen d'Vollek finanziell mat CO2-Steieren aus an dem Bierger seng Sue gi verpolvert, vir, dass d'Energie a Form vun Atom-, Gas-, a Kuelestrom iwwert d'Grenzen era kennt.
-
Knueterbatti16.10.20231. Deel: Waat gesechert ass aus der Forschung ass, datt mer an eisem Gehier 2 Cannabisrezeptoren hun, wou kierpereegen "Cannaniboiden" kënnen undocken. An der Pubertéit nun get d'Gehier durch d'Hormoner strukturell emgebaut. Dat dauert +/- bis 18 Joer. Wann een also kierperfriem Cannaiboiden regelmässig zousechhëlt ier den Embau vum Gehier ofgeschloss ass, get den Embau gestéiert an et kann et zu irreversible Schied um Gehier kommen. Do genau läit de Problem : Wéi verhënnere mer datt Mannerjähriger un Gras an Haschisch kommen? Am Moment schéinkt dat jo net ze klappen, well de Produit ass einfach ze kréien, an datt opschon en verbueden ass! Daat ass et Problem, deen net ze ignoréiren ass! Mee wéi ass et matt den Erwuessenen, déi sech als "Genussraucher" - genausou wéi de "Genusstrinker" säin gelegentliche Pättchen - vun Zäit zu Zäit wellen eng Tiitchen ranzéihen? Do stéiert mech einfach, datt dausende vun Menschen dowéinst ze Kriminellen gemaach gin !
-
haldechkleng16.10.2023Dat as d'Wirklechkéet hei am Land. Do streit dann de Präsident mam Minister, fir dat si als Patron och eppes vum Staat solle kréien. A kaum 2 Déeg méi spéit, do gesäit ée wéi Recht de Minister huet. Einfach ongléeflech, awer wouer.
-
kleinGEIST16.10.2023Ech menge schon, datt Chaussures Léon selwer kapabel sinn hiir ege Reklammen ze finanzéieren an et net néideg hunn op eng Madamm Cahen zreckzegräifen?! Ech perséinlech fannen et keck fir sech grad just elo an der Summervakanz esou e Spaass ze erlaben. D’Reaktioun vun der CSV seet ons jo genuch wou de Schong wirklech ëmmer nach dreckt. Nämlech an hiiren egene Reihen! Et muss wirklech schlëmm sinn wann een op der Oppositiounsbänk sëtzt a net emol Spaass versteet?! Dir macht iech d’Liewe selwer schwéier, gitt dach emol méi positiv aplaz iech selwer ëmmer erëm Leed ze don an op déi aner ze klappen...... A fir dann och nach dat Wuert Deontologie an d’Spill ze brengen...... Aua!!!