METEO - Meteolux mellt
Lëfteg Meteo
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 02:04 bis 13:29 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Expert27.09.2023nohalteg, wieklech nohalteg!
-
kleinGEIST27.09.2023D'Primen an d'Beihëllefen fir d'Baueren gin jo schliesslech vun den Leit hieren Steiergelder bezuelt. D'Baueren machen och Stroossen onglécklech an Biedem futti mat deenen schwéieren Maschinen déi fir eis Strukturen iwerdimensionéiert sin. D'Leit bezuelen haut en groussen Deel vum Akommes fir Logement (Bauland) ergo huet een Stoot mat Mindestloun net vill Geld iwreg fir deier Liewensmëttel ze kafen. Ech gleewen net dass en Bauer sech mam Mindestloun géif zefridden gin.
-
De_Jonggesell27.09.2023Dei Situatioun as wirklech schweier anzeschätzen! Ziedelt Amerika wei sou oft erem e Krich un, manipuleiert an flunckert? Oder sin ed awer dei aus dem Iran, dei och schons oft fragwürdeg Meenugen, Aktiounen am laaf vun hirer Geschicht duerchgesaat hun? Hoffentlech bleiwt ed fridlech !
-
Waat_een_Kaabes27.09.2023Ech stellen mir heiansdo d'Fro, wat verschidde Minister op hiren jeweilegen Posten verluer hunn. Als Minister vun der Fonction Publique schéint et mir logesch ze sinn dass een 'als Neien' sech aschaffen muss an och dofir déi jeweileg Gruppéierungen gesäit fir gewuer ze ginn wat leeft an wéi eng Aspekter et do ginn. Wann awer no 2 Joer kéng Decisioun, jo mol keng Spuer opkënnt an dat sech ëmmer un e Weiderreechen un aner Ministerkollegen an och den Premier beschränkt, deen erëm op dësen Minister verweist, dann schéngt et mir wéi wann dat entweder eng Zermürbungstaktik ass oder et absolut keen Plang hei méi gëtt. An dann ass et menger Meenung no och soulues Zäit konsequent ze sinn an d'Blad ze botzen. Bei Gambia 1 war den Logement dovun geprägt, déi Ministesch ass elo fir den Pavillon zu Dubai zoustänneg, duerno koum den Marc Hansen op deen Posten, bei Gambia 2 ass hien elo an der Fonction Publique zoustänneg mee och do leeft näicht weider. D'Lompen an der Politik fänken un ze richen..
-
KengduebelMandater27.09.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Mengmegnung27.09.2023Ass jo klor, hien wëllt jo Geld vun den breeden Schëlleren. Soll déi bei seng Parteikollegen siche goen, besonnesch bei déi déi an den Steieren an elo Verwaltungsréit setzen
-
LibrePenseur27.09.2023Virun e puer Joer hunn d'Parteien iwwert déi Duebelmandater diskutéiert asou weider, a wat ass geschitt? Guer näicht. Dee ganze Walsysteem misst iwwerduecht ginn. Ech wielen keen bei de Gemengewalen, wou ech schons am viraus wees datt déi Persoun och bei de Chamberswalen dobäi ass.
-
EsouAwerNet27.09.2023Ech froen mech waat se deem Besétzer dann an séin Dosier schreiwen!