METEO - Meteolux mellt
Prall Hëtztwell
Photo: freepik.com
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 08:23 bis 19:00 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_dann10.09.2023Wee weit geet dat. Soll all Scheier ouder marod Haus geschützt gin. Mengen de Proprietaire misst awer och nach mat kennen entscheeden.
-
Maxximal10.09.2023E-Auto (komplett oder hybrid) sinn eppes neies, also muss nach vill gescheien fir dass et sech verbessert an accepteiert get. En hierkömmlechen motor huet een ganz groussen nodeel. Et muss eng linear bewegung (Kolben am zylinder) an eng rotativ emgesaat gin duerch d'cadran-wellen. An bei deer transformatioun geet vill energie verluer. Et gin ongefeier 20% genotzt vir den auto virun zebrengen. Den rescht get an hetzt emgesaat. Den elektro- motor huet dat probleem net. Duerfir mol ofwarden waat kennt. Et ass komesch dass leit eng art glaubensbekenntness zum e-Auto oder zum B an D- auto machen. Et gouf emol vum WAnkel-motoer geschwaat an getest. Do kennt elo kaum nach eppes. Do hunn dichtungsprobleemer bestaanen. Mee do och war d'basisbewegung en rotativ. Mengen mam E-auto wieren d'verkeiersprobleemer geleist ass alt och esou en glawensbekenntness. Me alles op öffentlechen transport, en plus schinnen, setzen ass och gefeierlech. Ween dat net wellt glewen soll mol kucken waat schons e puer mool an Frankireich gelaaf ass. Do get regelrecht chantage gemeet. D'leisung leit wei emmer um goldenen mettelwee. D'freiheet vum enzelnen ass och eppes wert.
-
knadderpit10.09.2023Et war och zou eiser Zeit an de 70 er e Luxus. Mir hunn zeitweileg 10 1/4 % Zensen op eis Schold bezuelt a sinn mol einfach 10 Joer net an eng Vakanz gefuer. An en decke Prime-Car ass et och net ginn. Awer ass Haut esou Eppes gesellschaftlech nach machbar?
-
Kriddelschass10.09.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
Maulwuerf10.09.2023Elo sin mir beim Index duerch, gin wahrscheinlëch e puer Tranchen verluer, d'Collektif-Verträeg wäerten zu 0,00 goën, well jo die Indextranchen 2024 mussen resp. sollen (laut H. Fayot) nogehol gin. Dann kann éen jo elo zum näechsten Thema iwergoën fir den Salarier ze drëcken. pb
-
Nei_Hei10.09.2023Firwat hu mer esou laang ofgewaart? Well eise Premier de Courage net hat fir et ze maachen. Schliisslech wëlle mer jo nach eng Kéier erëm gewielt ginn, obwuel mer net an eng Regiirung goe wollten...
-
den_Kneckert10.09.2023Madame Dieschbourg kuckt ganz gären an Zukunft.Ech och ann hoffen dass dei greng bei der nächster Regierung net mei dobäi sinn
-
Knueterbatti10.09.2023Wat hannerte 4 Wänn geschwat gin as wess ech net. Dat war elo Öffentlech gesout gouf ......glewen ech och net. Politiker sotten wirun e puer joer, As besser das Volek net diew alles wessen, well sooss ........
-
Verstinechnet10.09.2023“huet sech e Schong ausgedoen, a mat dësem op d’Notizen getrëppelt.” Spillschoul awer net EU-Parlament !