METEO - Meteolux mellt
Fiichten Pull
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 10:28 bis 21:56 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trump197831.08.2023“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.
-
de_Feierbop31.08.2023Léiwe Max, wann ee villäicht Händchen undeet, dat kritt een och net sou séier kal Fangeren BG, ;-)
-
Meckerhary31.08.2023Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.
-
Donald Duck31.08.2023Wéi wier et, wann d’Chamberpolitiker bénévole schaffe géingen? Si hunn jo all en d’Job, oder 😎?
-
Neckel300031.08.2023Ganz interessant d'Ausfeierungen iwwert Sartre a Nietzsche. Ech mengen domadder kennen hautesdags emmer mei Leit appes ufaenken amplaz vun bibleschen Maerercher. "La vie n'a pas de sens, a priori. Avant que vous ne viviez, la vie, elle, n'est rien, mais c'est à vous de lui donner un sens, et la valeur n'est pas autre chose que ce sens que vous choisissez." (Jean-Paul Sartre - L'existentialisme est un humanisme)