METEO - Meteolux mellt
Prallen Himmel
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 13:29 bis 19:14 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Minettsdap30.08.2023D'Garde parallèle fonctionneiert perfekt an et sin 1/3 mei Leit all Dag an der Urgence? Ursprünglech war dei Garde parallèle vun der Mme Mutsch "erfonnt" gin, fir dass manner Leit pro Dag pro Spidol an d'Urgence komme sollen, fir dass d'Wardezeiten erof gin. Et kann also keng rieds sin dass alles perfekt klappt. Au contraire, d'Problemer an den Duercherennen gi just nach mei grouss. Mei Leit dei an d'Urgence kommen, parallel gin awer maisons médicales finanzeiert an Dokteren bezuelt fir do Permanence ze maachen während dei am Spidol mol einfach onbezuelt duebel sou vill Garden mussen maachen. D'Personal op de Stäck schléit de Kopplabunz well elo all Dag vill Admissiounen sin, ouni dass nëmmen 1 Persoun mei Personal zur Verfügung steht. Et as eng Katastroph.
-
gestressten30.08.2023An och eppes wat total onlogesch ass: De Moien hunn ech an engem Interview um Radio héieren, dass d’ Schüler dat Material wat se vum Léierpersonal gemailt kréien erausdrécken a klasséiere sollen. An dem hei Bericht get da vun Druckerpatroune geschwat déi netdärfe verkaf ginn, well déi net zum essentielle Material gehéieren.... Irgend eppes do net wéi se esou schéin an der Politik soen “ koehrent”.
-
Kropefra30.08.2023„dass iergendwellech Institutiounen, Gruppen oder Personnagen d'Wourecht verheemleche wëllen, d'Leit also "domm" hale wëllen. “ Ass jo awer dacks hei scho gesot ginn, net eleng d’NASA mee iwwerhaapt d’Amerikaner. Mat hire Satelliten. Fake. D’NATO stécht vläicht och derhannert? Hinne geet et just drëm de Mënsch ze kontrolléire. Grad mam Navi, wou d’Signaler vu Satellite solle kommen. SI dobausse weisen der de Wee. Ass dat net Beweis genuch. Wou bleiwt d’Fräiheet wéi fréier, sech alt emol ze verennen. A Newton oder Einstein mat hiren Theoriën. Allkéirs hat néideg eng nei Mathematik derfir erfonnt ze ginn. Wou bleiwt wat mer an der Schoul geléiert haten? Jidderee weess, d’Somm vun de Winkele vun all Dräieck ass 180 Grad. Ma da schneid emol en Dräieck aus engem Blad a probéiert deen op e Ball ze pechen. Geet net gell? Irgendee Winkel hätt néideg vergréissert ze ginn. Also d’Winkele vun Dräiecke méi grouss wéi 180 Grad? Dat widerleet eleng scho mat einfachster Mathematik d’Kugeltheorie.
-
Elo_haal_awer_op30.08.2023H. Urbé, Komesch ausso haut bei der virstellung vum sozial almach: Dir sidd der meenung ët wir ongerecht, wann den, den 10 mindestléin verdingt, nëmme op 5 mindestléin cotiséiere däerf. Op der aner säit reegt dir iech iwwer déi déck pensiounen op. Mengt dir nët, wann de legislateur erlaabe géif op 10 mindestléin ze cotiséieren, da géifen d’pensiounen nët bedeitend méi héich gin zu lëtzebuerg wéi är befierchtung? A wann ee chiffren vun décke pensiounen avancéiert, da sot de leit och vu wéivill mindestléin dir schwätzt; de mindestloun läit ëmmerhin bei +2000 € monatlech! Nët ze vergiessen de positiven impakt vun de pensiounen op d’wirtschaft vun eisem land!
-
Mengmegnung30.08.2023Mir war seelen eng CL esou egal wéi elo. Ech kann keng vun deenen leschten 4 gesinn.
-
luxusbuerger30.08.2023Madame Dieschbourg kuckt ganz gären an Zukunft.Ech och ann hoffen dass dei greng bei der nächster Regierung net mei dobäi sinn
-
De_Popst30.08.2023Duerch dee riesegen Populatiounswuesstem vun +- 13.000 Leit/Joer brauche mer och ëmmer méi Infrastrukturen. Leider ginn awer vill manner Stroosse gebaut wéi Akafszentren.