METEO - Meteolux mellt
Arktesch Fiichtegkeet
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 04:28 bis 06:48 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Schockeierten29.07.2023Wéi wier et, wann d’Chamberpolitiker bénévole schaffe géingen? Si hunn jo all en d’Job, oder 😎?
-
haldechkleng29.07.2023- D'NATO war de facto als Verdeedegungspakt virgesinn, ass awer säit laangem zum Ugrëffspakt mutéiert, deen ënnert dem Deckmantel vun der Freiheit mat provozéierte Kricher vill Länner destabiliséiert, an de Koup bommt, an Milliounen Doudeger ze veräntweren huet. - Wéini gëtt d'Positioun vun der NATO endlech iwwerduecht?
-
haldechkleng29.07.2023E groussen Rafael Nadal, souverän, an hien zitt gläich mam Roger Federer mat 20 Grand Slam-Titelen.
-
DirtyHarry29.07.2023Et konnte Vaccinë entwéckelt ginn, déi eng Erliichterung woren an elo d'Hoffnung duerstellen, datt mer all endlech aus deer Kris rauskommen? Wou d’Spideeler sech fëllen, gëtt awer hei Leit d’Wuert ginn, déi keng Skrupel hunn déi Fräiheetshoffnung ëmzedréinen, an déi keng Grëtz Matgefill weise fir d’Famillje vun deenen déi d’Krankheet net iwwerliewt haten, a kee Respekt weise fir all déi Leit, déi de Kranken hëllefen. Et wir dat mannst wat ee vun all ziviliséirtem Mënsch erwaarde kënnt. Géif jidderee sou denke wéi déi Demonstranten, ounst éierlech Unerkennung vum positiven Impfeffekt an ounst e Minimum u Vertrauen an Dankbarkeet fir d’Medizin an d’Pfleeg, dann hätte mer séier en Zoustand wou kee méi deem anere vertraue géif. Wou d’Zesummeliewe net méi méiglech wir. Mat hirem Verhale schueden déi eng wéi déi aner dem Zil aus der Pandemie rauszekommen an domat äis all deels physesch a psychesch. Dofir wir et méiglech sou eppes souguer aus liberalistesche Grënn ze verbidden.
-
Mengmegnung29.07.2023Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
Gleewennetalles29.07.2023Eng grouss victoire fir den E.Macron 👍 Hien as elo fir d'zweet gewielt gin, seng Viirgänger net. Hien huet 18% méi Stëmme kritt wéi Le Pen. Hie wees wat seng nei Regierung elo bidde muss a wien hien mat an d'Boot juele muss. E smarte Borscht 👍👍
-
Iddefix29.07.2023An daat as och gudd esou..
-
KriteschKritik29.07.2023Alt erëm eng vun deene Plazen, wou ee mengt: Wier et net besser gewiescht, si hätten och weiderhin Gromperen op där Plaz wuesse gelooss.
-
Letzebuerger_Patriot29.07.2023Et kinnt een d'Problematik och ëmkéieren: Dacks, awer Gott sei Dank net ëmmer, sin d'Patienten Affer vu verbaler Gewalt an de Spideeler. Zumols wann d'Patienten d'Sprooch vum Fleegepersonsal net richteg verstinn an ëmgedréint. Et kënnt vir dass d'Personal d'Patienten, zumol wann se schonn e gewëssen Alter erreecht hunn, net méi vir voll huelen a sie behandelen wéi wann se dement wieren. Ech weess vu wat ech schwätzen, gleeft mir et.