METEO - Meteolux mellt
Südlechen Nidderschlag
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 07:11 bis 21:51 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Schockeierten09.07.2023Stären-an aner deier Restauranten mat Rechnungen locker iwer 150€ fir 2, sen geduet dat dei Leit enner sech bleiwen.
-
KNOUTERBATTI09.07.2023Et war och zou eiser Zeit an de 70 er e Luxus. Mir hunn zeitweileg 10 1/4 % Zensen op eis Schold bezuelt a sinn mol einfach 10 Joer net an eng Vakanz gefuer. An en decke Prime-Car ass et och net ginn. Awer ass Haut esou Eppes gesellschaftlech nach machbar?
-
Mausketti209.07.2023Wat sinn dat da fir Pläng? „Bis Mäerz sollen d'Soumissiounen heifir era sinn.“ An „ ...wann an den Ae vum Minister eréischt Mëtt dat anert Joer méi Prezises dozou ze soe wär.“ Wourop baséieren déi dann hir Soumissioun, wann sou wéineg Prezises bekannt ass. Vläicht wëssen di Leit och méi, just mir net. Oder awer de Minister weess et selwer nach net esou genau?
-
Gaardebounen09.07.2023Ech war de Mueren am CHL an hat mat 6 Leit vum Personal ze dinn. 5 hu mat mir Lëtzebuergesch geschwat, dovun waren der mindestens 3 keng Letzebuerger. Ech kréien all Kéier en décken Hals wann ech di rietspopulistesch Kommentaren am rtl.lu liesen.
-
gestressten09.07.2023An denen 7 Joer wou elo schon all Dag duerch den Tunnel fueren war do net oft ee Accident. Déi meecht Stauen vun Däitschland aus sinn well erem eng Säit zou ass wéngst Maintenance. Ech kann och bezeihen dass do regelmässeg mat 110km do d'Leit duerchgefuer sinn, awer normalweis ouni dass et geknuppt huet (Gott sei Dank) Wann ech haut mam Tempomat ob 90 do rafueren da léisst hie mech matrou, och wann ech matzen am Tunnel net méi un hien denken. :-) Wat ech awer net verstinn, wann ech a mäin Auto klammen an den Trafic ob RTL lauschteren, da si gefillt iwwer 95% vun den Accidenter ob der A13 am Westen. Eileréng ass zum Beispill uewe scho genannt ginn. Virwat also ee vun den éischten Streckeradar ob sou enger rouecher Plaz installéiert...? Den zu Gonnereng, also ob der Echternacher Streck, huet ouni Zweifel vill Liewwen gerett, mee am Markusbierg Tunnel... Géiff do gär d'Raisonement vun den Responsablen wëssen.
-
Kritiker09.07.2023D'Impfgéigner wëlle keen Dialog, sie wëllen Narrefraiheet. Sie wëllen dass mir alleguer hier faktesch falsch Ideologie, déi net nëmmen hinne selwer schued, mee eis alleguer, einfach hinhuelen an ënnerschlëcken. Doriwer eraus erklären se eis bei all Geleegenheet entweder zu Schof oder verglaichen eis mat Nazien, während se mettlerweil all Samsdes wi Schof nierwend rietse "Patrioten" an Casseuren matmarschéieren. Fann de Fehler. Vill Leid sin degoutéiert an ech kann eisen Impfskeptiker nëmme soen, et get och een Dono. No Corona. An et get net alles vergiess. Dir sidd flait och eng Kéier ob Solidaritéit ungewisen an ech hoffen fir ierch dass är Matmënschen dann net nodroend sin.
-
geftzwersch09.07.2023...Chapeau vir di jonk talentéiert Cyclistin. Vir an der selwechter Zäit iwwer d'Arrivée ze fueren wéi di néi Europameeschterin, dat ass eng aussergewéinlech grouss Leeschtung ! Si ass och eng grouss Hoffnung vir de Lëtzebuerger Dammecyclissem....
-
Enn_Letzebuerger09.07.2023Als Buergermeeschter vun senger Staat ofgewielt, dann Minister!!! Wann en Kompetenz schon net huet fir eng 3000 Awunnerstaat ze geréieren, wéi soll en dann esou en Ministär géréieren? Net vergiessen, den Här ass ni als Minister gewielt ginn, hien ass nogeréckelt no all de Skandaler an der grénger Partei... Hoffentlech ännert dat sëch elo am Hierscht...