METEO - Meteolux mellt
Bedeckt Abrëllswieder
Photo: freepik.com
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 00:25 bis 04:53 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
JEAN-FRANCOIS19.06.2023Wou ass dann do de Problem ??? Ech drenken schon seit Joeren keen Alkohol méi. An den 80er Joeren wéi et nach grouss Sylvesterfeieren zu Ettelbréck an der Daichhal goufen hunn ech nie eng Drëpps Alkohol gedronk, ech brauch nämlech main Führerschain. Ironescherweis hunn ech um Heemwee an däer Nuecht eng Policekontroll gesin. Ech ginn och ëmmer vum Standpunkt aus datt och wann ech vlaicht nie een Autosaccident enner Alkoholafloss hätt dann wier ech awer drunn wier falls dann mol een aneren an mech géif rennen.
-
EsouAwerNet19.06.2023Ech si geimpft a wäert mir geschwënn mäin Booster siche goen an an e puer Méint wuel meng véiert Impfung. Dat ass eben am Moment deen eenzege Wee fir d'Pandemie iergendwéi am Grëff ze behalen. Trotzdem sinn ech skeptesch wat eng Impfpflicht oder een Impfzwang ugeet. Hu mir wierklech all aner Moyens genotzt fir all d'Leit ze informéieren, ze sensibiliséieren, opzeklären? Kann een net nach méi Impfbusser o.ä. asetzen oder an all den Akafszentren präsent sinn? Op youtube oder aner soziale Medien nach méi gezielt sensibiliséieren? Wann d'Leit nët bei d'Impfung kommen (kënnen/wëllen ...), da muss d'Impfung bei d'Leit kommen!
-
Matbierger19.06.2023Nujee, dass den Artikel an der Zeitung sech muss op Lux-Privat bezéien, déi sech als eenzeg géifen trauen eppes ze schreiwen, schwätzt elo nët fir d'Substanz vun deem Artikel. Ben il n'y pas de fumée sans feu.
-
Weltbiirger19.06.2023firwat get dei Päischtcroisière hei an den medien sou heich gehaal?huet dat irgendeppes mat der Letzebuerger Kultur ze din?ech mengen net.
-
Letzebuerger_Patriot19.06.2023Aaah Gott sei Dank hiet de Poebel nees eppes fonnt fir iwer d‘Armei hier zefahlen. Bei den Zelter oprichten lenks a riets waren se awer frouh wei d‘Armei do war
-
de_Feierbop19.06.2023Zitat vun der EU-Site: "The risk associated with COVID-19 infection for people in the EU/EEA and UK is currently considered moderate to high". De Risiko Level ass "moderat bis héich" an nach net "héich". Mir wëlle jo net méi Panik maache wéi néideg....
-
Gaardebounen19.06.2023Alles nemmen gebraddels E meindeg ales vergies wat se haut verspriechen Nemme weider Leien do ass en den da jo gudd kann Ee wiessel muss kommen fort mat Greng der Befiermundungs a Verbuetspartei De Blo nemen o e men show mat Liigen ennermauert a mat de Lei blenden
-
LuxTroll19.06.2023Wéi wier et, wann d’Chamberpolitiker bénévole schaffe géingen? Si hunn jo all en d’Job, oder 😎?
-
de-ben19.06.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.