METEO - Meteolux mellt
Fiicht Opklärung
Photo: RTL1
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 04:42 bis 14:17 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Wuermdran31.05.2023"D'Leit solle kënnen decidéieren, wie se op Regierungsniveau dirigéiert" Wat soll da vill Gescheites dobäi rauskommen? Déi verhaaste Gréng wäre mol direkt net méi dobäi, well d'Emwelt as de meeschte Landsleit keen Cent wert, Haaptsaach de Benzin gëtt méi bëlleg, d'Landwirtschaft kritt keng Oplage méi wéinst der Waasserqualitéit an dem Déierewuel, Bëscher gi rem rentabel fir d'Holzwirtschaft, asw. asf. Onbegrenzte Wirtschaftswuesstem a Konsumwahn bis zum Kollaps. Dann hu mer et net anescht verdingt.
-
Nickla31.05.2023Virun e puer Joer hunn d'Parteien iwwert déi Duebelmandater diskutéiert asou weider, a wat ass geschitt? Guer näicht. Dee ganze Walsysteem misst iwwerduecht ginn. Ech wielen keen bei de Gemengewalen, wou ech schons am viraus wees datt déi Persoun och bei de Chamberswalen dobäi ass.
-
Kritiker31.05.2023Wiesou sollen se dat kreien? Vier Kanner mam Suv an Schoul ze transportieren!!!! Ne ne ne !!!Sie kreien jo och mei Kannergeld!!!!!🙈🙉🙉
-
LuxTroll31.05.2023...dat wat Madamm Annick Goerens seet, Zitat : "...Politik bleift ebe Politik" passt an dësem Fall wéi d'Fauscht op d'A ! CSV huet Joerzéngtelaang mat gehollef Steiernischen duerch Rulings etc. ze schafen, an ass elo der Meenung dass déi Mëssbrauchsméiglechkeete déi beim Regimm vun de Stock Options, a FISen bestinn, esou séier wéi méiglech mussen ënnerbonnen ginn, dat am Sënn vun enger méi grousser Steiergerechtegkeet ! Dat éiert CSV, an duerfir muss en och hirem Parteipresident Frank Engel zougestoen, dass hien de Courage hat déi Diskussioun ze lancéieren, an mat zwou Motiounen déi dozou vun hinnen an der Chamber abruecht gi sinn vir se ob den 01.01.2021 ofzeschafen net duerchkoumen...a vun de Majoritéitsparteien ofgeleent goufen ! ...Schued dass des Majoritéitsparteien, déi bestëmmt dé Mëssbrauch och wëllen ofschafen, net doriwwer kommunizéiert wéi wéit si domat sinn...och wann et eng komplizéiert Matière ass, vir doriwwer ze legiferéieren ! ..wéi wärt CSV dann oofstëmmen ?
-
den_Schockeierten31.05.2023Et ass jo och vill méi liicht, sech bei RTL o.ä. an den douzou gehéirende Commentairen ze informéieren.
-
Knueterbatti31.05.2023Wien as hien ?
-
JEAN-FRANCOIS31.05.2023Schuett dass den Hummels nett derbei ass den Kommetair hätt ech gär heieren