METEO - Meteolux mellt
Kloert Loftlach
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 19:10 bis 00:40 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kritiker17.05.2023Dat doen stemt tonnenweis Material an do goeuf zou gemeet ,ech war och demols zu Bettembuerg op WSA
-
Expert17.05.2023Wahlrescht soll een hunn awer keng Wahlpflicht, Demokratie ass Fraiheet, wann ech muss dann ass et keng Frai endscheedung, dann ginn ech Dikteiert appes ze machen.
-
Letzebuerger_Patriot17.05.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
LuxTroll17.05.2023Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Anna_List17.05.2023De Putin kroopt sech also e Land mat Buedemschätz an mir probéieren hien vum internationalen Marché ze isoléieren. Interessant, interessant. Ech si gespant wen do den Dommen ass.
-
EsoueweiEchdaatgesin317.05.2023Wenn Fliegen hinter Fliegen fliegen, fliegen Fliegen Fliegen nach...
-
De_Popst17.05.2023Firwat gitt der da lo all sou rosen ? wéivill vun deenen, déi lo su haard hei jäitzen, klappen haerno op den snct wann se an enger langer Waardeschlang musse stoen, ebe just well all di contrôle mussen nogeholl ginn. Rechend dat mol op 3 bis 4 Méint aus. wann dat serieux no de Virgaben ofgeweckelt gett (Distanzen asw) misst dat dach machbar sinn.
-
Mausketti217.05.2023Ech sin mat alles d'accord waat de Mann seet,mais datt en vir een weideren Ausbau vun der Wand-a Solarenergie plädéiert,kann ech nët verstoen. Déi erneierbar Energien hun guer nët de moyen vir ons Energie ze sëcheren,well se einfach déi sougenannten "Grundlast"nët könne garantéieren,well se nët ëmmer gin,(kee Wand ,keng Sonn). Da mussen derniewend nach ëmmer déi konventionell Kraftwierker laafen,vir de Stroum ze machen,well een déi nët einfach kann aus an uschalten. An déi arem Länner gin ausgebeut vir un de Rohstoff vir Solarzellen ze kommen,Kanner mussen do ënner onméiglechen conditioune schaffen,an ganz Landstrécher gi verseucht mam Ofbau vun der matière première. An dann ass den recyclage vun den Baudeeler vun de Wandmillen am Moment nach nët machbar,do gin dausenden Tonnen vum Material,z.B.vun de Rotoren,einfach a riesen Lächer am Buedem agebuddelt. Déi sëlleche Viegel déi dene Wandmillen zum Opfer falen,Landschaftsverschandelung,an alles vir eng Technik,déi nie eis Energie ka sëcheren.Daat ass alles nëmmen reng Geldmacherei,déi eenzeg déi eppes dovun hun,sin d'Firmen déi se opriichten,déi Leit de se op hiere Stécker stoen hun,an déi déi bestach gi sin vir datt déi Dénger iwerhapt daerfen opgeriicht gin! Awer daat erzièlt éch kee Gréngen a keen vum Mouvéco.