METEO - Meteolux mellt
Kill Schnéiketten
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 03:07 bis 00:27 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Fachmann09.03.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
Maulwuerf09.03.2023Ech liesen nach den Privat dat ass nach ongefiltert an net Partei gebonnen
-
geftzwersch09.03.2023Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!
-
Kriddelschass09.03.2023Staark Meenung, géif ëch emol hei mengën! Bravo.