METEO - Meteolux mellt
Südlecht Äis
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 14:08 bis 04:12 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kridelech26.01.2023Irgend eppes stemmt hei net: mir kreien vum Minister Bausch net duechgerechnet vivill Tonnen CO2 enstin fir den Satelitt héichzeschéissen. Wehe awer mir furen mam Auto dann muss sech geschummt ginn, well mir zevill Besin verbetzen.
-
Weltbiirger26.01.2023......et kéint een d'Altersheemer jo awer och gratis maachen ?
-
Politmotor26.01.2023Majoo da loose mer jideren maachen soen a posten waat e well da kucke mer wou ma dann hikommen. Ech wees beim beschten Wellen net waat de Mann sech denkt fir esou e Blödsinn ze soen. Wann zum Beispill jideren an der Pandemie seng Fräiheeten behaalen hätt dann hätte mer nach vill mei Doudecher gehaat. Ech fannen dass mer zu Letzeburg méi wei genuch Fräiheet hun. Da loosen mer der ganzer Kriminalitéit nach mei Fräiheet z.b an eiser Stad da kuke mer wou Rees dann hingeet?Ech kann nemen de Kapp resselen
-
Kriddelschass26.01.2023Ech sin mat alles d'accord waat de Mann seet,mais datt en vir een weideren Ausbau vun der Wand-a Solarenergie plädéiert,kann ech nët verstoen. Déi erneierbar Energien hun guer nët de moyen vir ons Energie ze sëcheren,well se einfach déi sougenannten "Grundlast"nët könne garantéieren,well se nët ëmmer gin,(kee Wand ,keng Sonn). Da mussen derniewend nach ëmmer déi konventionell Kraftwierker laafen,vir de Stroum ze machen,well een déi nët einfach kann aus an uschalten. An déi arem Länner gin ausgebeut vir un de Rohstoff vir Solarzellen ze kommen,Kanner mussen do ënner onméiglechen conditioune schaffen,an ganz Landstrécher gi verseucht mam Ofbau vun der matière première. An dann ass den recyclage vun den Baudeeler vun de Wandmillen am Moment nach nët machbar,do gin dausenden Tonnen vum Material,z.B.vun de Rotoren,einfach a riesen Lächer am Buedem agebuddelt. Déi sëlleche Viegel déi dene Wandmillen zum Opfer falen,Landschaftsverschandelung,an alles vir eng Technik,déi nie eis Energie ka sëcheren.Daat ass alles nëmmen reng Geldmacherei,déi eenzeg déi eppes dovun hun,sin d'Firmen déi se opriichten,déi Leit de se op hiere Stécker stoen hun,an déi déi bestach gi sin vir datt déi Dénger iwerhapt daerfen opgeriicht gin! Awer daat erzièlt éch kee Gréngen a keen vum Mouvéco.
-
Weltbiirger26.01.2023E ganze leiwe Commentaire vum Christiane Kremer den metteg am Radio,Treinen sinmir a mengem Mann komm well Jeannine war eng herzlech Persoun,onst herzlechst Beileed un seng ganz Famill a Frenn,mir waerten hat nie vergiessen
-
KengduebelMandater26.01.2023Agesiesse Politiker ginn net genuch no hirer Kompetenze gemooss, vläicht hunn se mol guer keng Kompetenzen, et kennt een se an et ass éischter eng Bistrot-Politik a wanns de ee kenns deen ee kennt, da geet villes. Duerfir ass et gutt dass extern rekrutéiert gëtt an dat huet sech jo an der Lescht als positiv erwisen. Leit déi den Terrain kennen a preparéiere fir "hir jeeweileg Minister" sinn éischter a méi kompetent wéi de jeeweilege Minister selwer deen säi Kreepchen ënner de Pabeier setzt.
-
kartoffel26.01.2023Ech wollt just heizou soen, dass Hellef Doheem net den Monopol vum Tele-Alarm hei am Land huet. De Bierger huet hei een Choix. Ganz zefridden sin d'Leit mat Help24, deem Service vun Help, den niewend Berodung an den Beraicher Secherheet an Autonomie doheem och den Tele-Alarm ubied. Soweid ech wees kennen d'Gemengen ,iwert eng Konventioun mat Help24, sech un de Fraisen vom Tele-Alarm bedeelegen.