METEO - Meteolux mellt
Stiermescht Héichdrockgebitt
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 16:05 bis 07:23 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Emmer daat selwecht25.01.2023Bravo Här Fayot, ee Mann dee sech traud.............top
-
tetrapack25.01.2023Et war eng ganz spannend course, mee den max kann dem Masi merci soen, well haut huet FIA wm entscheet, egal op et en feeler vun mercedes war den Hamilton net eng 2 keier eran ze huelen, mee dat ass des saison schon oft schief gangen,
-
Trulla25.01.2023Wann all dei leit, dei Angscht hun mam Auto ze fueren, Angscht hun mat 90 ze fueren wann 90 steet, hieren Auto net enner Kontroll hun oder net wessen wei een domadder fiert. Wann all dei leit freiwelleg op hieren Auto verzichten geifen, dann geif et 1. vill manner Autoen op onsen Strossen gin 2. Dei leit dann och eppes fir den klima gemaach hun 3. Jiddereen mei glécklech wier. Dei leit dei Angscht haaten hun keng Angscht mei, an dei dei sech opreegen, brauchen dat och elo net mei. Spass be sait elo mierkt een schon dass sou vill leit firun den tunnellen abrupt oofbremsen fir dann mat 70 eranzefueren. Ech froen mech op dat net op dauer och zu Accidenten ausserhalb vun den Tunnelen feieren wärt
-
Kropefra25.01.2023Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?
-
Mausketti225.01.2023Madame Dieschbourg kuckt ganz gären an Zukunft.Ech och ann hoffen dass dei greng bei der nächster Regierung net mei dobäi sinn
-
KengduebelMandater25.01.2023Gewerkschaften wéi OGBL et Co kéinten de Läit jo lo mol déi 20 Prozent déi se net kréien bei der Paie bei leen. Déi hunn jo well Joren laang cotiséiert an nach naicht zeréck kritt !!!
-
Maulwuerf25.01.2023...Mënschlechen Aarmut, genau déi Beschreiwung passt op dat wat de Moment op der Tierkesch Griichescher Grenz geschitt ! Den Här Erdogan bei dem bis elo Milliounen Flüchtlingen "geparkt" goufen, an hien duerfir ganz ferm a vill finanziell Mëttelen vun der EU krut, a weider Milliounen fuerdert...vir eis virun der Invasioun vun deenen Leit déi viru Krich an Elend aus hirer Länner flüchten an iwwerfëllten aremséilegen Lageren dobehält… D'Griichen ville sech ...a mat Recht.... zimmlech am Stéch gelooss vun der EU, well si de Pech hunn am nächsten vun der Tierkei mam Flüchtlingsdrama konfrontéiert ze sinn...villes vun der EU versprach kruten, mä ganz wéineg ëmgesat ! ..a wat mech EU....mir diskutéieren an déi di am allermeeschten vun der EU gehollef kruten, speziell Länner wéi Ungarn, an aner Staaten aus dem fréieren Ostblock, ….déi blockéieren alles a refuséieren och nëmmen een eenzegen Flüchtling bei sech Asyl ze accordéieren ! Et ass eng desaströs lamentabel an inhuman Situatioun...vu Mënschen verschëllt...an elo ze gesinn, mat wéi engen Mëttelen Tierken a Griichen "hir" respektiv Astellung zum Problem weisen, net akzeptabel dass Tierken mat Falschinformatiounen d'Flüchtlingen op Griichesch Grenz lackelen….an d'Griichesch "Grenzschützer" déi mat Gewalt op d'Flüchtlingen andreschen….an esou guer op se schéissen !!!!!! ...dass einfach degueulasse an e "Mënschlechen Aarmut" wéi d'Madamm Maxime Gillen an hiren commentaire ausdréckt trëfft den Nol op de Kapp ! Ganz grousst Kompliment un eisen Ausseminister, den Här Jean Asselborn, den Flüchtlingskanner (...wann ech richteg informéiert sinn, sinn et Kanner déi net vun Erwuessenen begleet sinn) ugebueden huet se hei zu Lëtzebuerg opzehuelen an no hinnen ze kucken …..Chapeau Här Asselborn !