METEO - Meteolux mellt
Niwwelegt Äis
Photo: Richard Allaway
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 15:36 bis 17:24 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Meckerhary05.01.2023Top, de Charles Leclerc huet sech locker Pole virum Max Verstappen geholl. Bravo Ferrari! Let's go Lewis Hamilton, näischt ass onméiglech!
-
DePefferkaerchen05.01.2023Di fräi Meenungsäusserung, déi mer ëmmer méi verteidege mussen, kann duerchaus geféierlech ginn, wann an enger Äusserung Falsch- oder Feelermeldungen dra leien. Sou schreift den Auteur: „... bekommen nun auch Jungen eine Gebärmutterhalskrebsimpfung verpasst, was wohl jeden halbwegs vernünftig denkenden Menschen staunend und sprachlos zurücklässt.“ Wann een sech bei der richteger Quell informéiert (http://www.who.int/mediacentre/factsheets/fs380/fr/), da wier sou en Ausrutscher ni geschriwwe ginn, an dee weist op e mangelhafte Kenntnisstand vum Auteur hin. Firwat dann d'Jongen och impfen: http://www.bag.admin.ch/themen/medizin/00682/00684/03853/index.html?lang=de do ënner „Publikationen“ Dee Virus ass nämlech net nëmme fir de Gebärmutterhalskriibs verantwortlech. E Bild seet heiansdo méi aus, wéi e laangen Text: http://www.cancer.ca/~/media/cancer.ca/ON/get%20involved/take%20action/what%20we%20are%20doing/HPV%20Campaign/CCS-Poster-Infographic--FRENCH.pdf All Medikament huet seng Niewewierkung(en). Leider! Wann een den Akzent just do drop leet, dann nëmme séier d'Fanger wech vun der Aspirine! Och kann een un eng Konspiratioun (vu weem och ëmmer) denken, am Sënn, lo kënnen d'Leit endlech fräie Sex hunn, ouni Gefor(en) ausgesat ze sinn. Wat sou, trotz der Impfung, net stëmmt. Eng Impfung wierkt ëmmer nëmme spezifesch. Oder er denkt een un de Lobbyismus vu Firmen, Associatiounen, déi mat Hëllef vu Medikamenter räich wëlle ginn. Et kann een sech vill där Szenarien ausdenken; et ass awer keen derbäi, deen een als Eltere vu senger Verantwortung, de Kanner géinteniwwer, entbënnt. Schued eigentlech, datt d'Fraen d'Wuert net ergräifen, well et geet hei ëm hir kierperlech Gesondheet, an déi vun hirer Duechter; eng Gesondheet, déi duerch d'Männer kräfteg hypothekéiert ka ginn.
-
gunman05.01.2023Et war effektiv een Fehler op d‘Eegeverantwortung vun de Leit ze zielen . Et senn puer aaler ,mee haaptsächlech jonker dei sech absolut onverantwortlech geintiwer der Gesellschaft verhaalen. Keen Respekt an keen Verantwortungsgefill geintiwer aneren. Traurig .Skandaleis. Et dauert villen Herrschaften ze laang , dat ganzt. Haut des Daags muss dauernd Party senn , net vill Leit kennen an wellen sech Zeit huelen fir och mol eroof ze kommen , ze Liesen , stonnenlang spazeieren ze goen a.s.w .
-
Gleewennetalles05.01.2023E-Auto (komplett oder hybrid) sinn eppes neies, also muss nach vill gescheien fir dass et sech verbessert an accepteiert get. En hierkömmlechen motor huet een ganz groussen nodeel. Et muss eng linear bewegung (Kolben am zylinder) an eng rotativ emgesaat gin duerch d'cadran-wellen. An bei deer transformatioun geet vill energie verluer. Et gin ongefeier 20% genotzt vir den auto virun zebrengen. Den rescht get an hetzt emgesaat. Den elektro- motor huet dat probleem net. Duerfir mol ofwarden waat kennt. Et ass komesch dass leit eng art glaubensbekenntness zum e-Auto oder zum B an D- auto machen. Et gouf emol vum WAnkel-motoer geschwaat an getest. Do kennt elo kaum nach eppes. Do hunn dichtungsprobleemer bestaanen. Mee do och war d'basisbewegung en rotativ. Mengen mam E-auto wieren d'verkeiersprobleemer geleist ass alt och esou en glawensbekenntness. Me alles op öffentlechen transport, en plus schinnen, setzen ass och gefeierlech. Ween dat net wellt glewen soll mol kucken waat schons e puer mool an Frankireich gelaaf ass. Do get regelrecht chantage gemeet. D'leisung leit wei emmer um goldenen mettelwee. D'freiheet vum enzelnen ass och eppes wert.
-
Tata-Sidoni05.01.2023Dir stitt net eleng do. Och mir si concernéiert, awer mat der CNS. Si wëlle säit Joeren alles vereinfachen, mee ech hunn nach näischt dovun gemierkt?! Et huet ee Rechter, mee et muss een dofir streiden, méintelang! An dat an engem Land déi esou top wëlle sinn an no de Stäre wëlle gräifen. Si kréien den Alldag emol net an de Grëff. Dëst sollt iech e klengen Trouscht sinn!!!