METEO - Meteolux mellt
Südlecht Déifdrockgebitt
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 13:31 bis 02:56 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
meteomann14.12.2022Eng Kontinuitéit, wou den Schoss no hanne lass geet.
-
MELLECHKOU14.12.2022da sollen se och d'Europawahlen verréckelen ! Well dann stëmmen sie nach mat of an 2 Deeg derno maachen se séch ewéch ! An eppes Gescheites kënnt bei Wahlen an Britannien NËT eraus ! Daat hun se jo bewisen .....
-
Matbierger14.12.2022Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.
-
NONDIKABES14.12.2022Et kinnt een d'Problematik och ëmkéieren: Dacks, awer Gott sei Dank net ëmmer, sin d'Patienten Affer vu verbaler Gewalt an de Spideeler. Zumols wann d'Patienten d'Sprooch vum Fleegepersonsal net richteg verstinn an ëmgedréint. Et kënnt vir dass d'Personal d'Patienten, zumol wann se schonn e gewëssen Alter erreecht hunn, net méi vir voll huelen a sie behandelen wéi wann se dement wieren. Ech weess vu wat ech schwätzen, gleeft mir et.
-
geftzwersch14.12.2022Dei Petitioun fannen ech ok, mais de Mettelstand gett och emmer rem vergiess.Eng Koppel déi zesumme schaffen geht fir sech iwerhapt kënnen e logement ze leeschten mussen richteg anstänneg Steieren bezuelen well déi 2 salairen zesummegehait gin , en plus as de plafong erofgesat gin sou dass een nach méi muss bezuelen resp.manner kann ofsetzen, an een deen iwer 40Joer laang Steieren bezuelt huet an elo an der Pensioun as kennt och schlecht ewech, merci Här Gramegna, dat as typesch Gambia.....fir d'Famillen gett eppes gemach an de Rescht as hinnen Wurscht!!!
-
Populiste14.12.2022DKanner kënne mat näischt Spille waat dEltere net och an dHaus bréngen
-
den Trellert14.12.2022Ech froen mech waat se deem Besétzer dann an séin Dosier schreiwen!
-
Matbierger14.12.2022Et ass zenter Joeren net méiglech mam Unterrichtsministere eng astänneg Kommunikatioun ze hunn. Den Här Minister schwätzt seng Reforme mat rethoreschen Mettelen schéin. Kritik get net eescht geholl. Um Terrain ännert näischt. Reforme vun 2009 hun net gegraff, sin net emgesat ginn. Naischt get serieux evaluéiert. Fakt ass, dass mer an den internationalen a nationalen Studen emmer mei schlecht do stinn wat Kompetenze vun de Kanner ubelangt. Parlamentaresch Froen sinn e souffrance.. bei 16 Froen ass den Delai depasseier. Op Pressekonferenzen reegen Journalisten sech op well se 6 Meint keng Äntwert kreien. Dat ass alles net mei ok.