MEENUNG - Commentaire vum Nicole Morue
"Dir gitt ënner!!"

© RTL EENT
Wien als Journalist hei am Land seng Aarbecht maache wëll, brauch dacks vill Gedold an eng héich Frustratiounstoleranz. Wou ass de néidege Respekt fir dëse schwierege Beruff freet sech d’Nicole Morue vun RTL Eent an hirem Commentaire.
Et kann ee jo bekanntlech iwwer alles diskutéieren, also och iwwer d’Aarbecht vun der Press. Wat hunn ech mir net schonn alles un de Kapp geheie gelooss. D’Press géif just nach Inbox-Journalismus bedreiwen a Communiquén kopéieren. Mir géifen eis gutt halen, mat deene Räichen a Mächtegen an hätte souwisou just d’Klicks an d’Geschäfter mat de Reklammen am Bléck. Fir déi haart Realitéit am Beruff vun engem, dee beim gréisste Medium am Land schafft schéngt, sech kee Mënsch z’interesséieren.
Jo, ech hu mir dat alles och ganz anescht virgestallt. Géi bei RTL, hu se mer gesot, do kanns de eppes maachen. Wanns de bei deenen op der Antenn eppes sees, dann héieren dech d’Leit - sou huet et geheescht. Jo, ech wor och mol jonk an hat och mol Idealer. An jo, ech haasse mëttlerweil näischt méi wéi Leit, déi nach net op mengem Niveau vu Fatalismus an Nihilismus ukomm sinn. Mee et geet lo och drëms e bëssi realistesch ze sinn. Et ännert een dat gréisste Medium vum Land eben net vun haut op muer. A wou sollt ech da soss higoen? Ech hunn och ee Prêt zeréckzebezuelen, och eng Famill, och ee gewësse Confort a mengem Liewen.
Mir Journalist*inne sinn eben och just Mënschen. Mënschen déi heiansdo och mol een no engem Theaterstéck iwwert den Duuscht drénken an dann d’Kontroll iwwert eist Liewe verléieren. Mënsche mat Emotiounen, Meenungen a mat Feeler. Feeler, déi een awer an de Kontext setze muss. Ech géif jo ni behaapten, dass bei eis, bei RTL Eent, alles an der Rei wier. Mee misst ech elo, just well ech Journalistin sinn, mengem Chef d’Tiräng duerchwulle goen? Just fir do d’Verontreiung a Milliounenhéicht opzedecken? Misst ech lo d’Aarbecht vu menge Koleeg*innen duerch den Dreck zéien, just well verschidde „Reegelen“ a „Gesetzer“ net agehale ginn? Weem géif dat dann eppes bréngen? Wien mengt e kéint d’Welt änneren, dee soll dach emol bei sech selwer ufänken.
Mir hunn am Land eng zoustänneg Institutioun, dat ass de Presserot. De Presserot huet en Deontologies-Kodex a ganz vill verschidde Kommissiounen. Mir hunn hei am Land eng ALIA, also eng Medienopsiicht, déi all d’Méiglechkeeten huet eis op d’Fanger ze klappen, falls et da wierklech esou schlëmm wier, wéi behaapt gëtt. A mir hunn hei am Land eng Politik, déi souwisou schlussendlech ze bestëmmen huet op si sech veraarsche léisst oder net. Firwat soll ech mir dann elo eng siche goen.
-
WouereschtdeetWei25.03.2024Wat mech einfach steiert bei denen gespreischer as einfach das mär vireideroll mussen beweisen!! Mär sin en land mad reicher madbieger an armer!! Net virneischt ged gsot. Luxembourg est Monaco. Sie sollen einfach soen dei mei arm smussen goen. Politik huet mega geschefter gemach Gin mat de russen.primen sin bezuelt gin vir condensatiounn heizung. Blamage total
-
haldechkleng25.03.2024Fréiher zu menger Zait war ett soi-disant eng obligatioun Klibberen ze goen! Wor praktesch e skandal wanns de als jonke Mënsch oder Massendënger nett matgang bass! Haut ass ett, wann iwerhaapt nach, a volonté....
-
Anna_List25.03.2024Wann et der Generatioun X schaffe mer guer nett mei , an de Staat bezillt Spassgeselkschaft.
-
Knadderhary25.03.2024Dat as keng Pizza, mee eng "panzerotta"-ähnlech Kreatioun. An eng echt "calzone" gehéiert weder eng Ardenner Ham nach Figen nach Nëss a wat wees ech nach. Ech si keen Italiener mee ech hu Reportagen an Publikatiounen iwert d'original Pizzaen gesin a gelies, hu schon vill Pizza-Resto vun echten Italiener besicht, hei an och an Italien: weder mat Pizza nach mat z.B. engem Nationaliessen wéi Paëlla mecht een eegal waat. Och nët mat onser Bouneschlupp, dem Tiertech asw.
-
den_hexemeeschter25.03.2024...war den Här Schaaf net géint de "cumul" vun Ämter, nom Prinzip "..qui trop embrasse mal étreint" ...oder sou ähnlech ?
-
Kappressel25.03.2024keng Schold machen fir dei zukuenfteg Generatiounen Dovunner wellt hien och elo neischt mei wessen
-
haldechkleng25.03.2024Eisen Staats ann Gemengenapparat ass iwerdriwen déier ann net esou efficace wéi en misst duerch déi vill Ausgaben sinn. Mier därfen net weider den Féeler maachen fier matt der Briechstang Land ann Firmaen nei ann d‘Land eranzehuelen matt den Zil doduerch weider iwerdriwwen heich Beamtengehälter ann Pensiounen ze bezuelen. D‘Kapital muss méi gerecht bestéiert ginn, Allocatiounen oder Subventiounen just do ausbezuelt ginn wou éen réellen Besoin ass. Vill ze vill Geld gett vum Staat ann Gemengen zur Fenster erausgeheit duerch Expertisen, Conterexpertisen , Etüden dropp ann dowiddert ,falsch Planung, ze héich Paien ann Pensiounen fier déi erbruechten Leeschtung asw asw. Den gaanzen Modell Letzebuerg muss ann Fro gestallt ginn. D‘Liewensqualitéit hellt permanent oof fier dass éen klengen Grapp vun Leit mat Kapital ann genuch Affekoten sech kann iwermeissech vill bereicheren . Waat hunn déi läschten Finanziell gudd Jooeren dann schlisslech dem normalen Duerchschnettsbieger bis elo bruecht.?
-
Misanthrop25.03.2024Aaah Gott sei Dank hiet de Poebel nees eppes fonnt fir iwer d‘Armei hier zefahlen. Bei den Zelter oprichten lenks a riets waren se awer frouh wei d‘Armei do war
-
Elo_awer25.03.2024Eng "App" w. e. g.
-
Mausketti225.03.2024Mon eppes Sennvolles fir den Handy