MEENUNG - Tëscheruff vum Ben Barsch
Wat ech der Welt schonns ëmmer matdeele wollt
An der Rubrik „Meenung“ vun RTL Eent solle Mataarbechter*innen eppes schreiwen, wa se keng Zäit oder Iddi fir e richtege Reportage hunn. De Commentaire haut vum Ben Barsch.
Eng richteg, echt „Meenung“ hunn ech eigentlech net. Eigentlech sinn ech jo och kee Journalist am klassesche Sënn, mat Pressekaart a sou. Mee de Camille vun der IP däerf jo och hei seng Meenung soen, also kann ech als dat bekanntst Gesiicht vum Sender mir jo och mol eppes iwwerleeën. Et gëtt intern praktesch vu mir erwaart, dass ech mech matdeelen - einfach schonn aus deem Grond, well mir nogelauschtert gëtt.
Wat also soen, et geschitt jo nawell vill dobaussen an der Welt, an och hei zu Lëtzebuerg, wat ee kommentéiere kéint. Et wëll een awer och lo kengem op d’Féiss trëppelen. Zum Gléck hëlleft mir do e klengen Trick, deen ech vu mengen RTL Koleeg*innen geléiert hunn. All Behaaptung, déi ee bëssi ze edgy kléngt, kann ee mat engem Fragezeichen hannendrunner an eng Fro verwandelen. A scho gëtt eppes net behaapt, mee just nach suggeréiert.
-
NONDIKABES05.04.2024Wat fir eng Zäitverschwendung. Keng aner Partei well mat deenen zesumme schaffen, oder vläicht awer d’Piraten?
-
Infowars05.04.2024waat huet dann elo geänert mir sin net mei risikogebitt mee test an quarantän gelt nach emmer
-
Trulla05.04.2024Ech hu schons virun 2 Wochen drop higewisen,datt soulang mir nach Zich fueren loossen mat zum Deel bis 800 Persounen dran,verbonnen duerch eng Klimaanlag,déi ganz Quarantäne do iwwerdriwwen ass,ass ökonomesch eng Katastrophe ,déi Suiten warten méi gravéirend gin,wéi de Coronavirus selwer.Datt d’Leit sollen Distanz halen,an sech un déi néideg Hygiène halen,ganz d’accord,machen dat schons 62 Joer lang,mee just virdun huet kee Mönsch dovunner geschwat,dat all Joer zbsp an Daitschland 25000 Leit un Influenza stierwen,hued nach nie ee Mönsch interesséiert.Mir wössen jo,datt zu 95% d‘Leit de Virus iwwerliewen,d‘ass leider sou ,datt all eeler Persoun,déi un enger Gripp stierwt,wou dann elo och Coronaviren festgestallt gin, gött et schons méi lang,gouw just nie dono gekuckt,déi zielen dann als Coronadoudeger. Ech sin mat 62 Joer jo dann och soi-disant ee Risikopatient,muss ech mir dann elo an d‘Box machen,oder wat?Villt iech mol all widdert de Kapp a kaft genuch cabinetspapéier. Een Tip,warmt Waaser mat engem Läppchen,a Seef ,deet et och,ass méi hygiènech,machen ech och schons zënter 62 Joer.
-
Komplet_Wurscht05.04.2024Dee schife Wénkel vun de Solarzellpanneauen, wéi hei op der Foto duergestallt, variéiert deen automatesch am Dag, am Verhältnis zum Afale vum Sonnestral op d‘Zellen? Soss ass de Rendement jo net optimal fir di deier Installatioun. Oder? Kann do dernieft en Héichhaus gebaut ginn, wat Schied op déi Zelle géing werfen? Ginn et dozou Gesetzestexter? Wéi oft mussen déi Zelle pro Joer gebotzt a kontrolléiert ginn, ebe fir en optimale Rendement ënner optimale Bedingunge kënnen ze bréngen? Ass dat den Technikerpräis, wéi beim Sanitär (plus d‘Material)? Wéini ginn déi Zellen ersat? Gëtt et do eng Notzungszäit-, Liewensdauer, sou wéi bei de Wandrieder, déi jo do nëmme soll tëschent 10 a 15 Joer leien? Stëmmt dat? Oder, bei wéi vill Prozent Leeschtungsoffall gëtt erneiert? Ass d'Kontroll vun de Panneauen zentral méiglech oder muss all eenzel Panneau um Dag da kontrolléiert ginn? Wat erëm kascht, wann net Léierjongen (m/w) et maachen. Froen, déi den interesséierte Privatier bestëmmt net kal loossen.
-
DatAssMengAnalyse05.04.2024wou bleiwt Entschëlligung vum Spiller Nübel respektiv vum FCSchalke vis à vis dem Spiller respektiv dem Club vun Eintracht Frankfurt ??
-
Letzebauer05.04.2024allez komm mir verbinden autoen dann ass daat problem geleist !!!!
-
Duke_of_Lux05.04.2024Alt erem vill panick
-
Kappressel05.04.2024Wéi ass et dann mam Gesetz vum 18. März dass all öffentlich Platzen zou / gespart si. Sin do etwa Gemenge an Federatioune déi sech doriwer echsetzen. Da ka jo awer net si.