Photo: Mitchell Joyce (CC BY-NY 2.0)

RTL verréit, mat wiem d’Redaktioun am léifsten schmust. Verrod eis ärt Kuschelgeheimnis a gewannt!

Haut ass den Dag vum Kuschelen! Mir vun RTL kennen eis besonnesch gutt domat aus: Mir kuschelen am léifste mat Politiker*innen a mat groussen Entreprisen – mee pscht! Wien wat mat weem, dat ass natierlech Privatsaach. Just eppes verrode mir: Eist Liblingskuscheldéier heescht elo Luc. Wann een den deiere Model hëlt, da kann dee klenge Petzi net nëmme kuschelen, mee och kuschen. Immens praktesch!

An Dir, mat weem stécht Dir ënnert enger Decken? Schreift et eis an d’Kommentarer oder schéckt eiser Redaktioun eng Mail. Fir déi interessantste Kuschel-Story gëtt et en RTL-Hausbesuch mat Exklusiv-Reportage. Sidd mat dobäi!