Photo: Delta News Hub (CC BY 2.0)

Et freet een sech schonn iergendwéi, wann een op RTL nees eng Kéier liese kann, dass sech „de Batti gestallt“ gouf. Et war also nees eng Kéier eng méi lass.

Meeschtens, ma net nëmmen, gëtt sech de Batti an de Police-Bulletine gestallt, déi RTL kopéiert. Wat genee geschitt ass, bleift meeschtens onkloer - RTL wëll do der Fantasie vum Public fräie Laf loossen an d’Amusement fërderen. Sech „de Batti stellen“, dat wëll also näischt spezifesch heeschen, mee et funktionéiert awer a verschiddensten Dimensiounen, wéi follgend Beispiller weisen.

Beispiller

Vun der witzeger a Frae-feindlecher Headline bis bei e Fall vu Liewen an dout: „Batti gestallt“ heescht Action. Gläichzäiteg ass „sech de Batti stellen“ dann och Grond genuch fir d’Police eng Persoun ze verhaften, an den Arrest ze bréngen oder och mat anere Police-Mesurë virzegoen. Op d’Reaktioun vun der Police ubruecht a legal ass bleift jeeweils ongewëss, well jo net kloer ass wat eigentlech geschitt ass. Ass et zu eng Kierperverletzung komm? Gouf et eng Saachbeschiedegung? Goufe Beleidegungen ausgeschwat? Onkloer, an bei RTL och net Géigestand vu journalistescher Recherche. Et gouf sech „de Batti gestallt“, an dat mécht een net - an dofir ass e Police-Agrëff gerechtfäerdegt. Duerch d’Bezeechnung „sech de Batti stellen“ ginn déi Persounen, iwwert déi beriicht gëtt, infantiliséiert an an d’Lächerlecht gezunn. Dat ass heiansdo einfach just eng subjektiv Bewäertung vun engem Virfall, heiansdo awer och de Versuch ze verstoppen, dass deenen, déi d’Artikelen schreiwen iwwerhaapt net kloer ass, wat geschitt ass. Et ass heiansdo e Fräifaartsschäi fir d’Police. An et ass heiansdo awer och eng Ridikuliséierung vun enger immens geféierlecher Situatioun, wéi am Fall vun der Mordmenace. Et ass awer virun allem: Kee Journalismus.

Änlech geet RTL mam Wuert „randaléieren“ vir. Et ass dëst nees eng Kéier ee Begrëff deen am Fong oppe léisst wat eigentlech geschitt ass. E Begrëff, dee keng konkret Handlung beschreift a juristesch och keng Roll spillt. Ma de Sënn an Zweck vum Asaz vu Wuert „Randaléieren“ ass et, der Fantasie vum Public fräie Laf ze loossen a gläichzäiteg eng gefillte Kloerheet bei der Scholdfro hierzestellen.

Beispiller

Genee sou wéi bei den „Batti gestallt“-Beispiller hu mer nees eng „witzeg“ Geschicht iwwert eng Fra an engem Fliger - dës Kéier kee Mannequin awer dofir plakeg. Dat RTL mat sou Meldungen nawell zolidd Click-Baiting bedreift huet awer näischt mat Sexismus ze dinn, wéi RTL soe géif. Dat zweet Beispill ass dann eng Geschicht bei der ee keng Anung huet wat geschitt ass, mee d’Police jo da wuel déi richteg Decisioun getraff misst hunn wou se der Persoun d’Fräiheet entzunn huet, oder? A dat drëtt Beispill ass nees eng immens eescht Situatioun bei der RTL mat zousätzlechen abstrakten Ëmschreiwungen einfach nach fir méi Stëmmung suerge wëll. An hire Wierder: RTL randaléiert mol nees.