Photo: Rolf Dietrich Brecher (CC BY 2.0)

RTL huet een eegene Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt, hei erkläere mir, wéi dat funktionéiert.

„Nawell“ ass ee Wuert, dat RTL nawell eng sëlleg Kéieren am Gebrauch huet. Et bedeit esouvill wéi „wierklech“, ass also am RTL-Sproochgebrauch de Versuch d’Bewäertung vu Fakten nach eng Kéier zousätzlech ze verstäerken.

Beispiller RTL Headlines:

Nawell ass nawell ee Wuert, dat a kengem Saz wierklech gebraucht gëtt. „Nawell“ suergt net fir Kloerheet, mécht keen Aspekt oder Fakt méi präzis an huet u sech am Journalismus näischt verluer. Et geet hei drëms eng Bewäertung ze maachen. Nawell kléngt liicht ironesch, liicht verwonnert, wéi wann aus enger beobachtender Positioun eraus mat liichtem Erstaunen eppes festgestallt gëtt. Nawell eng gutt Selbstbeschreiwung also fir d’Aarbecht vun RTL.

Et ginn och nach e puer Steigerungsformen, déi bei RTL zum Asaz kommen. Déi vläit beléiftsten dovunner ass den Ausdrock „nawell zolidd“ oder bei RTL och gären orthografesch falsch „nawell zolitt“.

Beispiller:

Och hei nees dat nämmlecht Phänomen: mat bestëmmte Wierder setzt RTL eng siichtbar subjektiv Bewäertung an, amplaz Fakten an de Vierdergrond ze stellen. RTL generéiert doduerch Dramatik a stellt sech selwer op d’Säit vu sengem Public. Wéi ee Spectateur kënne si direkt déi eegen Noriicht matkommentéieren – an dat an engem Sproochgebrauch, dee méiglechst volleksno wierkt. Zesummegefaasst: Et geet RTL just drëms, nawell zolidd ze polemiséieren.