Dräibiz-Anarchisten sangen eng Hymne op RTL1
Si däerfen alles. Si kréien alles. Si kënnen näischt - Ween stoppt RTL?

© Internet
Update 2: et sinn zousätzlech Opféierungen den 09. an 10. Mäerz um 15h00 geplangt.
Update: d’Theaterstéck as komplett ausverkaaft.
Wéi een Haut op der Website https://richtung22.org/ liese konnte plangt ee Grupp vun Dräibiz-Anarchisten een Theaterstéck zu Éiere vun RTL. Selbstverständlech war et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis dass eisen impeccabele Journalismus an ugebuerene Kultstatus zu Lëtzebuerg sech och an der Kulturzeen bemierkbar mécht.
Bei RTL1 leeë mir grousse Wäert op Kultur a Konscht, wéi een an eise Contenuë jo och liese kann. Bei weem genee et sech elo bei dësem „Kënschler*innen Kollektiv“ (Richtung22.org) genee handelt konnte mir trotz intensiver Recherche an eisem Archiv net erausfannen. Wat mir fonnt hunn ass en zimmlech nervegen optrëtt am Kloertext aus dem Joer 2016. Hei huet sech e Representant vu besote Kollektiv als e richtege Klugscheisser erausgestallt, wouropshi mir se wuel ni méi thematiséiert hunn. Bref. Elo widme si sech jo deene Richtegen Themen déi wuel Opmierksamkeet verdéngen. Eis selwer!
D’Premiere vum Stéck soll wuel de 5. Mäerz sinn an Ticket Reservatioune sinn och schonn op, also séchert iech séier är Tickets éier se all fort sinn. Tickets ginn et op der E-Mail-Adress ticket@richtung22.org.
Fir iech, léiwe Publique, wäerte mir live sur Place beriichte wa Richtung22 eis Talenter bei RTL besange wäert. Dofir kommt och dir bei eis erop!
Hei de ganze Communiqué vu Richtung22.
Theater: Ween stoppt RTL?
Opféierungen:
- 05. Mäerz 2024 – 20h00 (ausverkaaft)
- 06. Mäerz 2024 – 20h00 (ausverkaaft)
- 09. Mäerz 2024 – 20h00 (ausverkaaft)
- 10. Mäerz 2024 – 20h00 (ausverkaaft)
- 09. Mäerz 2024 – 15h00
- 10. Mäerz 2024 – 15h00
Elo gratis Ticketen reservéieren: Schreift eis eng Mail un ticket@richtung22.org
Kasemattentheater
Sall “Tun Deutsch”
14, rue du Puits
L-2355 Luxembourg – Bonnevoie
Si däerfen alles. Si kréien alles. Si kënnen näischt.
Ouni RTL wier Lëtzebuerg ondenkbar. Et ass deen eenzege Sender, deen mir hunn. D’Geschicht vun RTL ass ontrennbar mat der Geschicht vum Land verbonnen. Ouni RTL brécht de Medienstanduert Lëtzebuerg zesummen. Mir brauchen RTL. Onbedingt.
Et ass d’Geschicht vun engem diaboleschen Deal. „Ween stoppt RTL?” erzielt, wéi Lëtzebuerg mam Privatkonzern CLT-UFA, der Firma hannert RTL, en Pakt erneiert – deen eis all betrëfft. Et geet alt nees ëm richteg vill Suen. Opwuel alles perfekt virbereed gouf brécht dës Kéier Chaos aus: et fehlt eng Ënnerschrëft, de Bertelsmann klappt un der Dier a verlaangt een Affer an op ee mol steet eng Läich am Raum.
Richtung22 huet d’Geschicht hannert dem Medienmonopolist RTL an ee spannenden Thriller verpackt a präsentéiert sou d’Recherche iwwer d’Verwécklungen, Interessenskonflikter a Gesetzesbréch vun RTL.
-
WouereschtdeetWei09.02.202427Die Seele brennt, für unser'n einzig wahren Star, die Seele brennt, für Mönchengladbach, VFL Borussia Stolzer Blick zurück, volle Kraft nach vorn, für den Namen, den die Welt so glorreich kennt, Die Seele brennt.
-
den_Kneckert09.02.20243821Also als éischt emol chapeau fir den Russell, Hamilton a ganz Mercedes Team. Super Job. Dann muss een sech awer d'Fro stellen wéini dee rüden Verstappen do emol eng kéier e puer Coursse gespoart gött. Dee ka jo nött fueren ouni eng Schwéngerei ze veranstalten. An e gudden Teamplayer ass et och nött, den 1-fache Weltmeeschter....
-
Misanthrop09.02.20241923Also…. befier hei schon erem jiddereen Häerzpelle muss huelen… Fier eng Waff ze kreien, leeft een emol ee Screening duerch Dann ass dei Waff, op den Halter enregistreiert Wann een erwecht get, wou Registratioun net zuer Waff passt… ma da bass de Stroofbsr a gees an de Prisong Hei geet een bestemmt net, am Supermarché seng Waff kaafen
-
KNOUTERBATTI09.02.202474FIRWAAT ? Letzebuerg brauch daat net , mir sin een klengt Land an können finanziel net all Dommheet sponsoren nemmen fir dass mir matt deenen Groussen beihaalen.
-
MELLECHKOU09.02.2024411Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Maxximal09.02.202435Endlech Da krèien ma mam Haer Freres emol en kompetenten Logement Minister
-
JEAN-FRANCOIS09.02.202410Alt erem Knouteren héich 2 . Et ass dach genau sou ewei RTFM an dem Commentaire seet, gett naischt gemaach an et geschitt eppes, sin et grad die, die hei lo am meeschten meckeren, well Betonsblëck dohinner gestallt gin dei anscheinend naischt verhenneren. Wahlen hin oder hier, ass dach gud an richteg gemaach daat dooten.
-
Weltbiirger09.02.202490Wat hun d'Engläner eng chance ,datt sie daat nët musse mat bezuelen .
-
Egalwat09.02.202493geint saarbrecken war noemmen dem tuchel seng schold ganz alleng. wanns de sees du woells den dfb pokal gewannen da wees de dass de 5 matcher MUSS gewannen, also muss du dei 5 matcher a beschtbesetzng untrieden. am championnat kanns de esou een match emmer erem matt engem besseren ausgleichen am pokal bass de fort. do hutt den tuchel ganz schlecht iwerluecht, ganz schlecht.
-
Kriddelschass09.02.20241212Zu Märel get et och een Weier am Märler Park an do ass och een Hotel plus Café direkt beim Weier. An do geuf et och keen Opstand an jidereen ass zefridden.



