Photo: ©SMC

Lëtzebuerg huet eng immens divers Bevëlkerung: vill verschidde Sproochen, Liewensrealitéiten an Usiichten treffen openeen. Fir dass eis Gesellschaft sech versteet a kenneléiert, fir dass eis Demokratie funktionéiert, fir dass all Mënsch Zougank zu fiabelen a relevanten Informatiounen huet, dass all Mënsch gesi gëtt, fir dass Mëssstänn opgedeckt ginn hu mir e Service Public mat enger staarker Missioun. Oder?

Hannert engem weidere Bësch vun onkonkreten Idealer (D’Informatiounen, déi RTL präsentéiert sollen onparteiesch, objektiv, pluralistesch, analytesch, kloer, accessibel, vu Qualitéit, uerdentlech, fiabel an onofhängeg sinn an deem entsprieche wat sech de Public zu Recht erwaarde géif) geet et am Ënnerpunkt (h) vum aktuelle Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL (CLT-UFA) eigentlech ëm d’„Missiounen an d’Ziler“. Ugeschwat ginn awer éischter Inhalter. Hei gëtt nach net genee definéiert, wéi e Volume verschidde Sendungen hu missten. An de jeeweilegen Kapitelen iwwer Radio, Tëlee a Site ginn an deem Punkt méi genee zäitlech Virgabe festgehalen - am Kapitel mat de „Missiounen an Ziler“ gëtt éischt emol graff festgehale wat fir Themefelder den „Service Public“ ofdecke soll.

Wéi eng Themen RTL behandele soll

De Konzessiounsvertrag liest sech op dëser Plaz wéi e Wikipedia-Artikel iwwer Medienaarbecht am ganz Allgemengen. RTL soll déi national, europäesch an international Aktualitéit an der Politik, Wirtschaft, am „Sozialen“, Kultur a Sport ofdecken. Si sollen „journalistesch“ d’Aarbecht vun den nationalen, europäeschen an internationalen Institutiounen ofdecken an dëst „dans une perspective d’éducation à la citoyenneté“. An Walperiode muss RTL Spezialsendungen organiséieren, fir dass d’Leit d’Enjeue vun de Wale verstoe kënnen. Verschidde spezifesch Informatioune soll RTL weiderginn, dorënner falen Informatiounen zur Meteo, zum Trafic an zur Stroossesécherheet, Vermësstemeldungen, Informatiounen zu gewësse Servicer wéi ëffentlechen Transport an och Job-Annoncë schlussendlech verflicht sech RTL dozou am Fall vun Natur-, Atom- an all aner Zort vu Katastrophen d’Aufgab z’iwwerhuelen d’Bevëlkerung z’informéieren.

Dräi thematesch Volete gi besonnesch erausgestrach, allerdéngs och relativ onkonkret:

  • Kulturprogramm: „CLT-UFA propose un programme d’information, de sensibilisation et de promotion culturelle“.
  • Sportprogramm: RTL soll Informatiounen a Live-Iwwerdrounge senden, mee huet och den Optrag fir net bekannte Sportaarten ofzedecken a besonnesch och Sportkompetitioune vu Leit mat enger Behënnerung siichtbar ze maachen.
  • Kannerprogramm: RTL ass beoptragt „une programmation cohérente et sans publicité“ ze liwweren.

De Service Public vun RTL huet keng Missioun a keen Zil

Kee Wuert zu de besonneschen Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg. Kee Wuert zur Aufgabe vun engem „Service Publics“-Medium an enger Demokratie. Kee Wuert doriwwer, wat de Service iwwerhaapt an der Gesellschaft bewierke soll, ausser dass en Traffics-Meldunge senden an als absolutten Highlight iwwer Walen hei am Land beriichte soll. Doduerch dass dëst Kapitel sou allgemeng an näischt-soend bleift, feelt et dem „Service Public“ un enger Basis fir Prioritéite bei senger Aarbecht setzen ze kënnen. Et sinn ebe keng „Ziler“ zu fannen, wéi den Numm vum Kapitel et ukënnegt. Et gi keng gesellschaftlech Missiounen definéiert, an déi spezifeschst Ausso déi ze fannen ass, ass wuel déi lächerlech Notiz, dass RTL vläit och Job-Annoncë publizéiere kéint. Et feelt also un enger grondsätzlecher Iddi dofir, wat ee grousst Medium zu Lëtzebuerg iwwerhaapt leeschte soll. Genee dëse Vide mierkt een RTL un. RTL ass ee kommerziellt Medien, dat sech ëmmer just duerno ausgeriicht huet méiglechst vill Suen ze maachen. An niewebäi versicht een alt och graff déi immens generell gefaassten Themefelder ofgedeckt, déi am Konzessiounsvertrag stinn.

Wourunner also orientéiert sech RTL? Et ass onkloer. Den Alain Berwick, fréieren Direkter vun RTL, gouf 2016 gefrot, wéi eng Wäerter RTL vertriede géif. Seng Äntwert wor et, dass RTL verflicht wier (domat huet hien offensichtlech op d’Verflichtungen aus dem deemolege Konzessiounsvertrag ugespillt) en „public le plus large possible“ z’erreechen. Seng Interpretatioun dovunner wor, dass sech RTL ëmmer um Mainstream, un „der Mass“ orientéiere misst an ni ee Programm fir „d’Nischen“ maachen dierft. Vun der Realitéit zu Lëtzebuerg ass d’Virstellung, dass et ee groussen „Mainstream“ gi géif, wäit ewech.

An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’Commission de Suivi, déi RTL kontrolléiere. Bis elo an der Serie:

  1. „E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
  2. „Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
  3. Qualitéitskontroll bei RTL?