Photo: ©SMC

An der Serie iwwer den aktuelle Konzessiounsvertrag tëscht RTL (CLT-UFA) an dem Staat widme mir eis haut dem éischt Kapitel. Hei geet et ëm d’Qualitéit an d’Kontroll vun den Inhalter.

Fir d’Aarbecht vun RTL goufen am aktuelle Konzessiounsvertrag Reegelen opgestallt, Grondprinzippien definéiere sollen. Am Kapitel 1.1. „Engagements généraux“ ginn dofir verschidden haaptsächlech Selbstverständlechkeeten opgelëscht, wéi zum Beispill dass RTL net zu Gewalt opruffen dierft. E Paragraph geet op de Jugendschutz an, bleift awer och vag. Et gëllt insgesamt „respecter les sensibilités intellectuelles et morales du public“ an „se conformer aux bonnes moeurs“ an et géif den Optrag vun der „Transmission des valeurs humaines“ ginn.

Qualitativ héichwäerteg Qualitéit

E weidert Freedefeier vun näischtsoenden Wierder gruppéieren sech ronderëm e Begrëff, deen de Xavier Bettel och an der Präsentatioun vun de Konzessioun ëmmer nees prominent ervirgehuewen huet: D’Qualitéit. Am Konzessiounsvertrag heescht et: „dans leur contenu, ils doivent être de qualité“. Wat ass dem Vertrag no ënner Qualitéit ze verstoen? Éischtens, dass d’Qualitéit um nämmlechten Niveau wéi virdrunner erhale bleiwe misst. Wat deen „Niveau“ awer ausgemaach huet, gëtt net definéiert. Zweetens, dass d’Journalist*innen vun RTL eng Formatioun hu missten a weider forméiert gi sollen, ë.a. am Benotze vun der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi dacks a vu weem déi Formatioun geleescht gi muss ass net beschriwwen. Drëttens, dass d’Redaktioun, déi mat der Veraarbechtung vu generellen Informatioune beoptraagt ass aus professionelle Journalist*innen bestoe misst. Allerdéngs gëtt et keen Organigramm vun RTL Lëtzebuerg: Wéi vill Redaktiounen huet de Sender iwwerhaapt? Véiertens soll RTL qualitativ héichwäertegt technescht Material fir ze schaffen hunn. Dat seet näischt aus.

D’„Land“ erkläert sech dee Wonsch, Oplagen an de Vertrag ze schreiwen als Reaktioun op eng rezent Affär: „Rédigé dictionnaire des synonymes en main en marge de l’interminable shitstorm consécutif à l’affaire Lunghi/Schram“. Deemols stoungen RTL an de Medieminister nämlech zum ongënschtegste Moment virun engem Medieskandal. Wärend de Verhandlungen iwwert en neie Konzessiounsvertrag sinn op ee mol ganz fragwürdeg Praktike bei RTL ëffentlech diskutéiert ginn. Et wor kloer, dass een dee Moment mam Vertrag tëscht Staat an RTL op d’Kritik huet agoe mussen, fir de Projet iwwert déi politesch Bün ze kréien. Dohier d’Iddi mam Begrëff vun der Qualitéit ronderëm sech geheien. Dat huet jo offensichtlech geklappt.

Kontroll ass gutt, Selbstkontroll ass besser

Mee wéi ka kontrolléiert ginn, ob sech RTL iwwerhaapt un déi opgestallte Wäerter a vag Qualitéitskrittären hält? Et sinn zum Beispill iwwer 50% vun den Artikelen op RTL.lu ouni Autrice oder Auteur online gesat ginn: Wien iwwerpréift, op hei just professionell Journalist*innen mat der Veraarbechtung vun den Informatioun beoptraagt goufen?

Staatlech Kontroll ass eppes, wat RTL a virun allem de Mammekonzern Bertelsmann ëmmer bekämpft hunn. De Jean-Louis Schiltz hat all Zort vu staatlecher Kontroll vun de Medien a senger Zäit als Medieminister bei de Verhandlunge vum Konzessiounsvertrag vun 2007 nach als „ze deier“ verhënnert. Haut ass hien Direkter vum CLT-UFA Verwaltungsrot. An natierlech wollt de liberale Medieminister Xavier Bettel elo net deejéinege sinn, deen enger ëffentlecher Opsiichtsbehörd ze vill Muecht iwwert de Mediemonopolist RTL araume géif. De Konzessiounsvertrag widderhëlt dowéinst d’Bertelsmann-Mantra vun der Selbstkontroll an der Hoffnung d’Leit z’iwwerzeegen.

Wéi RTL sech kontrolléiere soll

D’Journalist*innen vun RTL sinn der Konzessioun no der „véracité, objectivité et honnêteté“ verflicht, mee eben och der „loyauté envers l’éditeur employeur“. D’Konzessioun betount, dass sech d’RTL Journalist*innen un d’„Charte des Journalistes de RTL Luxembourg“ hale misst, also un déi eege Reegelen. Den Deontologies-Kodex vum Lëtzebuerger Presserot gëtt zwar och op enger anerer Plaz erwäänt, allerdéngs op eng Aart-a-Weis dass awer schlussendlech net kloer ass, op déi elo wierklech verbindlech ass: Et géif een „respectant les principes énoncés dans le code de déontologie du Conseil de Presse“.

Eng „Responsabilité en cascade“ soll bei RTL intern d’Hierarchie fir de Contenu verantwortlech maachen. Dann gëtt festgehalen, dass RTL een eegenen Ethik-Rot opstellt, deen allerdéngs just aus eegenem Personal besteet an d’Inhalter op Basis vum RTL Deontologies-Kodex iwwerwaache soll. Den Ethikrot kann och just vun innerhalb vun RTL selwer ageschalt ginn, net vu baussen. De Staat géif awer déi wichtegst Detailer iwwert ee Rapport gewuer ginn, an den CEO vun RTL Lëtzebuerg soll sech dem Vertrag no „de façon étroite et régulière“ mat der Regierungskommissärin austauschen. D’ALIA, déi eigentlech Medienopsiicht vu Lëtzebuerg, gëtt knapps erwäänt - sou fest rechent een domat, dass d’Selbstkontroll souwisou all d’Problemer aus dem Wee raume géif.

Op de Kontrollsystem klappt, ka kee kontrolléieren

Vill Detailer sinn onkloer a vill Froe bleiwen ongekläert. E vun deene gréisste Problemer ass nees eng Kéier déi absolut ontransparent Organisatiounsstruktur vun RTL. Wien schafft fir wéi eng Redaktioun, wien ass Journalist*in, wie muss sech u wéi eng Reegelen halen a wéini kënnt et zu enger Vermëschung vu kommerziellen a journalisteschen Inhalter? Wéini schalt sech deen eegenen Ethikrot an, a wéi geet dëse vir?

An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’Inhalter, déi RTL produzéiere soll. Bis elo an der Serie: