Photo: Rene Mensen (CC BY-NC 2.0)

Vergaangene Weekend war den ESC zu Malmö. Eng gutt Geleeënheet fier RTL en neien Artikel an der Serie „Misgendering fir Ufänger*innen“ ze verëffentlechen.

Et war nawell vill lass um Eurovision Song Contest zu Malmö. No Protester an Opriff zum Boykott wéinst der Participatioun vun Israel, der Disqualifikatioun vun Holland an dem Retour vu Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer, konnt dann awer nach mat enger positiver Nott ofgeschloss ginn: Mam Nemo aus der Schwäiz huet fir d’éischte Kéier an der Geschicht en*g net-binär Kënschtler*in den ESC gewonnen. Dat stellt RTL offensichtlech viru grouss Problemer.

Direkt um Ufank vum Artikel benotzt RTL iwwerraschenderweis, fir inklusiv ze sinn, en Genderstärchen: „Mat engem däitlechen Ofstand hat d’Jury hien* nämlech direkt un d’Spëtzt gewielt, soss wier et wuel enk ginn.“ - en Novum, an eng positiv Entwécklung vun engem Service Public, deen - ah nee, Moment. Et handelt sech hei just ëm en Asterisk, deen op folgenden Disclaimer verweist: „Aus lieserleche Grënn huet d’Redaktioun decidéiert, fir Nemo e Pronomen am schrëftlechen Text ze ginn.“ Statt wéi vu Nemo gewollt einfach säi Numm ze benotzen, gëtt hei am Artikel also drop gepocht konsequent männlech Pronomen ze benotzen. Sou wäit, sou schlecht.

Ween lo mat den Aan rullt an denkt, alles net sou schlëmm, RTL weess et einfach net besser, gëtt zimmlech séier enges besseren beléiert: „Den offensichtlech männleche Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass“ heescht et e puer Zeile weider. Dass Nemo soll „offensichtlech männlech“ sinn, changéiert dee Saz vun enger e wéineg onbeholfener Definitioun vum Term „non-binary“ hin zu enger kloer queerfeindlecher Ausso.*

Ob d’Journalistin, déi fir dësen Text zoustänneg ass, hei wollt hier perséinlech Meenung zur Validitéit vun net-binären Identitéiten mat afléisse loossen, oder ob Queerfeindlechkeet generell vun RTL gefërdert gëtt, ass net gewosst.

(*) De Saatz „Den offensichtlech männleche Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass.“ gouf an tëschenzäit ersaat duerch „Nemo, deen als Mann gebuer gouf, Sänger seet vu sech selwer, dass hie weder Mann, nach Fra ass“. RTL ass weiderhin Virreiderin an der Disziplin „onkonventionellen Saazbau“. Och schéint RTL d’Geschicht vum Benjamin Button hei ze vill eescht geholl ze hun - eiser Erkenntnis no gouf nach kee reelle Mënsch als Mann gebuer. De Misgendering am Rescht vum Artikel blouf weiderhin onverännert.

Ausserdem gouf, nodeem sech Leit bei RTL beschwéiert hunn, anstatt den Artikel unzepassen e weideren längeren Disclaimer ënner den Text ergänzt. Sou behaapt RTL, dass se den genereschen Maskulinum benotzen, well deen vun de meeschte Leit als déi neutraalst Form empfonnt géng ginn, an jo einfach keng aaner Méiglechkeet do wier. En typografescht Symbol wéi den Genderstärchen wier net etabléiert. Ob dat lo dru läit, dass de gréisste Medium am Land sech weigert, geschlechtsneutral Sprooch ze benotzen, sief lo mol sou dohi gestallt. Schliesslech hu se jo soss kee Problem, wann et drëms geet de Sproochgebrauch hei am Land nawell zolitt ze beaflossen.

Déi englesch Versioun kënnt iwregens komplett ouni Misgendering aus. Engersäits ass et hei natierlech duerch den singulären „they“ méi einfach wéi op Lëtzebuergesch oder Däitsch, denen et effektiv un geschlechtsneutralen Pronomen mangelt. Anerersäits hätt een*t sech bei RTL och einfach kinnten informéiren, wéi Nemo gär hätt dass iwwer Nemo geschwat oder geschriwwe gëtt - nämlech einfach mat sengem Numm. Dat sollt suguer fir RTL grammatesch etabléiert genuch sinn. An dann kéinten suguer déi Leit, déi soss op RTL kommentéiren a panesch Angscht fieru Pronomen hunn, roueg schlofen.

Nodeems en al genuch war fir net méi op der rtl.lu Homepage ugewisen ze ginn, a genuch Leit sech op de soziale Medie beschwéiert hunn, gouf den originalen Artikel iwregens eng weider Kéier ugepasst. Lo kënnt e mat 1-2 Ausnamen ouni Misgendering aus. Firwat e presuméiert seriöe Mediebetrib souguer no sëllegen Beschwerden an Erklärunge wéi se hier Aarbecht ze maachen hunn trotzdeem nach 3 Uleef brauch fir e simpelen Artikel korrekt ze schreiwen, war bei Redaktiounschluss nach net gekläert. De risegen Disclaimer um Schluss vum Artikel kënnt allerdéngs wéi bei RTL üblech ouni jeglech Entschëllegung oder Scholdageständnes aus - au contraire gëtt nach net mol erwähnt, dass den Artikel säit Verëffentlechung a groussen Deeler verännert gouf.