PEOPLE - De Jacques Santer am Portrait
E politescht Liewen am Déngscht vum Mediekonzern
De Jacques Santer huet sech seng ganz Karriär iwwer ëmmer gutt d’CLT-UFA gekëmmert, an dat vun erstaunlech ville verschidde Posten aus.
Uganks Februar sinn d’Biller vum Zesummentreffe vum Luc Frieden, Jean-Claude Juncker an dem Jacques Santer duerch d’Press gaangen. De Jacques Santer an de Luc Frieden verbënnt och de Fait, dass béid CSV-Politiker sech zousätzlech zum Poste vum Premierminister dee vum Medieminister geséchert hunn - an dëst zu engem entscheedenden Moment fir d’Lëtzebuerger an déi europäesch Mediegeschicht. De Luc Frieden muss spéitstens bis zum Enn vu sengem aktuelle Mandat e Plang fir d’Zukunft vun RTL Lëtzebuerg (CLT-UFA) opstellen, eng Aufgab, déi de Jacques Santer schonn eng Kéier als Premier- a Medieminister an eng Kéier als Präsident vum CLT-UFA Verwaltungsrot geleescht huet.
Vun 1984 u wor de Jacques Santer Premierminister zu Lëtzebuerg a vun 1989 un och gläichzäiteg Medien- a Kulturminister. Op dësem Posten ass hien nach no de Wale vun 1994 kuerz bliwwen an huet Uganks 1995 den neie Konzessiounsvertrag mat der CLT ënnerschriwwen, ier hien als Kommissiounspresident vun der EU ginn ass. E Bléck op déi eenzel Etappen am Beruffsliewe vum Jacques Santer weist, wéi enk ee weidere mächtege Politiker aus Lëtzebuerg mat der Firmegeschicht vun RTL verknäppt ass.
Grondsaz-Entscheedungen an den 90er Joren
De Jacques Santer stoung um Ufank vun den 90er Joren viru groussen, mediepoliteschen Erausfuerderungen. D’Liberaliséierung vum Mediemarché an Europa hat als Nieweneffekt, dass och de Monopol vun RTL zu Lëtzebuerg huet misse falen, zumindest offiziell. Dobäi wor d’Liberaliséierung eigentlech dat grousst Ziel vun der CLT gewiescht, well et bedeit huet, dass an allen anere Länner déi zum Bannemaart gehéiert hunn d’Monopoler vun den ëffentlech-rechtleche Medie gefall sinn. Just hat Lëtzebuerg, als eenzegt Land kee staatlecht, mee ee privat Monopol. De Paul Zimmer, de wichtegste Beroder vum Jacques Santer, hat nach 1984 an Zesummenaarbecht mat der CLT zousätzlech Frequenzen fir Lëtzebuerg erausschloe kënnen. Mee dës Frequenze konnten elo net wéi geplangt integral un d’CLT goen. En éischt Mediegesetz musst 1991 gestëmmt ginn, dat den EU Richtlinne gerecht gëtt an een neie Konzessiounsvertrag mat der CLT misst dringend ausgehandelt ginn. Den Ausbléck op een Enn vum CLT-Monopol huet dem deemolegen CLT Direkter a fréiere Premier Gaston Thorn guer net gefall: hien wollt op kee Fall op Werbeeinnahmen verzichten, déi un eng Konkurrenz goe kéinten. De Jacques Santer huet probéiert, der CLT de ganze Prozess sou schmackhaft wei méiglech ze maachen an huet d’CLT praktesch d’Konditiounen, ënnert deenen sech nei Radiossender zu Lëtzebuerg bilde konnten, selwer bestëmme gelooss.
Fir d’CLT zousätzlech ze besänftegen an déi kommend Verhandlunge virzebereeden, iwwerreecht de Jacques Santer 1990 dem Administrateur délégue vun der CLT, Jacques Rigaud, d’Auszeechnung „Kommandeur der Eichenlaubkrone“. Et ass iwweregens déi nämmlecht Auszeechnung, déi de Xavier Bettel 2016 der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn iwwerreecht, ier dass et dee Moment zu de Verhandlunge kënnt.
Parallel zu den Diskussiounen iwwert den nationale Mediemarché goung et awer virun allem drëms d’Conquête vun de Marchéen uechter Europa unzegoen. Déi nei Technologien, wéi Tëlee iwwer Kabel a Satellit, sollte méiglechst fréi vun der CLT genotzt gi kënnen. Ënnert dem Jacques Santer goung et weider hin-an-hier mam Versuch vu Lëtzebuerg der CLT eng Plaz op franséische Satellitten ze sécheren. Alternativ dozou huet de Staat d’SES opgebaut, fir aus der Ofhängegkeet erauszekommen an de Jacques Santer huet 1988 beim Start vum ASTRA 1 Satellit ee Succès feiere kënnen. Éischte Client um Satellit wor nach virun der CLT de Rupert Murdoch. Lëtzebuerg war alt nees eng Kéier Pionéier fir d’kommerziell Medien - allerdéngs wor RTL uganks guer net interesséiert.
Et waren Zäite vu grousse Pläng awer och groussen Desillusionéierungen: sou ass ëmmer mei kloer ginn, dass CLT zwar expandéiert, mee domat awer och an aner Länner produzéiert an och een Deel Steiere do bezilt amplaz um extra dofir virgesinnenen Terrain um Kierchbierg ee „lëtzebuergescht Hollywood“ opzebauen. Et huet sech gewisen, dass de Staat zwar alles gemaach huet, fir der CLT ze hëllefen, d’CLT awer als Konzern just op d’Profitmaximéierung gekuckt huet. Wat eng Iwwerraschung. De Staat huet och en Vue vum Mediegesetz 1991 an dem neie Konzessiounsvertrag dee schlussendlech in extremis Ufank 1995 ënnerschriwwe gouf der CLT alles recht gemaach. Den Orchester huet de Staat iwwerholl, d’Villa Louvigny vill ze deier ofkaf a sämtlech Gebühren gestrach.
E Kampf géint de Mediepluralismus an Europa
Kritik um finale Konzessiounsvertrag konnt de Jacques Santer jiddwerfalls net méi héieren, d’Ënnerschreft wor praktesch seng lescht Amtshandlung als Lëtzebuerger Premier, ier dass hien op Bréissel gefuer ass, fir seng nei Funktioun als Kommissiounspresident vun der EU anzehuelen. Offensichtlech huet hien sech op deem Posten och an der Rei vum Gaston Thorn an dem Jean Dondelinger gesinn, an op mannst een Aen op d’Entwécklung vum europäesche Mediemarché en Faveur vun der CLT gehalen.
Enn vun den 90er Joren ass zu Bréissel diskutéiert ginn, wéi een am Dossier vun der Medienliberaliséierung weiderfuere géif. A ville Memberlänner gouf et d’Suerg, dass de Mediepluralismus der Expansiounsstrategie vu Grousskonzerner zum Affer fale géif. Dat wor an ass och genee d’Strategie vum däitsche Konzern Bertelsmann, deen deemools ugesat huet fir ee Medienimperium opzebauen - an dat zesumme mat der CLT, déi am Projet „RTL Plus“ amgaangen war, den däitschen Tëlees-Marché ze erueweren. An der EU Kommissioun huet den italieneschen Kommissär Monti e Kompromëssvirschlag op den Dësch geluecht, fir eng Beschränkung anzeféieren: Konzerner dierften op nationalem Level maximal 30% Marchésundeel hunn. Et gouf zwar eng Majoritéit innerhalb vun der EU Kommissioun fir dës Gesetzespropose - a gouf och vum EU Parlament gefuerdert - mee de Präsident vun der Kommissioun, de Jacques Santer, huet d’Propose schlussendlech blockéiert.
Encouragéiert gouf de Jacques Santer ënner anerem vum däitsche Bundeskanzler Helmut Kohl. Och déi lëtzebuergesch DP Politikerin Colette Flesch, déi vun 1990 bis 1999 Direktesch vum Mediendepartement vun der Kommissioun wor, huet an deem Sënn Afloss geholl, dem Jacques Santer seng Linn ënnerstëtzt an d’Interesse vun der CLT a Bertelsmann verdeedegt. An engem Artikel uganks dëst Joer, iwwert déi europäesch Mediepolitik, schwätzt d’Süddeutsche virun allem mam Bléck op d’Situatioun an Ungarn dovunner, dass zu dësem Moment ënnert der Verantwortung vum Jacques Santer de Grondstee fir eng ganz Rei vu Problemer fir de Mediepluralismus geluecht gouf.
E Bertelsmann duerch an duerch
Dat wor mat Sécherheet déi gréisste Faveur vum Jacques Santer fir Bertelsmann, mee bei wäitem net déi eenzeg. Sou huet de Jacques Santer sech, nees géint d’Majoritéit vun de Memberen an der Kommissioun, fir Fusiounspläng vu Bertelsmann a Kirch (Sat1) agesat, zu där et da schlussendlech awer net komm ass. Och trëtt de Jacques Santer op Veranstaltunge vu Bertelsmann op, wéi zum Beispill 1996 an 1998 um Bertelsmann Forum - also als aktiven EU Kommissiounspräsident. An senger Ried 1998 léisst hie keen Zweifel dorunner, dass hien sech an enger Linn mat den Iddie vum Konzern gesäit. 1999 wor d’Zäit als EU Präsident fir de Jacques Santer du riwwer, wou seng gesamt Kommissioun wéinst enger Rei Korruptiounsskandaler huet missten zerécktrieden.
Un d’Pensioun huet de Jacques Santer dee Moment awer nach laang net geduecht. Hien ass an divers Verwaltungsréit gewiesselt. 2004 huet hien de Gaston Thorn ersat - als Präsident vum CLT-UFA Verwaltungsrot. De Jacques Santer ass 2005 dann och Member vum Verwaltungsrot vun RTL Group ginn. Fir d’CLT-UFA ënnerschreift de Jacques Santer 2017, kuerz viru sengem 80te Gebuertsdag an ier dass hie säi Posten un de Jean-Louis Schiltz weidergëtt, de Konzessiounsvertrag mam Lëtzebuerger Staat. An engem Interview mam Paperjam kuckt hien op seng Karriär zeréck a seet: „Pour moi, et je ne suis pas le seul, le plus important était que RTL s’ancre définitivement dans le paysage audiovisuel luxembourgeois et international“. Hie seet dobäi net, ob hien do vu senger Zäit als lëtzebuerger Premierminister, EU Kommissiounspresident oder CLT-UFA President schwätzt. Oder vun allen dräi Funktiounen zesummen.