RTL EENT

Wéinst de Preparatioune fir déi grouss Finall hätt den „Head of Production“ David „Dave“ Gloesener vun RTL keng Zäit fir en Interview mam 100komma7.

Leider kéint hien also net op d’Virwërf wéinst Interessensvermëschungen ronderëm den Eurovision Virentscheed agoen. Also goufen déijéineg virgeschéckt, déi mat Sécherheet nach manner Zäit hunn: déi betraffe Band selwer, wéinst der d’Vierwerf opkomm sinn an déi schlussendlech awer haut den Owend an der Rockhal performe wäert.

Fir de grousse Virentscheed vu Lëtzebuerg fir den Eurovision 2024 zu Malmö a Schweden ass alles preparéiert. D’Museker*innen an d’Bands hu Verträg ënnerschriwwen, duerch déi si zu Poppen an den Hänn vun der Produktioun ginn. De Maz ass zwar eng Ronn weider, awer trotzdeem raus. D’Büneshow krut en Ausmooss, dass ee bal mengt, d’Land hätt den ESC schonn d’lescht Joer gewonnen. Dat kascht natierlech alles Suen, déi net just iwwer deier Entréespräisser an Ofzocke beim SMS-Voting rakommen, mee och vum Staat an dat Mega-Event gestach ginn.

Allerdéngs steet nach ëmmer ee Virworf am Raum, deen RTL Eent virun 10 Deeg public gemaach huet. Mataarbechter vum Organisateur RTL sti selwer mat an der Finall. Déi Story gouf elo eng éischte Kéier och vun engem anere Medium opgegraff. An wann e richtegt Medium eppes hannerfreet, da misst een dat bal eescht huelen. Bal.

Et ass déi éischte Kéier, dass RTL sech gezwonge gesäit ze reagéieren. Zwar goufe schonns skandaléis politesch Interessensvermëschungen, Gesetzesverstéiss a flagrant Bréch vum Pressekodex public - mee soulaang soss kee wéi esou ee klenge Site eppes gesot huet, konnt RTL dës Virwërf jo ignoréieren. Wisou sech den 100komma7 grad d’Fro vum Eurovision erausgesicht huet, schéngt op der Hand ze leien: Se ass numol aktuell. Steet RTL lo Ried an Äntwert? Nee. An sou missten d’Memberen vun der Band „One last Time“, vun deenen der zwee Stéck fir RTL schaffen, sech de Kriticke stellen. Si sinn de Sécherheetspuffer vun RTL, an et ass ze erwaarden, dass RTL och bereet ass, si falen ze loossen, falls dëse Virfall awer riskéiert, zu enger nationaler Blamage ze mutéieren.

Interessensvermëschungen si bei RTL normaliséiert

Et muss een dem Andrea Galleti, dem Frontmann vu „One Last Time“, bal gleewen, dass hien éierlech dovunner iwwerzeegt ass, dass alles an der Rei wier. Dass et seng Mataarbechter waren, aus deenen de Jury an der Pre-Selectioun bestanen huet, wier kee Problem. Dass, virun der finaler Ronn, Leit an der Jury souzen, déi ee Vertragspartner vun RTL, also och indirekt vum Andrea Galleti sinn, wier och kee Problem. Soulaang eben déi final Entscheedung vun enger internationaler Jury bewäert gi géif. Dëst ass immens onfair deene Leit géigeniwwer, déi sech och der RTL-Jury an der Pre-Selectioun gestallt hunn, mee wuel net onfair genuch, fir dass d’Band „One Last time“ lo wierklech ee schlecht Gewëssen hu misst. Déi eigentlech Argumentatioun vum Andrea Galleti am 100komma7 Interview ass awer eng aner.

D’Participatioun vun IP-Mataarbechter kéint jo net géint d’Reegele sinn, soss hätt jo iergendeen iergendeppes gesot. De Staat wier jo involvéiert, deen hätt awer näischt gesot. D’Produzentin vum Lëtzebuerger Virentscheed huet näischt gesot. An vun der Press huet sech jo och bis elo kee gemellt, an d’EBU och net. Dat Argument kléngt immens naiv. Et ass falsch.

Et ass awer gläichzäiteg novollzéibar, well et vun engem kënnt, deen nach rezent, 2022, d’RTL Podcast-Awards mat engem fir RTL a vun RTL produzéierte Podcast gewonnen huet. Hien schafft a lieft an der RTL-Realitéit, an do ginn et keng Grenzen. Als IP Mataarbechter produzéiert den Andrea Galleti Reklammen, déi op RTL wéi normal journalistesch Reportagen am Radio laafen an dann och als eng Zort journalistesche Contenu an der Rubrik „Business“ um RTL Site ze fanne sinn - wéi zum Beispill säi Reportage iwwer den Eurovision-Sponsor „City Concorde“. Obwuel hie bei der Reklammsagence IP agestallt ass, schafft hien och direkt fir eng Tëlees-Chaîne, déi als „Service Public“ Millioune vum Staat kritt. Bei RTL ass eben alles eng riseg Vermëschung, a well keen nofreet, empfannen d’Mataarbechter*innen et natierlech automatesch als normal.

All Duerf-Tombola huet besser Deontologiesreegele wéi RTL

Ass et awer net normal ass dat, wat ebe fir all normale Concours gëllt hei net applizéiert gëtt. „Le personnel […] ainsi que les membres de leur famille ne sont pas autorisés à participer au concours. Tout prestataire de services ou entreprise qui aura contribué de manière directe ou indirecte à la mise en place du concours est exclu de la participation“, heescht et zum Beispill an de allgemenge Concours-Reegele vum Eurovision-Sponsor City Concorde, fir déi den Andrea Galleti jo ee Prestataire de Service ass. Déi nämmlecht Reegelen zielen och bei all klengem Concours op RTL. Well se eben normal sinn. Den Andrea Galleti däerf also bei kengem Vältesdagsspill an der City Concorde matmaachen a keen I-Pad op RTL gewannen - mee awer bei deene wierklech wichtege Concoursen matmaachen, och wa se vu sengem Patron a sengen Aarbechtskolleegen organiséiert ginn?

Den eenzegen Ënnerscheed ass, dass et hei ëm RTL geet. An wat bei all Duerftombola logesch schéngt, zielt net fir RTL, déi zu all Moment iwwert de Reegelen, iwwert dem Pressecodex, iwwert hirem eegenen Deontologies-Codex an iwwert dem Gesetz stinn. Firwat däerfen si dat? Den Andrea Galleti gëtt onfräiwëlleg d’Äntwert: Well keen eppes seet.