NEWS - Patrimoine culturel vu Lëtzebuerg?
Är Kommentaren op RTL.lu sinn Deel vum Service Public

Ee louchen Deal tëscht Staat a Bertelsmann, ee geheime Vertrag an d’Kommentarfunktioun ënnert RTL Artikelen ergi wat? Genau ee Service fir de Publique.
Et ass September 2018, Lëtzebuerg befënnt sech matzen an engem spannende Walkampf. An awer packt de Premier- a Medieminister Xavier Bettel et nach de Wee op Gütersloh ze fannen, wou hie vun der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn an dem Bertelsmann- an RTL Group CEO Thomas Rabe ëmfaangen gëtt. Wourëms ass et gaangen?
Sollt de Besuch e Solidaritéits-Geste vum europawäit gréisste Mediekonzern sinn, eng kleng Ënnerstëtzung fir de Frënd a Walkämpfer Xavier Bettel? Oder goung et drëms ee spektakulären Deal ronderëm d’Firma „Majorel“ ze beschwätzen an doduerch dem Xavier Bettel Argumenter ze gi fir déi bevirstoend Kritik um Personalofbau vun RTL Group zu Lëtzebuerg ze entkräften? Oder goung et ëm eppes vill méi wichteges an essentielles? Ëm d’Kommentarfunktioun op rtl.lu?!
Well Lëtzebuerg glécklecherweis keng eeschtzehuelend Demokratie ass, konnt de Xavier Bettel nämlech eegenhänneg, matzen am Walkampf an ouni Diskussioun am Parlament einfach mat Bertelsmann een Zousazvertrag fir d’Konventioun tëscht Staat an CLT-UFA ënnerschreiwen. D’CLT-UFA ass eng Bertelsmann-Duechter an d’Firma hannert RTL Lëtzebuerg. De Vertrag selwer ass natierlech geheim bliwwen. De Xavier Bettel huet säi Ministère awer trotzdeem déi positiv Nouvelle deklaréiere gelooss.
„Im Rahmen des Besuchs von Premierminister Xavier Bettel in Gütersloh wurde ebenfalls eine Erweiterung des Konzessionsvertrags zwischen der RTL Group und der Luxemburger Regierung unterschrieben. Dieser Zusatz zum bestehenden Vertrag, mit dem der öffentliche Programmauftrag für Radio und Fernsehen in Luxemburg für den Zeitraum 2021 bis 2023 erneuert wurde, wird auf die digitalen Plattformen von RTL Luxembourg ausgeweitet.“ (Quell: Communiqué Service Media 05.09.2018)
Mat där Informatioun konnt natierlech kee Mënsch hei am Land eppes ufänken. D’CSV wollt zeréck un d’Muecht an domat wor hier Fäegkeet kritesch nozedenken scho mol präventiv am Tirang verschwonnen. De Sven Clement hat keng Loscht méi wéinst engem weidere Geheimvertrag virun d’Geriicht ze zéien. D’Pressehaiser waren souvill mat hirem eegenen Ënnergank beschäftegt, dass si net bemierkt hu wéi hei, en passant an ouni Ukënnegung, een „Service Publics“-Internet-Site an d’Liewe geruff gi wor. Obwuel dësen an direkter Konkurrenz zu all hiren eegene Siten stoung. Dass Tëlee, Radio an Internet bei RTL domat nach méi gemëscht ginn an RTL esou nach besser seng Finanze manipuléiere konnt: Et huet keng Sau interesséiert.
Joren drop ass dann awer indirekt public ginn, wat do eigentlech deemools zu Gütersloh signéiert gouf. De Xavier Bettel wor glécklecherweis Medieminister bliwwen a säi Chef de Cabinet a fréieren CLT-UFA Mataarbechter hat ee Wee fonnt nach vill méi Suen un d’CLT-UFA iwwerweisen ze kënnen. Et wor een net méi am Walkampfstress, mee un der Muecht a konnt lo alles oppen zouginn. An der neier Konventioun, där vun 2024-2030 nämlech, steet ee klengt Kapitel mam Titel „Engagements relatifs aux missions de service public des plateformes digitales exploitées par CLT-UFA“. Dëst ass wuel zumindest deelweis deen Text, deen am Geheimvertrag vun 2018 stoung. Et geet drëms de Site rtl.lu an de Stadium vun engem „Service Public“ z’erhiewen. Wat huet dat elo mat den RTL User-Kommentarer ze di frot dir iech?
An der Konventioun verpflicht de Staat RTL.lu ë.a. follgend essentiel Funktiounen zur Verfügung ze stellen: „des forums, chats, blogs et rubriques de commentaires permettant aux usagers d’entrer en dialogue avec CLT-UFA et de fournir des commentaires et autres contenus, en lien avec les contenus“. Dir frot iech elo vläit wou déi Chats, Blogs a weider Méiglechkeete mat deenen Dir selwer mat RTL an en Dialog triede kéint sinn. Wou ass dee groussen an transparenten Austausch, zu deem sech RTL.lu verflicht huet. Wou ass den „Service Public“, deen rtl.lu fir d’Gesellschaft assuréiert, fir, ehm… d’Demokratie ze stäerken an déi ongehéiert Stëmmen zu Wuert kommen ze loossen?
Ma en ass ëmmer direkt ënnert Ärer Nues gewiescht. Dir hutt e just net erkannt. Jo genee, d’User-Kommentarfunktioun op RTL.lu ass een Deel vum „Service Public“! Et ass eng Institutioun, eng Zort Patrimoine Culturel - a mir sollten einfach mol dankbar sinn an dëser schéinster Form vun der Bierger*innepartizipatioun déi Unerkennung zoukomme loossen, fir déi de Xavier Bettel zu Güterloh gekämpft hat.
Déi follgend Lëscht vu Commentairen gouf vum Site rtl.lu rofgelueden an anonymiséiert. Genéisst Äre Service Public.
-
Yuppy10.02.2024RIP Grand Duc Jean,een groussen Mann den fir Vollek zu Letzebuerg gelierwt huet,mein allergréisten Respekt an Mattgefill Mein Härzlegsten Beileed un Grossherzoglech Famill
-
Kriddelschass10.02.2024Onverdengt verluer. Schued well et war eng gudd leeschtung
-
MELLECHKOU10.02.2024Genuch : daat ass bësse jhust Gutt : daat wär ideal Iwwerfiddert : wéi an dësem Fall, ass definitif schlecht
-
Infowars10.02.2024Déi arem Patronen din mir wirklech leed 🤔
-
den_hexemeeschter10.02.2024Nujee, schlecht Verléirer mengen ëmmer, sie haette misse gewannen.
-
meteomann10.02.2024Déi fréier Seppelen sinn iwerall gefroot.🤣
-
Aniwregens10.02.2024Mir setzten domadder elo erem der Belsch Grenzen, wou mer eis dach grad elo och driwer oprégen, dass d'Belsch d'Grenzen net well opmaachen ... wées Letzeburg iwerhaapt selwer nach waat et well ???
-
Knouterer210.02.2024- Wat schwéier nozevollzéien ass, dass di Gréng net erkläre wéi mat hirer Politik, wou si jo géint Atom-a Kuelestroum sinn, eis Energieversuergung assuréiere wëllen. - Wa bei Flatterstroum, oder Dunkelflaute, gemengt ass, wa keng Sonn schéint, oder kee Wand bléist, oder nach schlëmmer béides zesummen, da muss an dem Moment Atom- a Kuelestroum importéiert ginn, wat dann näischt méi mat grénger Politik ze dinn huet.
-
De_Popst10.02.2024??haat gemengt lo wieren mol 2 wochen vakanz? Dann geht homeschooling jo kaum; oder ass dat fir de fondamental?
-
Majo_secher_dat10.02.2024Awer en neien schéinen gréngen bespillbare WUES fir den Stde Josy Barthel daat fonktionnéiert innerhalb vun e puer Deeg!
-
Knueterbatti10.02.2024Ech drecken dem jonke Mann Dommen, den Här Philippe hued saint gemach (an dofir Merci a Respekt) awer et ass un der Zait frësche Wand an d'FLF eran zebrengen
-
Emmer daat selwecht10.02.2024Schued, e capablen Technocrat geet. Am Plaatz kënnt hoffentlech erëm e Mann odervengbFra vum Fach heescht Économist. Mir brauche net erëm ennTurnprofbannoch keen Affekot,als Wirtschaftsminister. W.e.g. Léif LSAP kuckt och no de Fähergkeeten net nëmmen ob en treie Parteizaldot oder schlëmmer nach e Schnösel wou de Papp vrun him do war.
-
Baam10.02.2024Ech wënschen eiser jonker Politikerin vill Courage, a fir un allem vill Réckhalt an den eegene Reien an iwwerhaapt an dëser Regierung, fir endlech effikass eppes géint Immobilie Spekulatioun ze ënnerhuelen. Déi jonk Wieler wäerten him dann eemol Merci soen.
-
Elo_awer10.02.2024Jiddereen, deen ë bëssen mi wäit kann kucken versteet dass mir nach laang, nach ganz laang mat der Pandemie musse liewen. Dass d'Leit do ongedëlleg an onzefridde ginn ass normal. Awer wat ass méi wichteg? Mat der Mask ze goen? Oder un der Pandemie stierwen? Oder een aneren ustiechen, esou dass deen dann stierft? Fir dass d'Leit dat bekäppen, an sech emol un d' Reegelen halen missten Strofen drastesch an d'Luucht gesat ginn. 1000 Euro fir deen deen sech nët un d'Reegel vun de Masken hält. An 10 000 Euro vir d'Geschäftsleit an Wierten déi hier Opsiichtspflicht net maachen. Ech sinn sécher dass dann d'Infektiounszuelen dann drastesch erofgoen. Gëtt dat nët gemaach, stinn mir virun batteren Zäiten. De Wanter an emol nach nët do, wat gëtt dat wann ët emol sou richteg kal gët?
-
donquijote10.02.2024Egal waat e wielt et kennt Endeffekt emmer dat selwescht dobei raus. Eng EU-Politik dei keen brauch
-
Neckel300010.02.2024Ze dachs en Hond wäschen ass mol guernett gesond vir se.... Muppen haalen sech selwer propper!! Wann en nett graad voller Bulli ass, gett de Schlauch nett geholl! Just Patten oofgemach, weint den Spuren am Haus..
-
Matbierger10.02.2024Leiwer Kiffen wei Alkohol drenken!!! Mecvt een och keen blödsinn!!!!
-
Baam10.02.2024Hei elo bemol..., as Co2 aspueren plötzlech eng gutt Saach !
-
Komplet_Wurscht10.02.2024wien seet mir dann,dass dat wat du ugewisen gëtt och richteg ass! Oder muss ech dann nach eng -kéier hannen um Pak kucken op dat och stemmt?
-
WouereschtdeetWei10.02.2024Hurra, de Problem ass geleist! Keen LST mei, also weineg Zuelen, 30–40 den Daag, an der si mer all erem greng dese W-E. Toll, oder net.....🙄 An am September wenn se all vum Ballermann, Wolfgangsee a Porto rem sin, da geet ët richteg lass... mam testen😂
-
Infowars10.02.2024Top dat do. Zu Bouffer (Bofferding) am CIPA huet Directioun, no 2 Wochen wou mer dierften eis Famill am CIPA besiche goen, net nëmmen nach keng Méiglechkeet geschaaf fir sech an engem Raum mat sengen Léiwsten ze treffen, nee wann een baussen stoe bleift fir mat der Mamm déi op hierem Balkon steet ze schwätzen, da gëtt ee vum Direkter vum Terrain vum CIPA eroof gehäit. An engem Mail un d'Familljen gëtt souguer kloer gesot Famill dierf just vum Parking um direkte Wee zur Entrée fir Wäsch etc. ze bréngen, an dann direkt rëm zréck bei den Auto. ET ASS NET ERLAAPT LÄNGER UM TERRAIN ZE BLEIWEN. Top Directioun vum Servior CIPA vu Bouffer. Schéinen Sonndeg Winandy Claude
-
kloreMenscheverstand10.02.2024Wa keng Kontrollen op de Grenze géife gemaach gin, da géif dach jidderee maache wéi e wëll!! Wee géif sech dann nach un iergend eng Reegelung haelen? Kee Mënsch
-
geftzwersch10.02.2024...ass dat net Resultat wann e Gesondheetssystem sech an enger neo-liberaler Politik entwéckelt, wou et awer schwéier ze verstoen ass dass eng LSAP dat matdréit...a bis elo matgedroen huet ? Ech hu voll Versteesdemech vir d'Medezinner an ënnerstëtzen hier Demarche ...
-
Knadderhary10.02.2024War nie an engem large scale. Hu mir Antikierper op meng Käschte tedte gelos. Hu mol keng. Demno nie positiv gewiescht hun awer der Geselldchaft hier Tester an lo hier Impfunge matbezuelt. Wat well der nach vu mir
-
haldechkleng10.02.2024Zu Lëtzebuerg ass näischt méi am Buedem. D’Wichtelcher hunn iwwer Joerhonnerten alles wat u Gold, Selwer etc do wor, ofgebaut. Liest mol de « Sagenschatz des Luxemburger Landes ».
-
den_hexemeeschter10.02.2024Leit an Betriebe hun de Moment ganz aaner Probleemer och virun allem Dir Haer Turmes sidd e groust Probleem fir vill Weiler
-
Neckel300010.02.2024Wėint dem confinement waren souvill Velosfuehrer a Foussgänger ënnerwee, d'Elteren an d'Kanner waren doheem, dat ass opgefall souwuehl op den Velospisten wėi och op den Stroossen. Mais zënter d'Schoulen rëm un sin, crèchen rëm op sin a Leit rëm schaffen gin, sin vill vill manner Vėloen ënnerwee. Fir dėi sëllechen Stroossen lo ze spärren, fannen ech keng gudd Iddi, et sin genuch velospisten do.
-
Expert10.02.2024ech verstin nach emmer net wat bei elektro nohalteg as😏
-
BAARTJANG10.02.2024Dank der BNL sinn ech zum Verschwörungstheoretiker ginn. Summer 2003 Mediathéik.
-
Majo_secher_dat10.02.2024Sitt Dir nach emmer domadder amgang?
-
Letzpower10.02.2024Mam grenge Virus mussen mer och no Corona Liewen
-
Meckerhary10.02.2024Wann se wellen sollen se kennen. Fannen awer wann sie nett méi ob Letzebourg zereck oder jemals wunnen kommen, sollen se sech freiwelleg raus haalen. Lächerlich sin just Parteien déi bis an Brasilien no Stemmen buhlen ginn.
-
Maxximal10.02.20244 Corona-Fäll zu Lëtzebuerg, an Zingdausenden vu Kanner op der Welt, déi all Dag un Honger, Krankheet, erfir geruff durch Hygienemangel, stierwen. Honnertdausenden vun Déieren, déi all Dag onnëtz gequält gin. Corona ass en "natiirlechen" Phänomen (ech gleewen net drun, dass en an enger Fabrik geziicht gouf), déi aner Saachen sin vun eis gemeet. Wat ass also schlëmmer fir d'Welt ?
-
den Trellert10.02.2024E gudden kommentaire, mee wann een déi politesch ideologie am Kader vun enger moderner Familljepolitik vun Gambia kennt, ass dei mesure vun der gratis maison relais eng logesch konsequenz....🤷♂️ Heescht nett dass ech se gudd fannen....Kanner sollen doheem erzunn gin!😉
-
Nei_Hei10.02.2024Ech well mol gesinn an 20 Joer wann Klima Katastrofen den alldag ginn, ob d'Lëtzebuerger sech just nach hieren eegen Gaart ukucken. Ech fannen, die Gréng sinn net radikal genuch géigeniwwer die Krisen die eis erwaarden. Mee wéinstens maan se eppes, an bréngen die aner Parteien och op eng Klima fokaliséiert Politik.
-
den_Schockeierten10.02.2024Den Certificat fir dei Geheelten as eng Farce. En leeft no 6 Meint of. As een dann erem krank...? Stecht een sech dann erem un, och wann een Antikirper huet, wou den Wert unhaelt, dat ouni Impfung. Leit gin fir Impfung indirekt gezwongen mat eso antimedizineschen Gesetzer.
-
Donald Duck10.02.2024Moien, Ech hun nött all Commentaire geliest, sin awer der Meenung, ett sollt een elo ab dem 01.11.2021 rem alles vun Restriktiounen, Pflichten an soss Gedengels ophiewen. Fräi Liewen ewéi virun dem Optauchen vun döser Pandemie. Ongeimpfter an Geimpfter zesummen, fräi am Geescht, keen deem aaneren virwurfsvoll. An dann,… geschitt ee Wonner. D‘Liewen geet nämlech weider! P.s. Ech sin geImpft, nött onbedengt aus Iwerzeegung, awer aus dem Wëssen eraus, datt ons Politik keng aaner Léisung huet.
-
Alles-Quatsch10.02.202423 min Voué à l échec well do keng Marge à l erreur viergesinn as. An Ierjendwäi hun däi Verkäiersplaner och nach net matkrit daten emmer mäi Leit schons em 7 Auer ufänken mat schaffen. Folglej misst d Offer schons vierun 7 Auer erop gesaat gin an net ab 7 Auer.
-
Kridelech10.02.2024Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.
-
Fachmann10.02.2024Ech kann nëmmen eng Fro stellen: sinn et net d'Schoulen an d'Crèchen déi d'Haaptursaach fir déi méi schlecht Zuelen sinn, direkt oder indirekt? Eigentlech gëtt et just eng Plaz hei am Land, wou praktesch all Dag Zéngdausenden (!!) vun Leit op enkem Raum zesummekommen: Crèchen, Précoce, Grondschoul, Lycée a schlussendlech Uni!
-
Nei_Hei10.02.2024NEE et wier un der Zäit komplett ëmzedenken. Solar-, Wandenergie an AKW brengt guer näischt wa mir ALL an den industrialiséierte Länner et net fäerdeg brengen op dee ganze Luxus, dee fir esouvill Leit ‘normal’ an anscheinend ‘liewenswichteg’ sinn, ze verzichten ouni déi puer Dozen Multimillionnairen ze vergiessen déi sech duerch ons Dommheet an Ignoranz eng gëlle Nues verdengen wat all Mënsch inklusiv de Politiker egal ze sinn schéint?!?!?! Geld regéiert d’Welt. Geld regéiert d’Politik. Geld mecht awer net méi gescheit!!! An dorun gi mer futti, lues awer secher. Kee wëll et verston. Vive den Egoïsmus.......
-
De_Jonggesell10.02.2024Ass eist land wirklech esou kleng, dass een muss reserveieren, vir eng roueg, gemittlech, schein a relax plaaz ze fannen?
-
Kappressel10.02.2024Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
MELLECHKOU10.02.2024Eng grouss victoire fir den E.Macron 👍 Hien as elo fir d'zweet gewielt gin, seng Viirgänger net. Hien huet 18% méi Stëmme kritt wéi Le Pen. Hie wees wat seng nei Regierung elo bidde muss a wien hien mat an d'Boot juele muss. E smarte Borscht 👍👍
-
Mellechmann10.02.2024an et get net besser:-)
-
Maxximal10.02.2024niedeneischten (2018-08-07 12:04:49) : a British Columbia sin 2017 insgesamt 1,2 Milliounen Hectar verbrannt (just déi Provenz), also 12.000 km2. Kalifornien haat 2017 knapp 5.600 Km2 déi verbrannt sin. Zeg dausend ass fir méch e puer dausend, dann ass de Kyniker jo net sou falsch.
-
EsouAwerNet10.02.2024Dei GRENG wellen perfoce nach e puur Stemmen retten. Si sollen dach e Schlussstrech enert Gambia machen.
-
NONDIKABES10.02.2024Wéi ass et dann mam Gesetz vum 18. März dass all öffentlich Platzen zou / gespart si. Sin do etwa Gemenge an Federatioune déi sech doriwer echsetzen. Da ka jo awer net si.
-
den Trellert10.02.2024Do ass d'Liewen nach méi deier wéi hei an d'Wieder ass och net besser.
-
Knouterer210.02.2024Einfach nëmmen nach traueg wéi blauäugeg Vollek ass. Loossen sech vun alles blenden zumols vun der Politik. Titanic geet eng zweete kéier ënner.
-
Mengmegnung10.02.2024Kann een dann nach op eng Herdenimmunitéit bauen? Ech duecht, mëttlerweil wéisst een, dass d’Immunitéit 2-3 Méint unhält an een dann de Covid awer nees kréien kann?
-
meteomann10.02.2024Aha, also awer näischt anescht maachen? Also näischt aus den Feeler geleiert dei d´Regierung bis op e pur gemeet hun. Witschaft un d´Mauer gefuer mat ären Verbueter an Regelen. Dei eenzeg, dei een gudden Job ofgeliwert haat, wor Madame Lenert. All dei aaner woren lamentabel an deem waat se presenteiert hun, an wei se sech no baussen gewissen haaten. Vun deenen Grengen ass do och nix gescheites op Tapeit komm, ausser sech Verbueter sou ze maan wei et hinnen gefall huet( Siehe Bausch & Co) An elo geet d´Regierung mat der Strenz duercht Land, an verdeelt Suen dei se nett huet, an huet missen leinen goen, dobäi wir et och aneschters gangen. Baustellen hätten guer net missen zou gemeet gin, do wär et mat Maskenpflicht och gangen fir weider ze schaffen. Daat selwescht wir och an deenen klengen Geschäfter, Butteker an Restaurants gangen. Et fonktioneiert jo och elo gudd lo wou dei Regelen angefouert goufen. An der Kriis gouf et nemmen ee Gewener, daat woren dei grouss Supermarchéen, dei niervt Liewensmettel och nach Kleeder, Schung, Gardenartikel Blummen an eletrogeräter verkaaf hun, an dei kleng Betrieber an Geschäfter hu missen zou bleiwen. An während der Kriis hun dei grouss Liewensmettengeschäfter nach Präisser geheckt! Also wei gesoot Här Bettel, näischt anescht maan? Ma dann hudd dir aus ären Feeler nix geleiert. Är Pei wor och an der Kriisenzäit garanteiert, dei vun villen Independaten an kleng Patroen nett. An desem Senn: Vive den klengen Geschäftmann /Fra, Independanten an all dei dei an der Kriss massiv gelidden hun, oder guer net rem op maan.
-
KriteschKritik10.02.2024Waat hei geschitt ass, ass fuerchtbar. Keen Thema. Mee ären ganzen Kommentar, verstin ech fir des Dot net. Wann daat rassistesch Morde waren, firwaat huet hien dann seng Mamm erschoss? Kennt dir mir daat vielleicht erklären?
-
Eieiei10.02.2024Ech verstin nët wat verschiden Leit mat der Mme Lenert hun ! Hire bilan ass en Fiasko !
-
Nei_Hei10.02.2024Wohltaten verdeelen ,awer net woessen wie se finanzeiert ginn! .Wie wieret mat engem Congé parental plus plus als Belounung vir dei,die de Congé parental plus huelen ?
-
Minettsdap10.02.2024LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
tetrapack10.02.2024Mee mir Lëtzebuerger sin rem méi helleg wéi dée vun Roum!!!! Ganz Europa lackert bestemmungen vir Futtballstadien bis 60% ze fëllen just mir bleiwen bei 20 % !! Immens....👏👏👏
-
Nickla10.02.2024Mech iwerfuerdert daat, awer ech géif hei gären ën Opruf maachen dozou, eng Corona a.s.b.l. (Letzebuerg, oder International) ze crééierën an där Spende kënne gesammelt gin fir all Menschen a Nout kurzfristeg an onbürokratesch Hellef zoukommen ze loossen. Ech bedeele mech awer gäre mat engem Don. Vir deen Zweck bidden ich RTL un meng Mailadress un esou eng Associatioun weider ze leeden, soubaal se gegrënd ass. Merci am Viraus
-
guy110.02.2024Ohhh wie ist das schöön 💙⚒
-
geftzwersch10.02.2024Firwat soll da grad ëlo dee Virus von engem Déier op de Meensch iwwerdroë gi sënn? KOmisch...
-
Waat_dann10.02.2024Et gëtt een dat Gefill net lass dass déi Juristen an deenen jeweilegen Ministèren entweder déi konfus Ideen vun hiren Chefen (Ministeren) mussen op d'Blad setzen an do keen décken Choix hunn, oder hinnen hir jeweileg Universitéiten hunn et net esou richteg bruecht. Héiert sech elo vläit haart un, mee deen neien Check durabilité deen virum engem Mount ageféiert gouf (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2061151.html) war eigentlech geduecht dass et net zu esou enger penibler Nummer sollt kommen 🤷
-
EsouAwerNet10.02.2024Dat erenert un déi schéinZäiten, wou nach villes net sou komplizéiert war…
-
luxusbuerger10.02.2024Un d' CGFP... Setzt ierch och mol an fir dei ongerecht CO2 Steier oofzeschaafen an, nach eng Ongerechtechkeet, eroofsetzen vun der Mammerent nees op 60 Joer☝️☝️☝️
-
knadderpit10.02.2024Muss daat dann elo sinn, nodeems de Fluchsektor bis op länger Zait keng wiirklech „nei“ Bunn brauch. Bis op weideres kinnt deen Belaag an dei Suen daat et kascht op Eis geluecht gin, bis den Findel op seng aal Kapaziteit könnt.
-
NONDIKABES10.02.2024et as jo alles schéin an gut,mee die 2 Km Stroos vun Brouch op Saeul,as méi schmuel wie die Beschautobun. Et kommen mol keng zwee Kamionen lanstenee.
-
Trump197810.02.2024Sin et dër net 500 wou sollen ofgebaut gin duerch Outsourcing vun dem Versand??
-
haldechkleng10.02.2024Et ass schon e komesche Krich. Politiker fleien op Kiew an op aaner Platzen. Geflüchte Leit ginn mol einfach esou zereck hier Famill besichen . Ganz komesch.
-
Duke_of_Lux10.02.2024Menger Meenung no wëllen d'Regierungsparteien kee Referendum. Fir lo drop ze waarden, dat 25.000 Leit op Gemeng trëppelen fir do fir e Referendum ze ënnerschreiwen, ass e Witz, wou et dach an hiirem Wahlprogramm stoung. Menger Meenung gin se dovun aus , dat dėi net zesummenkommen.Dann hun se domat eng excuse firwaat kee Referendum ass. Egal waat, crėdibel ass eis Regierung net mėi, fannen ech.
-
KengduebelMandater10.02.2024"Velospist" a.k.a. "reegelfraien Raum, wou meng Kanner, main Hond an ech eis un guer naicht brauchen ze haalen" a.k.a. "Bauerewee, wou mir ob d'Sabbel duerfe goen, well decke Bulli an verluerent Stréih nëmmen hallëf sou wëll sin". Dann awer léiwer ob der "Strooss" alias "Privateegentum vum Autofuerer, an jiddereen deen e bessi mi lues ennerwee ass gët bedrängt, gequetscht an verflucht"
-
Nei_Hei10.02.2024Super, mir kennen no der Coronakrise schon all méi deif an d’Täsch gräifen an dann leet den Mouveco och nach eng drop datt et dem Portemonnaie nach méi wéi wäerd doen. Et sinn jo emmer dei Kleng wou duerfen blechen an nie déi Deck
-
Majo_secher_dat10.02.2024Ech mengen do huet vill Neid geschwat de moien, ech géif mol gär wessen wéi eng CSV oder ADR des Pandemie gemeeschtert hätt, gleewen net dass et besser wär,an et war keen den méi haut gejaut huet am Lockdown wéi d'CSV fir dass rem alles soll opgoen,et as immens einfach alles nemmen ze kritiséieren an géint alles ze stëmmen....
-
Mellechmann10.02.2024alles errennert mech un 30er joeren
-
Matbierger10.02.2024De Lëtzebuerger Code de la Route ass dem Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère kloer genuch. Hahaha.... Mol Uerdnung an den CdlR brëngen, da versteet den normale Bierger en och. An, wann se sech alleguerten am Verkéier behuelen a géigesäiteg respektéieren, da geet et och gudd.
-
Enn_Letzebuerger10.02.2024All Deputeiert deen dat Gestz do stemmt geheiert selwer interneiert oder nach besser op den Mound geschoss ze gin
-
Maxximal10.02.2024Jo daat wuare nach Zäiten, ka mech nach dorun erenneren all Weekend wann op wuar dohin. Sie diskutéieren jo schons rem seit laangem fier sou eppes rem zu Esch ze maachen, awer daat wärd ech nët méi erliewen.
-
den Trellert10.02.2024An eben weinst de Nodeeler fir dei grouss Parteien wert an deem Dossier hei alles beim Aalen bleiwen.
-
meteomann10.02.2024Gousdeldéng-Miersch? Serieux? Ma hu mer se na all?? 10m niervendrun geht eng Velospist!!!! Jo se mecht e Schlenker vun 100m, mee dat dierft dene Sportliche Leit jo näischt ausmaachen!!! Souwisou missten all déi Velosfuerer, déi do net vun der Velospist profitéieren, een décke Protokoll kréie, well an dem dote Fall ass et eng Zoumuddung iwwert Stroos ze fueren. Se ass well net breet .... Dabei kennt, well mer jo sou Gring sen, datt do oft em Emwee mam Auto muss gemeet gin. An nee, klemmt ee net op den Zuch em well am August ass jo weltbekannt, datten do vill Chantercher op den Zuchlinne sen, also gin alt rem déi normal leit emerdéiert, déi an den doten Zäite schaffen... Wat hun déi Gring sou u sech, datten sei momentan Narrenfräiheet hun, an ewer o keen, ewee wierklech keen (op Regierung oder Oppositioun) do dergéint hällt.... (jo eng parlamentaresch Ufro wou duerno souwisou näischt méi nokënnt, dofunner huet o keen eppes)
-
Duke_of_Lux10.02.2024Uff gerett. Ee Gléck datt mer an der EU sin. Mir chauféieren awer justement fir de Loisir a Fronkraich, mir machen éis Einkäufe doch lieber héi zu Laxemböörg. Essen werden wir natierlech och an lëtzebuerger Ristoranteee tun. Iwwregens ... wann een héi am Land iessen an akafen gewt ennerstetzt een d‘lëtzebuerger Betriber, z.B. d‘Patronen an och Léit aus der Beldch, Daitschland a Frankraich, nämlech d‘Personal. Also ennerstëtzt een se all.
-
Maxximal10.02.2024Alles vill an zevill schnell lass gaagen De schoss no hannen waert wéi dohen ! Schued
-
Tata-Sidoni10.02.2024Ech huelen un dass dat awer nach net fir haut oder muer ass ,domat ged sech emol nach gud Zäit geloos.et as schons traureg wann een kukkt wat et haut kascht wann en an enger 1.Klass leit .Froen mech firwat en Dr.Recht huet do esou vill méih ze froen et ged keen do mat göllenen Händschen ugepaakt. Waat CP ugeed ,do glewen ech net drun ,et wöllt ken Minister sech dorunner Fanger verbrennen .Et deet jo kéngem Minister wéih ,well de Patient jo den CP aus sénger Täsch muss bezuelen.
-
De_Jonggesell10.02.2024All Respekt fir déi intressant Sendung!👍🏻👍🏻👍🏻 Do héiert een och ganz klor eraus, datt vill Problemer lang bekannt sin, awer wéi ëmmer, op deenen falschen Platzen gespuert gëtt! Och d’Zukunft vun eisen Kanner an Jugëndlechen, gesäit ganz schlecht an traurëg aus, an du freess dech wirklech, op déi eng Hand an eiser Regierung weess, waat déi Aner mecht! Ech bezweifelen daat ganz stark...!!!!!😡😢
-
nizefridden10.02.2024wart emol of wann meer alleguer mussen mee deef an tesch greifen wann steieren mi heesch gin mee krankenkees an mee kommunaltaxen mussen bezuelen an den staatsbeamten hier paien ant luet ginn🇱🇺
-
DePefferkaerchen10.02.2024Nujee, dass den Artikel an der Zeitung sech muss op Lux-Privat bezéien, déi sech als eenzeg géifen trauen eppes ze schreiwen, schwätzt elo nët fir d'Substanz vun deem Artikel. Ben il n'y pas de fumée sans feu.
-
Die_Wahrheit10.02.2024Ganz interessant d'Ausfeierungen iwwert Sartre a Nietzsche. Ech mengen domadder kennen hautesdags emmer mei Leit appes ufaenken amplaz vun bibleschen Maerercher. "La vie n'a pas de sens, a priori. Avant que vous ne viviez, la vie, elle, n'est rien, mais c'est à vous de lui donner un sens, et la valeur n'est pas autre chose que ce sens que vous choisissez." (Jean-Paul Sartre - L'existentialisme est un humanisme)
-
Josy_Barthel10.02.2024Nächst Joer brauch ee just 2 Abo´en, 1 bei Amazon an 1 bei DAZN. De Sky vun der Post ass souwisou horrent déier.
-
gestressten10.02.2024Sait GAMBIA, sin déi NORMAL Beamten fazeg gehait mat daer Veteernwirtschaft! Dat huet sech d'CSV mol net erlabt. De Problem ass och nach deen dass sech net un geltend Regelen gehale gett. Do grenze verschidde Faell no un eng Korruptioun! Vun Transparenz guer net ze schwaetzen ........
-
de-ben10.02.2024Lecheg ass et schon wann entreprisen dei quasi just fir dei öffentlech Hand schaffen, also vun eise Steieren finanzeiert gin sief dat direkt oder duerch Subventionneierung mat entscheden wellen den Bierger nach mei ze besteieren Ech geheiren zwar net zu den Grossgrundbesetzer an den Steieremgeher ging et gerecht fannen wann Patronat ging korrekt besteiert gin an wann den Staat an Mehrwert hing investeirren am plaz an Knascht an Willkür An der Brd kann Patronat hier Restaurant Käschten net esou einfach oofsetzen an do get mei kontrolleiert vir ze vermeiden dass do d Frendin Weekenendvilla asw net mat oofgesat gin Eng gudd economesch Gestioun verlangt dass den Staat sn mehrwert an mat Reckgrat investeiert an dem Privaten Bereich den Recht ouni Subventiounrn (eis Steieren) iwwerleisst ech recommandeieren Wohlstand für alle ze liesen Dei Matbiergerdei an Land investeiert hun oft duerch joerelang erschafften Gelder sollen net zu gonschten vun denen benodelegt gin dei net vill fouteiren
-
haldechkleng10.02.2024Kuerzfristeg di richteg Léisung.
-
de-ben10.02.2024Chapeau un den DAR-Facebook Grupp, déi eng wichtëg Aarbecht fir eis Demokratie machen. Si sollten vun eisem Premier eng Auszeechnung kreien, mir mussen eis Werter schützen. Merci DAR
-
jangmetti10.02.2024Et ass jo och vill méi liicht, sech bei RTL o.ä. an den douzou gehéirende Commentairen ze informéieren.
-
Komplet_Wurscht10.02.2024Richteg. Mir brauchen weder Greenpeace nach de Mouvement Ecologique. Firt escht de Corona bekämpfen an dann villeicht eis mat deenen hieren Topeschkeeten beschäftigen.
-
KengduebelMandater10.02.2024"D'Leit solle kënnen decidéieren, wie se op Regierungsniveau dirigéiert" Wat soll da vill Gescheites dobäi rauskommen? Déi verhaaste Gréng wäre mol direkt net méi dobäi, well d'Emwelt as de meeschte Landsleit keen Cent wert, Haaptsaach de Benzin gëtt méi bëlleg, d'Landwirtschaft kritt keng Oplage méi wéinst der Waasserqualitéit an dem Déierewuel, Bëscher gi rem rentabel fir d'Holzwirtschaft, asw. asf. Onbegrenzte Wirtschaftswuesstem a Konsumwahn bis zum Kollaps. Dann hu mer et net anescht verdingt.
-
Virwatnet10.02.2024Leider as et Realiteit zu Letzebuerg daß vill Fraen oder och jonk Meedercher belästegt gin.Et missten vill mei Policekontrollen doremmer sin,och op bekannte Platzen am Land.Mee et get gespuert an vill Personal offgebaut.Freier goufen et op villen Dierfer nach eng Gendarmerie.As haut net mei den Fall.Op Arbescht oder um Schoulwee oder sos unzwesch erausgoen as fir keng Fra einfach.Pefferspray as verbueden an der Täsch ze hun.An wei soll een sech do wieren können bei Belästegungen oder och Gewalt?Virun engem Stalker as een och guer net geschützt.Et gelt mol emdenken bei eisen Politiker an eist Land mei secher ze machen an Gesetzer mei streng ze machen.Opfer vun Belästegungen an Gewalt sollen mei geschützt gin an och mei Policekontrollen iwer Land gemacht gin.Mee dat kascht den Staat zevil Geld.Et muss gespuert gin op den Kapp vun den Bierger awer Onsecherheeten bleiwen bestoen op am Dag oder owes as een als Fra nie geschützt.
-
Donald Duck10.02.2024Ech waar eemol mamm Vtt op enger Randonnée do konnt ech frou gewiecht sinn den Helm ze hunn! Mega am Besch geflattert. Laut Doc am Spidol wär ech bestemmt net esou gudd ewech komm ouni Helm.
-
Misanthrop10.02.2024Als Buergermeeschter vun senger Staat ofgewielt, dann Minister!!! Wann en Kompetenz schon net huet fir eng 3000 Awunnerstaat ze geréieren, wéi soll en dann esou en Ministär géréieren? Net vergiessen, den Här ass ni als Minister gewielt ginn, hien ass nogeréckelt no all de Skandaler an der grénger Partei... Hoffentlech ännert dat sëch elo am Hierscht...
-
kloreMenscheverstand10.02.2024widderhuellen mech, mee fir villes sin Suen do. Wahlgeschenker an Form vun villes Gratis. Eisen Staat geheit Suen mat der Schepp raus, well se net färdeg brengen, mei einfach, an mei belleg Invester ze maachen. Muss een net protzen a klotzen. An dorfir, fuert der weider, dei kleng Leit, an kleng Betrieber Steierlech stark ze belaschten, an dei "deck" Kennen weiderhinn, quasi keng bezuellen, am verglach zu hiren Einahmen, well se alles kennen emgoen, wat dei normal net kennen. Ass et richteg Mme Back, dei eng permanent bei Lisette ze lossen, an dei aner kennen sech een decken seenen?
-
den_hexemeeschter10.02.2024Wat hannerte 4 Wänn geschwat gin as wess ech net. Dat war elo Öffentlech gesout gouf ......glewen ech och net. Politiker sotten wirun e puer joer, As besser das Volek net diew alles wessen, well sooss ........
-
HeiMengMeenung10.02.2024Dat ass Desinformatioun wéi se am Buch steet. No deem Appell sollt ee vun de Nobelpräisträger, de Wolfgang Pauli zum Beispill sinn, dee sech zu deem Thema geäussert hätt. Der Nobelpreisträger Wolfgang Pauli sagte sinngemäß: „Diese Theorien sind nicht mal falsch, sie sind wertlos.“ De gudde Wolgang Pauli hat tatsächlech 1945 de Physik-Nobelpräis kritt. An en ass 1958 zu Zürich gestuerwen. Wéi heeschen dann elo déi aner 73 Nobelpräisgewënner? Da kéint ee kucken ob op d'mannst déi iwwerhaapt nach liewen.
-
Eieiei10.02.2024Dat do ass a sech net richteg!!!! Fir richteg misst iwerall dee selwechten daag gewielt gin!!!!! Prognosen dierften och na keng rauskommen!!!! Dat da ass just beaflossung, sief et an déi eng oder an déi aner richtung!!!!
-
de_Feierbop10.02.2024Ma brauchen een trikot! Den online shop ass eidel!!! Daat ass honteux!