FOTOEN - Mega-Stëmmung
Helfenter Brécker Salemtreff
Der Deeg war zu Helfenter Bréck rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Knadderhary31.01.2024den Index wärd jo net 6 Meint verreckelt gin, wann en bedenkt waat daat rem Steiergelder kascht.
-
Maulwuerf31.01.2024Eng gudd Iddie dat do! An mäin Slogan wiér! "Eng gesond Balance" oder wann dat zevill franséisch klëng, "En gesond Gläichgewiicht", well dat ass verluer gangen an geet ëmmer méi verluer tëscht der Gesellschaft, der Politik, der Wirtschaft, den Finanzen, an der Welt insgesamt an et freet oder et soll een sëch froen firwat eigentlëch. Dat géing och besser klëngen wéi en "Mär" wou keen ass oder wou een sëch freet, sin mär dann och domader gemengt oder den "Zesummen" oder den "Zesummenhalt" den zerstéiert gouf, an denen leschten Joeren zemols an d'Solidaritéit ze wënschen iwrëg léist oder "är Stëmm", déi bal ni gehéiert oder respektéiert gëtt, an een sëch och freet hun mär iwerhaapt eng oder wann mär nach eng hun, wéi lang dann nach, bon, engagéiert klëngt nawell schon net schlecht, dofir gouf Verännerung jo awer schon sou oft versprach an net gehalen, mee wat guer net geet dat ass wann een seet et hät een alles gemaach an och nach gudd, dat steet zwar net esou do, mee esou ass et jo awer gemengt. An d'Gerechtëgkeet déi huet wuel keen sëch méi getraut als Slogan ze huelen, hëchstwahrscheinlëch well et déi net méi gëtt oder well keen sëch domader méi wëll d'Fangeren verbrennen oder si hun se vergiéss oder si denken un den Martin Schulz, dem déi sozial Gerechtëgkeet zum Verhängnis gouf ier hién se iwerhaapt konnt ëmsetzen, den Armen. Pardon, dach, si taucht an den Programmer op, mee just si ass méi kleng geschriwen. Wat soll een och fir eppes kämpfen wou een souwisou wees dass sëch näischt wärd äneren un der sozialer Gerechtëgkeet. Mee just dann froen ëch mëch wat soll den "Mär" den "Zesummen" den "Zesummenhalt" déi Stëmm, "är Stëmm", déi net unerkannt gëtt an wou een um Enn sëch "seet", wat hun déi dann "GEMAACH"! Fir eis! Op déi richtëg "Verännerung", kënnen "Mär" all "Zesummen" wuel nach lang warden, well egal wéi si sëch "Engagéieren" fir "Är Stëmm" an den "Zesummenhalt", wärd et och an Zukunft alles anescht wéi gudd ausgesin, egal wat si dann um Enn "Gemaach" hun! Awer wéi gesot warden "Mär" emol of an wat si eis alles nach esou verspriéchen. Mol kucken bis den 14ten ass et jo nach, mee sou richtëg Loscht an Freed kënnt do net op an am Vergläich zu denen leschten Wa(h)len ass jo schon souzesoen, Windstille.
-
Trulla31.01.2024De Premier as déi käscht Méint vill ze vill geschount gin gin ! Wou wsr hien iwer de Summer .... an Vakanz ?
-
Waat_dann31.01.2024Eng einfsch Method fir Minister zeginn, ass net op enger Lescht zestoen an dann als Quereinsteiger ministesch Platz zebesetzen.
-
luxusbuerger31.01.2024Bravo Marianne Vos. Oje oje, banne kuerzer Zäit zwou uerg Chutten. Dem Christine Majerus nëmmen dat Bescht, vill Kraaft a bonne chance 🍀🍀 Take care of you!!!!!
-
Kritiker31.01.2024Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!
-
Letzebauer31.01.2024Den Macron huet him jo gewisen wéi dat geet, vum selwen wier hien net drop kom 😋😋
-
den_Kneckert31.01.2024Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.