FOTOEN - Vill lass
Uerschterhaffer Fleeschfest
Der Deeg war zu Uerschterhaff rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Kritiker12.01.2024Dir schreiwt d'Madame geif e grousse Bagage matbrengen, awer kee Wuert iwert dei sellegen Kasserollen wou sie matschleeft. Dass sie laang Affekotin an Dingschten vun Monsanto war an och nach duerno et emmer erem färdeg bruecht huet denen hir Interessen hei an Europa duerchzedrecken. Als Präsidentin vum FMI huet sie an enger Ried gesoot sie geif sech freen wann et der Welt schlecht geet well dann geif et dem FMI gut goen. Dass esou eng Persoun nach emmer op heigen Plaazen dierf ageieren ass onverständlech...
-
Duke_of_Lux12.01.2024Wéi lang brauch eis Bevölkerung nach de Beweis dass Kapitalismus ee kranke System ass deen total bei der sozial gerechter Verdeelung vum Geschäfter en Reichtum versoot. Lo geet de Finanzminister rëm bei d’Steierzueler, Aarbechter an TVA Kotisanten Souen sichen fier krank Betrieber an engem kranken Kapitlismus ze ënnerstëtzen. Si kee Frënd vun der CSV, mee wann ech daat kucken waat déi biergerlech 31/29 Koalitioun opféiert, vermëssen ech déi gudd aal chrëschtlech sozial Wirtschaftsléier. War nët an allem optimal, mee d’Schéier tëscht Armut a reich war manner exponantiell wéi seit mer Bëttel 2 hun !
-
Letzpower12.01.2024...di pertinent Fro ob de Coureur duerch e Problem mam Häerz (arrêt cardiaque ?) an d'Suiten dovun gefall ass, oder op deen duerch d'Chute villäicht ausgeléist ginn ass, dat wäerte wuel nëmmen d'Medeziner kënnen erausfannen ! Egal wéi ass et dramatesch dass an der läscht eng Partie Fäll bekannt goufen, wou Leeschtungssportler esou eng dramatesch Situatioun erlieft hunn. De "suivi médical" vun Héichleeschtungssportler misst villäicht nach méi pousséiert ginn ....mais och am Liewen all Dag stierwen Léit un Häerzversoen, dat ass dramatesch, däerf een duerfir déi Fäll am Sport awer net iwwerbewäerten....oder vireileg falsch Konklusiounen zéien ! Et wäert wuel e Schock sinn vir all Cyclisten déi gëschter bei der schwéierer an immens intensiver Course mat derbäi waren....mäi Bäileed un d'Famill a Frënn vum verstuerwenen Sportler !
-
KNOUTERBATTI12.01.2024De Jong ass gudd,mee un eis Joerhonnert Talenten Gebridder Schleck kennt en leider nett run!☝️ Bon,um Gringen Dësch den TDF ze gewannen ass sou eng Saach!! Wann den AS e bessen méi diziplinn gehaat hätt, wier en epuermol TDF Gewënner gin!😊
-
Alles-Quatsch12.01.2024Virun e puer Joer hunn d'Parteien iwwert déi Duebelmandater diskutéiert asou weider, a wat ass geschitt? Guer näicht. Dee ganze Walsysteem misst iwwerduecht ginn. Ech wielen keen bei de Gemengewalen, wou ech schons am viraus wees datt déi Persoun och bei de Chamberswalen dobäi ass.
-
tetrapack12.01.2024Et kinnt een d'Problematik och ëmkéieren: Dacks, awer Gott sei Dank net ëmmer, sin d'Patienten Affer vu verbaler Gewalt an de Spideeler. Zumols wann d'Patienten d'Sprooch vum Fleegepersonsal net richteg verstinn an ëmgedréint. Et kënnt vir dass d'Personal d'Patienten, zumol wann se schonn e gewëssen Alter erreecht hunn, net méi vir voll huelen a sie behandelen wéi wann se dement wieren. Ech weess vu wat ech schwätzen, gleeft mir et.
-
Letzebuerger_Patriot12.01.2024Mir war seelen eng CL esou egal wéi elo. Ech kann keng vun deenen leschten 4 gesinn.
-
Kritiker12.01.2024Mech wonnert guer naïscht méi.
-
Waat_een_Kaabes12.01.2024Geeschter esou,haut esou wen soll aerch iwerhaapt naach eppes glewen