FOTOEN - Mega-Stëmmung
Lennenger Sauerampelszoossfoire
Photo: r heim
Hënt war zu Lenneng rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
DirtyHarry18.12.2023Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.
-
kartoffel18.12.2023Eis Gréng hunn den Moment een Opmierksamkeetsdefizit, dofir schéissen se lo bëssen séier 😜😜
-
fillt-iech-emol18.12.2023Deutschland huet 3355 Fäll pro 1.000000 Awuner Stand 25.09 gedehlt durch 10 ----335 pro 100.000 also Grenz zu Luxembourg zou ferdech och ander Belch an an Frankräich ass ett nett besser Grenz zou schluss.Sou an elo gieff ech emol gär gesinn wien an den Spideller an an den Grand-Surfassen Arbecht mecht....durfir lossen mir jo Grenzen ob an wann se der 10.000 op 100.000 hun.....
-
KNOUTERBATTI18.12.2023Mme Cahen hätt schon missten als Ministesch oftrieden. Huet se net. Elo well se och nach Buergermeschter gin. Ass bekannt ob se en plus mat an Chamberwahlen geet? Nee. Et kéint also een Duebbelmandat gin. Si verdeelen Posten schon enner sech wéi wann et just eng Formalitéit wir, den Wieler geséit daat. Mme Polfer ass baal 70, just Muecht, Geld an Politik ganz Liewen! Et soll een och emol seng lescht Joeren genéissen, et wees een net wéi lang een nach do ass.
-
meteomann18.12.2023Daat ass wuel richteg a wichteg fir eis d'Land. Déi gudd Kichen muß gepusht ginn. Malbouffe muss verschwannen an d'Elteren mussen sech vill Zäit huelen fir hir Kanner richteg a gesond ze "'fidderen".
-
Wuermdran18.12.2023Ech hun 2 Geräter (Preis 180€/St) an 2 Reim mat ënerschiddlicher Ënergrondisoléierung intalléiert. Sin e Nordmann mat öminösem Schiefferbuedem, also do wou d‘Chancen op héich Radonkonzentratiounen ze erwarde sin. De Raum mat 40 cm Styrodur Grondisoléierung + Beton huet just ronn 1/5 Radon zu einfach Betonsdall mat lichter Grondisoléierung. Dat mëcht also schon vill aus. Wat och hëlleft bei méi héiger Konzentratioun as regelméissig Stosslüften. Ech hat awer nach nie méi wie 250 Bq/m3 am Haus. Meeschtens em die 100 oder manner. Mech hat einfach interesséiert wéi di Werter sinn, well ech gär mat sou Dommheeten rondrem experimentéieren. Ob een et muss hun soll jidfereen selwer décidéieren. Och wann ech mir keen dëcke Kapp virdrun gemeet hun, sin ech trotzdem berouicht, dass d‘Werter sech an akzeptablem Rahmen beweegen 👍🏻