FOTOEN - Vill lass
Eeschwëllerer Äerdbierslikörmaart
Hënt war zu Eeschwëller rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
NONDIKABES22.11.2023Eise Staat scheng nach emmer bzw. emmer méi ze vill Geld duerch de Steierzueler eran ze kréien, soss ging guer net iwer esou Proposen no geduecht gin, déi wann iwerhaapt enger ganz klenger Minoritéit eppes brengen.
-
de-ben22.11.2023De Laurent schengt lues a lues Fouss ze faasen um « Standard » !👍🏻☺️
-
de_Fern22.11.2023Ech verstin net, wéi et méiglech ass, dass eng Persoun, déi, menges Wëssen, nie politik gemaach huet, ebeemol an engem Europaparlament setzt? Jo, sie ass gewielt gin, mee ech sin der Meenung, dass daat net gudd an net richdeg ass. An fir sech dann esou zebehuelen ass net tragbar.
-
Gaardebounen22.11.2023Dass e puer vun deene villen Shopping Centeren net ginn, wonnert mech guer net. Zu Lëtzebuerg brauche mir guer net esou vill Shopplngcenteren an mat Homeoffice ginn nach vill manner Leit z.B. op d'Cloche d'Or. De 'normale' Lëtzebuerger geet souwisou am léifsten an d'Belle Etoile oder an d'Concorde. Dat ass bal wéi een Ausflug wou e sëcher ass Kënneger ze treffen a bei engem Kaffi poteren ze kënnen. Bei deene neien Adresse, Belval, Cloche d'Or oder vàv vun der Philharmonie hunn sech e puer Investisseuren a Geschäftsleit ferem verspekuléiert.
-
Knadderhary22.11.2023Dat doten ass jo e placement vun Steiersuen, mech géif interesséieren wievill Prozent Rendement do am business plang ugeholl goufen. Dat matzedéelen gehéiert zur Transparenz.
-
WaatSaachen22.11.2023Schlemm, mais en sozialistische Gesondheetsminister schafft jo fir déi kleng Leit! Oder hun ech do eppes falsch verstaanen? 😉😉😉😉
-
Populiste22.11.2023Wann ech commentairen hei op RTL iwert all Berichter vun Corona liesen, muss ech feststellen dass emmer mei Leit mat eiser Regierung oder mat den mesuren net mei aferstaan sin. Zurecht mengen ech. Schwetzt dann e vun der CSV, da get schon geint deen gefacht ier en eppes gesoot huet. Meng Fro as elo Mee wien hätt dier gär an der Regierung? Gambia net, CSV net. Ween dann?Piraten an ADR? Ma bonne chance dann
-
Knadderhary22.11.2023Emmer den konträir man wat politik sét dann läit én jo bal emmer richteg.....ech hun mer lo en aalen diesel kaaft,déi kritt én lo belleg,virun puer jo soten se kaaft diesel,dunn war en rem neicht méi an als nängst as en erem besser wéi bensinner..... an epuer jo wann vill leit sou en elektroverseucher fueren zielen se eis daat as och neicht
-
gunman22.11.2023Op en neits war den Haer Goerens deenen aneren alleguer iwerléen..... Ouni ronderem den Braie ze schwetzen op all Froo eng klaar an deitlech Aentwert , sou soll et sin!!! Gesin Setzer sou , DP an dei Greng allkeier 2 Setz LSAP 1 Setz ADR oder Piraten vleicht CSV deen leschten Setz!!!